Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Edouard Luja, e bedeitende Sammler

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Den 21. an 22. Mee invitéieren d’Muséeën zu Lëtzebuerg och dëst Joer erëm op hir traditionnell Porte ouverte, d’Invitation aux musées. Et sinn dëst Joer 44 Muséeën hei am Land, déi sech un dësem Muséesfest dru bedeelegen. Dorënner, wéi zënter schonns der éischter Editioun 1998, natierlech och den ‘natur musée’, dee maacht pünktlech fir d’Invitation aux Musées eng nei Ausstellung opmécht. “Fotografië vum Edouard Luja aus dem Kongo an aus Brasilien” heescht se. Déi grouss Expo iwwer Naturalisten a Planzejeeër a Latäinamerika leeft jo awer och nach ?

An ‘t ass ebe just am Kader vun dëser grousser Expo, déi nach e puer Méint ze gesinn ass, wou dann dës e bëssi méi kleng, mä dach ganz fein Ausstellung virgestallt gëtt. Mir hate jo schonn e puer Mol hei an den Naturmuséegeschichten iwwer dës Leit geschwat, déi tëscht 1830 a 1930 a Latäinamerika gereest sinn, wéi zum Beispill de Geolog Frantz Majerus, de Steinsucher Robert Becker oder och den Zoolog Nicolas Funck. Eng ganz bedeitend Figur an dëser Ausstellung an iwwerhaapt an der laanger Geschicht vun onsem Musée hu mir awer bis elo nëmme um Rand gesträift an dat ass eben den Agronom an Naturalist Edouard Luja, deen tëscht 1875 an 1853 gelieft huet. De Luja huet dem Musée nieft ville wäertvolle Specimene viru laanger Zäit och eng ganz Sammlung vun ale Fotosplacke vermuecht,, déi en op senge Reesen am Congo an a Brasilien realiséiert hat. Et  war ons duerfir  wichteg, déi elo och mol eng Kéier engem gréissere Public presentéieren ze kënnen.

Edouard Luja? Elo kennt awer bestëmmt net jidwereen dës Perséinlechkeet?

De Luja sengem Zäitgenoss, de Schrëftsteller Batty Weber anscheinend och net. An doriwwer schreift dësen dann 1914 a senger bekannter Serie vun den Abreißkalenderblätter. En däitsche Besicher huet hien nämlech op déi „sorgfältigst(e) wissenschaftlich(e) Aufmachung und Anordnung“ vun den Insektesammlungen am naturhistoresche Musée deemools an der Stad opmierksam gemaach

“Das alles verdankt ihr zwei Männern: Euerm Landsmann Luja, der euch aus dem Kongo Kisten und Kasten voll der seltensten Sachen schickt, und Euerm Konservator Victor Ferrant, der diese Sachen, wie es scheint, mit inbrünstiger Liebe bevatert und der Sammlung einordnet.” (Iwwer de Victor Ferrant hate mir jo och schonns eng Kéier op dëser Plaz geschwat.)

Doropshin de Batty Weber : “Welcher Herr Luja aus dem Kongo?‘ frug ich ihn. Seine Lippen bebten vor aufrichtigem Zorn, als er mir antwortete und mir über meinen Landsmann Bescheid sagte:

“Das sieht Euch ähnlich!” schimpfte er. “Große Gelehrte haben neue entdeckte Arten nach ihm genannt, er leistet drüben für euch eine Arbeit, die Ihr, wenn sie bestellt wäre, mit vielen Zehntausenden bezahlen müßtet, und Ihr fragt, welcher Luja aus dem Kongo! Ihr …! Ihr …!”

Ich verschweige lieber, was er weiter von uns sagte.”

Den Edouard Luja hat also an der wëssenschaftlecher Welt en Numm an nom Batty Weber sengem Text bestëmmt och ee beim gréissere Public dobaussen. Mä wie war dëse Mann dann elo genee?

Majo, den Edouard Luja war de Jong vum Stad-Architekt Antoine Luja, dee vläicht deen een oder aneren dohir kennt, well en de Waassertuerm um Lampertsbierg gebaut huet. Den Edouard selwer allerdéngs huet a Frankräich, der Belsch an an England Gaardebau studéiert, an huet 1898 ugefaangen, laang Fuerschungsreesen ze maachen. Fir d’éischt an de Kongo (1898), duerno an de Mosambik (1900-1902), dann nees fënnefmol an de Kongo (1903-1914, 1928-1930), an dotëscht och eng Kéier a Brasilien (1924), wat och de Grond ass, firwat en an onser grousser Expo zu Eiere kënnt.

