#naturmuseelikesbooks: “Du musst das Leben nicht verstehen” mam Bernadette Michel

RILKE, Rainer Maria, 2015. Du musst das Leben nicht verstehen. marix Verlag, 224 p. ISBN 978-3-86539-298-5.

book_bernadette“Vun Zäit zu Zäit liesen ech gär Gedichter… an dann ass dëse Band vum Rainer Maria Rilke mäi Favorit.

Eent vu menge léifste Gedichter doraus ass „Der Panther“. De Rilke huet dat Gedicht 1902 am Jardin des Plantes zu Paräis geschriwwen. Beim Rilke  sengem Panther handelt et sech ëm en Déier, dat a Gefaangeschaft gehale gëtt. No baussen schéngt de Panther sech doduerch net verännert ze hunn, mee a sengem eigentleche Wiesen ass hien duerch de Verloscht vun der Fräiheet zu Gronn gaang.

Firwat ech de Rilke gär liesen, kann ech net besser soen ewéi mat de Wieder vum Stefen Zweig: “…einzig in ihm von uns allen war das Wort schon vollkommen Musik“.

D’Bernadette Michel schafft an der Administratioun vum ‘natur musée’.

#naturmuseelikesbooks |