#naturmuseelikesbooks: “Unberührte Landschaften” mam Monique Kirsch

ADAMS, Ansel, 1990. Unberührte Landschaften. Christian Verlag. ISBN 3-884472-187-9.

“Ech si vu klengem un faszinéiert vun der Natur an der Fotografie.

book_moniqueEe vu menge Lieblingsbicher ass dofir  „Unberührte Landschaften“. Et ass eng fotografesch Rees duerch d’amerikanesch Nationalparke vum Ansel Adams, engem bekannten amerikansche  Landschaftsphotograph a spéideren Aktivist, deen 1902 zu San Fransisco gebuer gouf. Hien huet iwwert 40 000 Fotoe gemaach.

Mech faszinéiert et, wéi hien zu där Zäit schonns déi impressionnant Landschaften esou mat der Kamera festgehale konnt. D’Beliichtung ass genial an d’Schäerft vu senge schwaarz-wäiss Fotoen, déi hien och nach selwer entwéckelt huet, ass eenzegaarteg. Ech luussen ëmmer nees gären an dëst Buch eran. An dësem Buch deelt hie gäre mat eis seng Visioun vun der Schéinheet vun der Welt. E wichtege Message vun him an dësem Wierk ass, datt eis ganz Emwelt an Zukunft um Spill stinn an et an eisen Hänn läit. Och fir mech e wichtege Message.”

D’Monique Kirsch schafft am Service éducatif vum ‘natur musée’ an organiséiert all zwee Joer de Science Festival.

#naturmuseelikesbooks |