#naturmuseelikesbooks: “Comme les bêtes” mam Patrick Michaely

SCHILTHUIZEN, Menno, 2016. Comme les bêtes. Ce que les animaux nous apprennent de notre sexualité. Flammarion, 322 p. ISBN 978-2-0813-4839-4.

“D’Fortplanzung bei den Déieren ass immes divers an heianso souguer ganz kuriéis… aus enger mënschlecher Perspektiv gesinn! Den holländische Biolog Benno Schilthuizen hält mat sengem Buch « Comme les bêtes » senge Lieser elo allerdéngs e Spigel virun d’Nues, oder besser gesot virun d’Genitalien.

book_michaelySäi Buch ass nämlech alles aneschters wéi eng banal Oplëschtung vu Rekorder a pikanten Detailer aus dem Sexliewe vun den Déieren. Wien hei just no lëschtege Fakten am Genre “de Längsten hei, de Séiersten do” sicht, riskéiert d’Buch erëm séier op de Koup ze leeën. Et geet dem Auteur nämlech virun allem drëms d’biologesch Realitéit vum Fortplanzungsprozess a senger ganzer Komplexitéit ze weisen, ugefaange bei einfache Plattwiermer bis bei de Mënsch. A wéi esou villes, wann net esouguer alles, ass natierlech och d’Sexualitéit d’Resultat vun enger laanger Evolutioun. An um Sënn an Zweck vum Sex, um “evolutiven Tango” tëscht Männchen a Weibchen, hu sech scho vill Wëssenschaftler d’Zänn ausgebass.

Den Auteur beliicht a sengem Buch déi rezentsten Entdeckungen am Darwin senger Peep-Show. Et gëtt een esou vill iwwer déi pingeleg an ustrengend Aarbecht vu Genitaliefuerscher gewuer, déi hiert ganzt Liewen domadder verbruecht hunn d’Morphologie, d’Verhalen, d’Kopulatioun an d’Reproduktioun vun heiansdo winzegen Déiere genee ënner d’Lupp huelen, an doraus intressant Réckschlëss iwwer déi schéinsten Niewesaach vun der Welt ze zéien. A well den Auteur flott erziele kann, bleift et ëmmer spannend an d’Schmunzelen net aus. Mä keng Angscht, den Auteur vergësst natierlech och de Mënsch net. Well, wann ee kéint mengen, datt bei onser Aart zu dësem Thema schonns alles gesot wier, sou ass dat nach laang net esou.”

De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am ‘natur musée’ responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

#naturmuseelikesbooks |