Natur[musée]geschichten op RTL: D’Champignonsziichter aus dem Musée (23/6/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Nationalfeierdag haut, et ass herrlecht Wieder fir esou e fräien Dag, an dach gëtt am ‘natur musée’ fléisseg geschafft. Wie schafft dann elo esou fléisseg hei?

Ma, et sinn dat ons dausende vu Blatschneiderseejomëssen, déi an onser Ausstellung iwwer lëtzebuerger Naturalisten a Planzejeeër eng nei Heemécht fonnt hunn an déi mëttlerweil zu engem richtege Besicherhighlight gi sinn. An déi hu leider kee Feierdag haut, si hunn eigentlech ni iergendee Feierdag, well se tatsächlech permanent mussen un hirer super organiséierter Kolonie schaffe mussen.

Schaffen? Wat bedeit dat dann elo genee?

U sech sinn et Déieren, déi Aackerbau bedreiwen. An dëse geet domadder un, datt s se permanent Deeler vu Blieder an hiert Nascht schleefen, déi se vum Gréngs rondrëm mat hirem Mondgeschir erofgeschnidden hunn. An ze gesinn wéi esou kleng Seejomëssen an der Schlaang mat Blieder erëmspazéieren, déi heiansdo ëm en zwanzegfacht méi grouss si wéi si selwer, ass schonns faszinant. ‘t wierkt wéi eng Segelregatta mat elauter grénge Segelen.

Fir déi richteg grouss Quantitéiten u Bliederstécker transportéieren ze kënnen, leeën d’Insekten esouguer richteg Stroossen an der Ëmgéigend vun hirem Nascht un. Dës Verkéiersweeër hunn normalerweis eng Breet vun 5 bis 7 Zentimeter a kënnen an der fräier Natur bis zu 800 Meter laang ginn (bei ons am Musée hu mir hinnen Strécker geluecht, op deene se wandere kënnen). D’Stroosse gi vun all Planzewuess fräigehal a mat Doftspure markéiert. All Seejomëss, déi sech op de Wee mécht, hëlt domat de Geroch vun hirer Virgängerin op.

A wat geschitt dann elo am Nascht, wa se bis ukomm sinn?

Am Nascht ginn d’Bliederstécker vu méi klengen Aaarbechterinnen zerklengert. An nach méi kleng Seejomëssen verschaffe se da mat hirem Spaut zu Bräi a brénge se an d’Champignonsgäert. Also Dir hutt richteg héieren: Champignonsgäert!

D’Blatschneiderseejomësse sinn tatsächlech Champignonsziichter. Hir Nahrung sinn nämlech Champignonen, déi se an hirem Nascht op den zerknate Blieder ziichten. Mä och scho beim Schneiden a Knae vun de Blieder entsteet en zockerhaltege Planzejus, deen den Aarbechterinnen als Zousaznahrung déngt. Gedüngt gëtt mat Kot, onerwënscht Champignonen ginn erausgepucht an al Champignonsgaardestécker ginn op e Offallkoup am Nascht bruecht.

Wow, besser organiséiert wéi a ville Stied bei ons!

Dat kann ee roueg haart soen. Mä ‘t ass och extrem wichteg, well ouni de Champignon als Nahrung kéinten d’Seejomëssen net iwwerliewen. Ëmgedréint bidden d’Seejomëssen dem empfindleche Champignon Schutz a fleegen en. ‘t ass also eng richteg Symbios. Sou sinn d’Seejomësse zum Beispill capabel, hire Champignonsgaart viru geféierlechen Infektiounen ze schützen, doduerch datt se eng Substanz sekretéieren, deen d’Wuesse vun onerwënschte Champignonen ënnerbënnt. Ausserdeem liewen op de Seejomëssen och nach Bakterien. Dës Bakterien stellen en Antibiotik hir, dat déi schiedlech Champignonen ugräift.

A wou liewen esou Blatschneiderseejomëssen dann elo, ausser am Musée?

D’Blatschneiderseejomësse sinn a Mëttel- a Südamerika doheem. An der fräier Natur leeë se hir Näschter ënnerierdesch un. Dës kënnen dann eng Déift vun 8 Meter an eng Fläch vu 50 Quadratmeter erreechen. D’Näschter bestinn aus zerknate Blieder. Bannen am Nascht ginn et iwwer dausende Kummeren, déi d’Gréisst vun engem Fussball hunn, an déi matenee verbonne sinn. An dëse Kummere leet d’Kinnigin d’Eeër, den Nowuess wiisst hei op an d’Champignone ginn hei ugeluecht. E puer Millioune Seejomësse liewen an esou engem Staat. Bei ons hei am Musée sinn et der allerdéngs elo just e puer Dausenden, also esou ongeféier tëscht 2500 a 5000. An, chose extraordinaire: Am Nascht gëtt och d’Klima reguléiert. Dausende vun Aarbechterinne suergen duerfir, andeems se Loftschächt uleeën. An dat ass och extrem wichteg, well de Champignon brauch idealerweis eng Temperatur vu 25 bis 27 Grad a bal 100 Prozent Loftfiichtegkeet.

Aus dem Panewippchen N°112 3/2015

Aus dem Panewippchen N°112 3/2015

Wat sinn dat da fir Blieder, déi d’Seejomëssen ze schneide kréien?

Also hei am Musée kréien d’Seejomëssen all Mueres frësch Blieder vu Päerdsbieren. Et kënnenawer och Liguster, Rousen, Forsythien oder Käschteblieder benotz ginn. D’Besicher gesi meeschtens nëmme plakeg Äscht, well d’Blieder an e puer Minutten, naja iwwerdriwwen, e puer Stonnen komplett ofgedroe sinn sinn.

Et ass elo ëmmer vun Aarbechterinne geschwat ginn. Ass et wéi bei de Mënschen och? Sinn et just d’Dammen, déi schaffen?

Ma soe mir et mol sou. Déi ganz Organisatioun an der Kolonie ass tatsächlech eng reng Fraesaach, ugefaangen bei der Kinnigin, an ‘t ass vläicht och grad duerfir, datt alles esou gutt klappt, well Männercher kommen an dëser Kolonie net vir.

D’Kinnigin ass 2 Zentimeter grouss a lieft gutt geschützt bannen am Nascht. Si mécht näischt aneschters wéi just Eeër leeën an dat kënnen dann an esou engem Kinneginneliewe mol 140 Millioune ginn. Eng Eeërfabrik also.

All déi aner Seejomëssen si genetesch gesinn Schwësteren, déi sech awer an hirer Gréisst en fonction vun hirer Aarbecht ënnerscheeden:

Déi klengste Seejomëssen sinn d’Kannermeedercher an d’Gäertnerinne, déi mëttelgrouss huelen d’Planzematerial a fleegen d’Nascht, déi gréisst sinn d’Zaldotinnen, déi d’Vollek verteidegen.

Wann Iech Naturmuséegeschicht elo Loscht op méi gemaach hutt, da profitéiert op alle Fall vun dësem Sonnden. Dann hu mir nämlech tëscht 14.30 a 17.30 e flotten Atelier zum Thema “Seejomëssen a Schlaangen”.

Natur[musée]geschichten, News @lu |