Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Fuerscher-Millionären aus dem ‘natur musée’ (9/6/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

De Biodiversitéitsweekend, deen den ‘natur musée’ all zwee Joer organiséiert, steet virun der Dier. Déi mëttlerweil 9. Editioun fënnt dann dëst Joer an der Gemeng Jonglënster statt. A rondrëm d’Biodiversitéit an hir Erfuerschung zu Lëtzebuerg ginn et bestëmmt vill a flott Geschichten z’erzielen … a mat Sécherheet och eng Natur[musée]geschicht.

Ass et gewousst, datt d’Fuerscher, déi sech mat der Bio- a Geodiversitéit am Musée beschäftegen, eigentlech alleguerte Millionäre sinn?

Oh… Nee, esou kloer ass dat wuel kengem bewosst. Eng Dramplaz also? A wéi enger Währung gëtt dann hei bezuelt?

Foto Collectoins ObservationsAlso net an Euro, och net an Dollar, mä an Observatiounsdaten aus der Natur. Well doduerch,  datt mir déi bedrote Biodiversitéit ënnersichen, an de Gestengssedimenter no der Paläo- a Geodiversitéit wullen, den Nuetshimmel no Asteroiden ofscannen, hu sech esouvill Observatiounsdaten accumuléiert, datt ons Leit an de Laboen dobäi sinn een no dem aneren zu Millionären ze ginn, also ganz dem Charles Darwin no, deen dat och vu sech behaapt huet.

Et war genee den 2. Mee 2011, also viru bal genee 5 Joer, datt ons Datebank iwwer d’Biodiverstéit zu Lëtzebuerg de milliounsten Datesaz iwwerschratt huet. Déi milliounsten Donnée selwer war déi vun enger Beobachtung, déi schonns d’Joer virdrun vun engem Mataarbechter zu Gréiwemaacher vun enger relativ rarer Planzenaart hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn ass : Et war dëst Fierwer oder Rammhäd-Planz, op Däitsch de Färberginster. D’Sammlung vun den Observatiounsdonnéeën wisst natierlech vun Dag zu Dag, genee esou wéi déi traditionnell botanesch, zoologesch, mä och paläontologesch a mineralogesch Sammlungen. An och hei si mir dobäi dës komplett ze digitaliséieren, fir se kënnen eng Kéier um Internet ze presentéieren. Also de Musée huet sech tatsächlech schonns zënter e puer Joren dat ginn, wat een haut eng Digital Strategy nennt,ginn.

Dat richt no vill Aarbecht. Esou just niewelaanscht wäert dat dann awer och net gemaach ginn ?

Am Musée gëtt et duerfir e spezielle Service, dee sech ëm d’Gestioun vun de den ënnerschidlechen Datebanke bekëmmert.

Mëttlerweil huet dësen bis elo iwwer 1.200.000 Datesätz iwwer Observatiounen vu Planzen, Déieren a Champignonen konnten enregistréieren. Och iwwer 100.000 Specimenen , also Muséesstécker, leie mëttlerweil schonns ënnert digitaler Form vir. Am grousen Dateportal vum Musée ginn d’Daten der Ëffentlechkeet dann zur Verfügung gestallt a si kënnen iwwer Internet fräi ofgefrot an ugekuckt ginn.

Mat dësen Date gëtt awer elo och geschafft ?

mean no of observations per yearNatierlech, well esou eng Datebank ass méi wéi just e Sammelsurium vun zoufällegen Observatiounen. ‘t ass e richtegt Schaffinstrument, dat hëlleft aus eenzelne Puzzlestécker e komplett Bild ze man. Unhand vun den Informatiounen, déi hei dra stinn, gesinn d’Fuerscher vum Musée zum Beispill, wou d’Aarten am Land verbreet sinn a kënnen domadder ermoossen, op d’Bestänn am Raum an an der Zäit zou- oder ofgeholl hunn. Si kënne sou Verbreedungsatlassen oder Rout Lëschte vun gefährdeten Aarten erstellen, déi erëm e wichtegt Instrument fir de Schutz vun den Aarten sinn. An de leschten 10 Joer si pro Joer am Duerchschnëtt 43.000 Datesätz an d’Datebank opgeholl ginn, woubäi 4 Prozent Observatiounen vu gefährdeten a gesetzlech geschützten Aarte waren.

Mä och Externer kommen un d’Daten ?

