Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Den Arboretum, eng Bamsammlung um Kirchbierg (26/5/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

A wou entféiert d’Natur[musée]geschicht ons dann haut ?

Majo, net wäit ewech vun hei, well mir bleiwen um Kierchbierg. Virun engem Mount hu mir d’Leit jo e bëssi jalous gemaach mat der Lag vun der Schaffplaz ‘natur musée’ am idyllesche Gronn. Ma hei um Kierchbierg ginn et nawell och schéi Plazen, bäi deenen och den ‘natur musée’ erëm seng « gréng Fangeren » am Spill huet : an dat nëmmen e puer Minutten zu Fouss vun hei vum RTL Studio ewech!

Hmm, mol iwwerleeën. D’Foirehale wuel kaum, Gréngs ass am Kino an am Akaafszentrum och net esou richteg ze fannen. D’Parken?

Majo natierlech. A méi genee geet et ëm den Arboretum, dee sech an deenen dräi ëffentleche Parken hei um Kierchbierg befënnt. Also, wat ass en Arboretum? Fir e mol ganz kuerz ze definéieren: ‘t ass eng Sammlung vu liewege Beem a Sträicher, déi wëssenschaftlech betreit gëtt, an dësem Fall vum ‘natur musée’.

D’Iddi vun engem Arboretum geet op de Landschaftsarchitekt Peter Latz zréck, deen dëst dem Fonds d’urbanisation et d’aménagement du Plateau de Kirchberg 1991 ënnerbreet huet. Mat esou enger Bamsammlung sollt den 30 ha Grénganlagen hei um Kierchbierg eng zousätzlech Valeur  zoukommen.

Zënter 1994 entsteet also hei eng méiglechst komplett Sammlung vu Beem a Sträicher aus Europa, souwäit se am Lëtzebuerger Klima wanterhaart sinn. Méi wéi 500 Aarte, Ënneraarten an Zorten aus 126 Gattungen an 59 Familljen sinn am Moment hei vertrueden. Iwwer eng Conventioun mam Fonds am Juni 2000 ass de Musée zënterhir responsabel fir d’wëssensschaftlech Betreiung.

Aus wat besteet dann elo genee déi wëssenschaftlech Betreiung vun esou enger Bamsammlung?

IMG_0749Ma do wier mol fir d’éischt d’Mise-en-place an d’technesch Gestioun vun esou enger Sammlung, déi och an der Sich an engem minutiéisem Choix vun de Planze besteet. Well wéi an all aner Sammlung, geet et och hei drëms nëmme just ausgewielten, iwwerpréifte Eenzelstécker an d’Sammlung ze kréien, resp. dann an de Parken unzeplanzen. D’Beem an d’Stäicher kommen, wann et nëmme geet, vun natierleche Standuerte mat dokumentéierter Origin. Kuerz gesot, mir wësse genee, wou se hirkommen.

Eréischt da kënnt déi eigentlech wëssenschaftlech Gestioun, esou wéi se och bei méi gängeschen, klassesche Muséessammlungen üblech ass: Et gëtt en Inventaire, d. h. mir wëssen, wat a wéivill mir hunn. Et gëtt eng taxonomesch Kontroll, d. h. mir wëssen och, wat genee dra stécht, also ëm wéi eng Aart, Ënneraart, Variétéit, Kräizung a.s.w. et sech bei all individuellem Bam oder Strauch handelt. Dat ganzt gëtt dann och iwwer d’Zäit dokumentéiert. Däerf ee jo net vergiessen, datt et sech bei Beem a Sträicher ëm eppes Lieweges handelt, dat Ëmweltaflëss wéi dem Wieder ausgeliwwert ass, dat wiisst, krank ka ginn, a.s.w. Op déi Manéier kritt een da schonn e Bild, wéi sech och en individuelle Bam iwwer d’Jore verhält.

An esou d’Donnéeë ginn dann och mat anere Plazen ausgetosch?

Also et gëtt eng ganz reg Collaboratioun mat aneren Arboreten a botanesche Gäert ueschter Europa an der Welt. De selwechte Service bei ons, deen iwregens den Arboretum geréiert, de Service vun de liewege Planzesammlungen, publizéiert z. B. och all Joers en Index seminum.

