#naturmuseelikesbooks: “Arachna : Les voyages d’une femme araignée” mam Claude Heidt

ROLLARD, Christine & TARDIEU Vincent, 2011. Arachna: Les voyages d’une femme araignée. Editions Bélin. Collection Bélin Sciences, 192 p. ISBN 978-2-701-15556-2.

IMG_3267“Arachna : Les voyages d’une femme araignée” vum Christine Rollard a Vincent Tardieu ass e Plaidoyer fir Spannen, virun deene sech jo ganz vill Leit eekelen. Am Text vum Journalist Tardieu spiert een der Spannen-Expertin Rollard hir Begeeschterung fir dës Déieren. Och wann ech schonns vill Spannen ënner Binokularluppe gekuckt hunn, entdecken ech op den exzellente Makro-Fotoen am Buch ëmmer erëm Detailer, déi ech esou nach ni bewosst gesinn hunn. Mä d’Kiischt vum Kuch sinn awer ouni Zweiwel déi genial Zeechnunge vum Marcello Pettineo, wou all Detail drop ze gesinn ass. Arachna ass dat Buch dat ech Wanter ganz oft am Grapp hat, well déi flott Biller an de spannenden Text déi däischter Joereszäit ganz séier vergiesse loossen.”

De Claude Heidt ass Biolog an animéiert Aktivitéite fir Jonker vum Panda-Club a vum Science-Club

#naturmuseelikesbooks |