Vum hollänneschen Entomolog Ritsema 1910 ass dëse Käfer Helota lujae genannt ginn. Haut kennt een en ënner dem Numm Afrohelotina lujae.(Ritsema, 1910)

Vum hollänneschen Entomolog Ritsema 1910 ass dëse Käfer Helota lujae genannt ginn. Haut kennt een en ënner dem Numm Afrohelotina lujae.(Ritsema, 1910)

Ofgesi vun der Zäit vum Éischte Weltkrich war e praktesch bis 1931 bal ëmmer ënnerwee. Bei senge Fuerschungsreesen huet hien ongeféier 80 nei Planzen entdeckt, a ronn 130 bis dohin onbekannten Déieren. Dorënner sinn Termiten, Fësch, Päiperleken a Seejomëssen. Vill vun deene Planzen an Déiere krute tatsächlech – wéi beim Batty Weber ze liesen – säin Numm. Dat konfirméiert tatsächlech, datt de Luja ganz gutt mat ville Spezialisten ueschter d’Welt vernetzt war.

Et hunn also nëmme Spezialiste vum Edoaurd Luja profitéiert ?

Natierlech net. Och dem Musée seng Besicher kruten jo ze gesinn, wat de Luja dem Musée iwwer d’Jore un Objete an d’Sammlung bruecht huet, wéi zum Beispill seng impressionnant Sammlung un Termitenhiwwelen, déi en no Europa verschëfft huet. An dann ass do natierlech seng wichtegst botanesch an agronomesch Entdeckung, déi en direkt op senger éischter Fuerschungsrees gemaach huet an vun där haut d’ganz Welt haut profitéiert, ouni onbedéngt säin Numm ze kennen.

…elo si mir awer gespaant!

Edouard Luja au pied d'un caféierMa, et war d’Entdeckung vun enger bis dohin onbekannter Planzenaart aus der Gattung Kaffi, an zwar de Coffea canephora. A jidderee, dee gäre méi corséierte Kaffi drénkt, kennt se bestëmmt : ‘t ass de Robusta-Kaffee. De Luja huet e puer Bounen deemools der belscher Blummen- a Planzefirma „L’horticole coloniale“ zoukommen geloos. No enger erfollegräicher Kultivéierung a Südostasien stoung dem Erfolleg vun dëser Variéitéit näischt méi am Wee. Si war méi bëlleg a méi resistent géint Krankheetserreeger  De Robusta mécht sou haut ronn 30 % vun der Weltproduktioun vum Kaffi aus.

Dann huet e jo bestëmmt e Verméijen domadder gemaach ?

Hie selwer net. Seng lescht Jore huet den Edouard Luja an einfache Verhältnesser zu Lëtzebuerg um Lampertsbierg verbruecht, , wou en och gestuerwen ass. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen. Nom Krich, 1946, ass iwregens dem naturhistoresche Musée seng éischt Ausstellung deemools iwwer dem Edouard Luja säi Schaffen a seng Relatioun mam Victor Ferrant gaangen. Dat sinn also elo just 70 Joer hir, e ronne Gebuertsdag also. Deemno och e Grond, fir grad elo eng nei Ausstellung ze presentéieren. An do wiere mir da bei Ausstellung vum Luja senge Fotoen aus dem Kongo an aus Brasilien.

Déi dann de Personnage awer och méi kritesch beliicht ?

D’Ausstellung ass méi wéi just eng Expo, an där elo just schéi schwaarz-wäiss Clichéë vun deemools un der Mauer hänken. De Luja war e begeeschterte an och bestëmmt talentéierte Fotograf, dee vu sengem gudde Apparat profitéiert huet an d’Welt esou duergestallt huet, wéi e se ebe selwer hie gesi huet. An do dréngt mat Sécherheet duerch, datt en e Kand vu sénger Zäit war : A wat war dat fir eng Zäit ?: Ma déi vum Kolonialismus an Imperialismus, d’Zäit vun engem eurozentristeschem Diskurs, an där och ouni Hemmung a Skrupel d’Ennerwerfung an d’Enrechtung vun den indigener Bevölkerung verteidegt gouf. Mir hunn an onsen Archiven och de Bréifwiessel, vum Edoard Luja a vum Victor Ferrrant, an och hei trëfft ee mat Momenter op eng Rei vu krass formulierte Sprréch iwwer zum Beispill d’brasilianisch Gesellschaft. Et ass eng Sprooch, déi ons haut komplett friem ass. Onkommentéiert däerf een dat natierlech net presentéiert. D’Ausstellung setzt d’Fotoen also och an e Kontext a mécht se sou zu enger wichteger historescher Dokumentation iwwer eng Zäit an hire wichtegste Protagonisten. An och e Musée muss sech senger Geschicht stelle kennen. Dëst hei ass e e Schrëtt an déi Direktioun.

D’Ausstellung « Fotografie vum Edouard aus dem Kongo an aus Brasilien » ass ze gesinn vum Samschen 14. Mä bis den 26. Juni am Kräizgang vu Neimënster

Natur[musée]geschichten, News @lu |