Asteroid Day : Och Lëtzebuerg huet säin Asteroiden-Lidd!

Den 30. Juni ass Asteroid Day. Wousst Der, datt och Lëtzebuerg säin Asteroiden-Lidd huet?

2032006 hunn d’Jeanny Jungbluth an den Nicolas Feierstein vun den Amateurastronome Lëtzebuerg AAL dat wonnerbaart Lidderbuch “Stärenhimmel fir Kanner” bei den Editions Saint-Paul erausbruecht. D’Wëssen ëm Virgäng wéi Sonnen- a Mound-Däischtert, d’Moundphase mat Voll-, Hallef- an Neimound, d’Joreszäite Fréijoer, Summer, Wanter an Hierscht gehéiert zu enger Grondkultur, déi de Kanner net virenthale soll ginn. Déi Wëssensvermëttlung geschitt iwwer dëst Buch mat flotte Geschichten, Musek a Gesang, dorënner en immenst einprägsaamt Lidd iwwer Asteroiden. Dir wäert et matsummen, ënner Garantie! Mat der frëndlecher Erlabnis vum Verlag an den Auteuren däerfe mir d’Lidd am Kader vum Asteroid-Day hei ofspille loossen. D’Buch mat CD ass nach beim Verlag an am Buttik vum ‘natur musée fir 19,90 € ze kréien.

News @lu |