En Index seminum ass e Katalog, an deem botanesch Gäert all Joers oplëschten, wat si vu Some bei Wëllplanzen an de Sammlunge gesammelt hunn an déi se dann eventuell mat ähnlechen Instituter tauschen. Op déi Aart a Weis beräichert een  dann och déi eege Sammlung an dat Ganzt déngt leschtenends och der Erhalung vun der Biodiversitéit, doduerch datt d’genetescht Material vun allméiglechen Zorte vu Planzen esou conservéiert gëtt.

Vläicht dann awer nach eng Kéier zréck an den Arboretum. Et ass virdru vun dräi Parke geschwat ginn, an deene sech den Arboretum erstreckt. Wéi eng sinn dat elo?

DSCN6411Also den éischte Parc, deen 1994-1995 ugeluecht ginn ass, war de Parc Réimerwee hannert dem Kiem, also 5 Minutte hei vum Studio ewech.

Hei kann een duerch bëschaarteg Bestänn spazéiere goen. Wat kann een z. B. déi ënnerschiddlechst Blatforme vun den europäeschen Eechen entdecken, well jo net all d’Eechen déi typesch gelappte Blieder hunn, wéi mir se bei den heemeschen Aarte kennen. Esou kann een z. B. d’Blatform vun der ëmmergrénger Steeneech aus Südeuropa gäre mat där vun der Bëschdëschtel oder dem Houx verwiesselen. Am ënneschte südleche Beräich vum Park kann een dann déi ganz Diversitéit vu Routbichen entdecken, déi sech ëmmer just an engem Mierkmol vun der typescher Form ënnerscheeden. A laanscht de fréiere Réimerwee, dee fréier vun Reims iwwer Arel op Tréier gefouert huet, entsteet haut eng Allee aus Lannen a Robinien.

An den zweeten Park?

DSCN8472Deen dierften déi meeschte Leit kennen. Dat ass de Park, dee rondrëm d’Coque ugeluecht ginn ass, de Park Central! Dee gouf am Joer 2000 fäerdeg a bitt haut mat Spillwisen, engem Fräiloft-Amphitheater immens vill Fräizäitraum fir d’Leit. Vun engem extra ugeluegten Hiwwel huet een och hei en herrlechen Iwwerbléck iwwer de komplette Plateau rondrëm.

Hei gouf de Rosaceum ugeluecht, an deem verschidde Zieruebstbeem wuessen, déi alleguer zu de Rousegewächser gehéieren: Äppelbeem, Wäissdar a Kiischten z. B., duerfir och den Numm.

Dat si jo alles méi heefeg Aarten. Méi rar Beem a Planzen ginn et där och ze gesinn?

Also am Parc Central net, duerfir ass d’Plaz ze vill ëffentlech a gutt besicht – an dat ass elo net ofwäertend gemengt. Méi rar Aarte fënnt een allerdéngs am Park Klosegrënnchen, deen 1997 hannert der Klinik ugeluecht ginn ass.

11169416_10155681230390641_3534580024818471256_oHei fënnt een Hëlzer aus de Steppen vun Osteuropa, mä natierlech och seelen a bedrohten einheimesch Planzenaarten. Déi ugeluechte Dünen bilde mat hirem sandegen, dréchnen an nährstoffaarme Buedem en extreme Standuert, wéi e fréier op den Heedeflächen vun de Sandsteeplateauen heefeg ze fanne war. Hei entwéckelt sech also en naturnoe Magerrasen, wou vill seelen einheimesch Planzenaarten eng Zuflucht fannen, ënner anerem och Orchideen.

Dat Ganzt ass dann awer bestëmmt och beschëldert, sou datt ee liicht gewuer ka ginn, wat et esou alles ze gesinn ass?

Dat ass iwwer déi lescht Jore gemaach ginn a  mir bidden dann och zousätzlech all Mount eng Féierung duerch d’Parken un. Déi nächst ass dann iwregens den 8. Juni um 18 Auer. Hei geet et dann an de Park Klosegrënnchen a mir freeën ons natierlech fir jidfereen, dee mat op den Tour geet. ‘t gëtt ëmmer vill ze gesinn.

Natur[musée]geschichten, News @lu |