Si mussen. D’Date vun der Biodiversitätsdatebank sinn onerlässlech fir all Projeten an der Landschaftsplanung oder am Naturschutz a ginn duerfir och reegelméisseg vun aneren Administratiounen oder Planungsbüroen ugefrot. Nieft dem Schutz vun den Aarten gi se awer natierlech och an der wëssenschaftlecher Fuerschung um internationale Plang gebraucht an agesat. So fiddere mir ons Daten zum Beispill an de weltwäiten Internetportal GBIF (Global biodiversity information facility) an, wou Muséeën a Fuerschungsinstituter vun der ganzer Welt hir Daten zesummebréngen,. Esou kënnen zum Beispill Bioidiversitéitshotspoten identifizéiert ginn, d’Auswierkunge vum Klimawiessel op d’Aarte modelléiert ginn, oder awer och d’Efficacitéit vun Aarteschutzprogrammen iwwerwaacht ginn.

Sou huet zum Beispill de GBIF Observatiounsdaten vun iwwer 50.000 Aarten ënnersicht an erausfonnt, datt am Joer 2080 d’Verbreedungsgebitt vu méi wéi engem Drëttel vun de Planzen a vu méi wéi vun engem Drëttel vun den Déiereaarten op d’Halschecht schrumpfe wäert, wann näischt géint de Klimawandel ënnerholl gëtt. Virun allem Amphibien wieren hei am stäerkste betraff.

Géif mech awer elo mol intresséieren, wien hei zu Lëtzebuerg d’Donnéeë beisteiert. Wie fiddert Är Datebanken?

DSCN1957D’Date ginn net nëmme vun de Fuerscher aus dem Musée a soss wëssenschaftleche Mataarbechter vum Haus gesammelt – dat kéinten dës Leit alleng net fäerdeg bréngen), mä si kommen och vu privaten an ëffentlechen Organisatiounen am Ëmweltberäich, zum Beispill de Vulleschutz.

Mä, och soss jiddereen, dee sech fir d’Natur intresséiert, kann zum Naturbeobachter ginn a sech un der Erfaassung vun der Déieren a Planzewelt hei zu Lëtzebuerg bedeelegen an ons déi Donnéeën zur Verfügung stellen. Ier se wëssenschaftlech kënnen exploitéiert ginn, gi se natierlech och nach eng Kéier iwwerpréift, mä mir si frou fir all Donnée, déi mir kréien. An duerfir hu mir zënter e puer Jore schonns eng speziell Internetsäit ageriicht, de Maach mat!, wou mir d’Leit och dozou opruffen, matzeman.

Wéi eng Projete stiechen dann am Moment ervir?

Aktioun PaiperlekAlso virun e puer Wochen huet de Musée zesummen mam Sicona d’Aktioun Päiperlek an d’Liewe geruff. Em wat geet et? Majo, zu Lëtzebuerg liewen haut nach 86 Päiperleksaarten, also Dagspäiperleken. Ongeféier d’Halschecht vun hinnen sinn duerch de Verloscht vun hirem Liewensraum, duerch d’Verschwanne vun hiren Nahrungsplanzen an duerch Emweltgëfter bedrot. Am Kader vun der Aktioun siche mire lo präzis no 8 Päiperleksaarten, déi dann op engem Depliant, deen een och iwwer onse Site erofluede kann, beschriwwe ginn. Dës 8 Aarte sinn dann och relative liicht z’erkennen zum Beispill de Klenge Fochs, de Schmuebelschwanz, den Amirol, d’Zitrouneblat.

Wann een dann op engem Spazéiergang duerch d’Felder oder de Bësch oder bei sech doheem esou ee fënnt, ma sech d’Plaz verhalen, an dëst op onser Säit mellen. ‘t muss ee sech allerdéngs virdrun umellen, fir datt mir wëssen, mat weem mir et ze dinn hunn. D’privat Donnéeë bleiwen natierlech confidentiel. A wa mir um Enn vun der Aktioun och genuch Donnéeën zesummen hunn, a sech repräsentativt Bild vun der Verbreedung ergëtt, da gëtt dat och verëffentlecht.

m2-homeEn anert Beispill ass elo d’Aktioun “Ee Quadratmeter fir d’Biodiversitéit”, déi mir am Kader vum Weekend vun der Biodiversitéit lancéieren. Hei ginn d’Leit opgefuerdert an hirer Wiss mat klenge Péil an enger Ficelle eng Parzell vun engem Quadratmeter ze marléieren, déi dann e ganzt Joer net mat geméit gëtt. Sou kënnen d‘Planzen déi do wuessen an d’Bléi kommen. An dat si schonns wichteg Donnéeën, déi ons intresséieren, a wou tatsächlech jidfereen eppes kann dozou bäidroen.

E lescht Beispill vläicht nach!

Ma, de Feiersalamander ass Amphib vum Joer hei zu Lëtzebuerg. Wann Dir also ee gesitt, gitt op ons Mach mat-Säit a signaléiert en. Domadder ass ons tatsächlech immense vill gehollef. All Donnée zielt.

Natur[musée]geschichten, News @lu |