#naturmuseelikesbooks: “The Arrival” mam Jérôme Herr

TAN, Shaun, 2007. The Arrival. Arthur A. Levine Books, 128 pages. ISBN 978-0-439-89529-3 .

buch” ‘The Arrival’ ass eng wonnerschéin Graphic Novel, déi ganz ouni Wieder auskënnt. Mat der Hëllef vu monochromen, ausdrocksstaarken an atmosphäresche Biller beschreift si d’Geschicht vun engem Mann, dee seng Heemecht verloossen an alleng an e neit, friemt Land zéien muss. Dës Friemheet gëtt immens gutt duerch surreal a fantasievoll Bildelementer ausgedréckt, déi et dem Lieser einfach maachen, fir sech virzestellen, wéi et si muss, wann een op eemol zwousch ukënnt, wou zwar alles ähnlech, mee dach ganz aanescht ass: d’Schrëftzeechen, d’Iessen, d’Haiser, d’Verhalen vun de Leit, souguer d’Déieren an d’Blummen. Alles muss een dechiffréiere léieren, wéi en Ausserierdeschen, dee grad e neien Planéit entdeckt huet. An ëmmer rëm ginn et och Réckblenden, déi an beandrockenden a bedrohlechen Biller weisen, firwat de Mann iwwerhaapt seng Heemecht huet missee verloossen: Krich an Zerstéierung.

Mech huet dat Buch faszinéiert, well et eng emouvant, zäitlos Geschicht erzielt an dat op eng visuell interessant, kreativ a poetesch Aart an Weis. An ech entdecken och no der x-ten Kéier nach ëmmer nei subtil Detailer an Uspillungen an den Zeechnungen, déi mer virdrun net opgefall woren. Sou dass et ëmmer rëm e Grond gëtt, et nach eng Kéier an de Grapp ze huelen.”

De Jérôme Herr ass Responsabel IT am ‘natur musée’.

#naturmuseelikesbooks |