#naturmuseelikesbooks: “Donostia / San Sebastian – Die glücklichste Stadt der Welt” mam Christiane Bemtgen

JASPERS, Susanne & HAUSEMER, Georges, 2015. Donostia / San Sebastián. Die glücklichste Stadt der Welt. Capybarabooks, 192 p. Zahlreiche Fotos und Illustrationen. ISBN 978-99959-43-02-8.

book_Christiane“Hei ass eent vun deene Bicher, dat ech am Moment amgaang sinn ze liesen. D’Auteure vun dësem ganz perséinleche Reesguide “Donostia San Sebastian – die glücklichste Stadt der Welt” liewe selwer e puer Méint vum Joer an dëser interessanter Stad. All Plaz, all Restaurant, Hotel a Bistro kenne sie zënter Joren a si wëllen hir Lieblingsstad mat de Lieser vun hirem Guide deelen.

San Sebastian ass europäisch Kulturhaaptstaat 2016 an ech fueren am Juni fir eng Woch dohinner. Ech freeë mech drop, Kultur a Plage mateneen ze verbannen an all déi Insidertips aus dem Buch kennenzeléieren. D’Auteure vum Buch gi selwer matt, esou datt mir eis ganz sécher op ville Plazen, déi am Buch beschriwwe ginn, wäerten erëmdreiwen.”

D’Christiane Bemtgen aus dem Service éducatif ass d’ganzt Joer mam Natur Mobil am Ländchen ënnerwee.

#naturmuseelikesbooks |