Natur[musée]geschichten op RTL Radio: En eegenen Herbier iwwer de Summer uleeën (7/7/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Nëmmen nach e puer Deeg, ier d’Summervakanz ugeet an do stellt sech natierlech d’Fro fir all Jonken oder Eltere mat Jonken, déi et ze beschäftege gëllt: Wat man, wann een net direkt an d’Vakanz op d’Plage oder an d’Bierger fiert. An do trëfft et sech, datt mir dës Woch nach eng lescht Natur[musée]geschicht kënne presentéieren, an där mir virun allem de jonken Zoulauschterer een Tipp kënne ginn, wéi ee sech d’Vakanz eventuell verkierze kéint. Wéi kritt een dann elo am beschten hin?

Majo doduerch, datt mir elo mol hoffentlech endlech e richtege Summer kréien mat engem Wieder, dat Loscht mécht raus an d’Natur ze goen. Am Eecht, de Summer ass natierlech schonns do. A mir invitéieren, einfach jidfereen, Grouss oder Kleng, sech mol eng Kéier mat dëser ganzer summerlecher Planzendiversitéit ze beschäftegen a sech selwer doheem en Herbier unzeleeën.

En Herbier? Dat verlaangt awer mol no e puer Wierder Erklärung.

Majo en Herbier oder Herbarium ass eng Sammlung vu gedréchenten a gepresste Planzen, a fir Wëssenschaftler an engem Naturhistoresche Musée wéi onsem ass et en onverzichtbaart Aarbechtsinstrument fir Ënnersichungen op Gebidder wéi der Planzesystematik, also der geneeër Beschreiwung a Klassifikatioun vun de Planzen. Schonns virun ongeféier 300 Joer huet de grousse Linné, also de Begrënner vun der heiteger wëssenschaftlecher Nomenklatur gesot, datt en Herbarium méi wichteg wier wéi déi beschte gezeechent Biller vun enger Planz. An dat gëllt esouguer haut nach am Zäitalter vun der elektronescher Imaginerie.

Herbarien ginn och an der Geobotanik agesat. D’Geobotanik ass d’Fach dat d’Virkommen an déi raimlech Verbreedung, mä och d’Verännerungen vun de Planze an der Zäit erfaasst, beschreift an erkläert. Mä och an der Erfuerschung vun der Biodiversitéit spillen Herbarien haut eng ëmmer gréisser Roll.

A wéi ass et mam Herbier vum ‘natur musée’?

D’Ufangsbestänn vun onsem Herbarium ginn bis an déi éischt Jorzéngte vum 19. Jorhonnert zréck. Et sinn dëst d’privat Sammlungen vun méi a manner bekannte Leit gewiecht wéi z. B. de Jean-Pierre Koltz, deen och dem hollännesche Kinnek a lëtzebuergesche Grand-Duc Wëllem III en Herbier zesumme gesat huet, deen iwregens de Grand-Duc Jean op enger Staatsvisite an Holland zréckrestituéiert krut an deen haut bei ons conservéiert gëtt. No der Grënnung vun der Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg am Joer 1872, a wéinst regelméisseg duerchgefouerten Exkursiounen ass den Herbier séier gewuess. Haut zielt den Herbier vum Musée ongeféier 45.000 Beleger, déi ons wéi gesot e Bild vun der Flora hei ze Lëtzebuerg iwwer d’Zäit vermëttelen.

This slideshow requires JavaScript.

Mä natierlech ka jidfereen sech esou en Herbarium uleeën a sech esou besser mat onser Botanik vertraut maachen. ‘t ass elo dat, wat de Science Club fir Jonker proposéiert. Wat muss een dann do esou alles betruechten, wann ee sech esou en Herbier uleet?

Déi gesammelt Planze sollte fir d’éischt eemol komplett a vu gudder Qualitéit sinn. Bei gréisser Planze sollten all Planzendeeler wéi Bléi/Fruucht/Stängel, Blatt, Spross präsent sinn. An ëmmer drop oppassen, datt een nëmme Planze wielt, déi gutt erhale sinn. An d’Planzen nëmme lues a virsiichteg mat enger Schéier ofschneiden, ni aus dem Buedem rappen, wëll soss ka se net méi nowuessen. A ganz wichteg: Ni eng geschützte Planze wéi zum Beispill Orchideeë plécken. Dat ass streng verbueden.

Déi eenzel Planze kann een dann an eng Schmiirrentut oder an eng Béchs stiechen. Richteg Botaniker benotzen iwregens duerfir eng sougenannte Botaniséiertrommel. An onsem Fall kann een duerfir och eng ronn Chipsdous benotzen, well d’Planzendeeler hei manner séier zerquetscht ginn.

An e gudde Botaniker huet ëmmer e Stëft an e klenge Block dobäi, wou e sech opschreift, wou a wat e fir eng Planz fonnt huet. Doheem ginn d’Planze da gepresst, fir datt se net wieleg oder beschiedegt ginn. Dëse Virgang brauch ongeféier 14 Deeg. Mä och dann opgepasst: Gedréchent Planze si ganz empfindlech.

Déi gedréchent Planz gëtt da ganz virsiichteg op e Blat gedréckt an hei mat engem Stéck Scotch festgepecht. An d’Dokumentatioun wier natierlech net komplett, wann net och nach den Numm vun der Planz, den Numm vun deem, dee se fonnt huet, Datum a Plaz vun der Trouvaille géifen dropkommen.

Da vläicht nach e puer Wierder zum Science Club. Dee bitt jo Aktivitéite fir Jonker un?

De Science Club organiséiert Aktivitéiten rondrëm d’Wëssenschafte fir Jonker tëscht 11 an 18 Joer, fir hinnen en éischten Abléck hei kënnen ze ginn. Dozou gehéieren zum Beispill och Visitë vu Laboen. Onser Summerprogramm ass elo grad erauskomm. D’Aktivitéit mam Herbarium ass elo den 2. August. Mellt Iech einfach um www.science-club.lu un. Mir freeën ons op all neie Member.

Natur[musée]geschichten, News @lu |