#naturmuseelikesbooks: “Daarm mat Charme” mam Christian Ries

ENDERS, Giulia, 2015. Le Charme discret de l’intestin / Tout sur un organe mal aimé. Illustrations de Jill ENDERS. Traduit de l’allemand par Isabelle LIBER. Arles, France, Actes Sud, coll. « Sciences humaines », 350 p. ISBN 978-2-330-05026-9. (Titre original: Darm mit Charme, 2014).

Ries-C_Livre-droits-d-auteur“Mat vill Léift zum Detail hëlt d’Giulia Enders en Deel vun eis ënnert d’Luppe an enttabuiséiert e gläichzäiteg: eisen Daarm, den dënnen an den décke mat all deem, wat doduerch leeft, an eist zweet Gehir, wat genee do (am Daarm) lokaliséiert ass. Ech hu seele bei enger Lecture souvill iwwert de Mënsch an iwwert mech selwer geléiert. D’Giulia Enders gëtt en passant eng Partie einfach Rotschléi, déi, wann ee se probéiert, sech als richteg erweisen a gutt dinn.

No der Lektüre vun dësem Bestseller, vun deem an Däitschland iwwer 1 Millioun Exemplairë verkaaft goufen a mëttlerweil an 18 Sproochen iwwersat gouf, ännert de Lieser mat Sécherheet e puer konkret Gewunnechten a sengem Liewen. Fir mech als Wëssenschaftler ass doriwwer eraus interessant, datt esouvill iwwert eisen eegene Kierper bis haut onerfuerscht bliwwen ass an den Ament vu villen Instituter ënnert d’Luppe geholl ginn.”

De Christian Ries ass Conservateur vun Ekologie-Sektioun vum ‘natur musée’

#naturmuseelikesbooks |