#naturmuseelikesbooks: “Abenteuer am Amazonas und am Rio Negro” mam Thierry Helminger

WALLACE, Russel A., GLAUBRECHT, Mathias (Hrsg.) Abenteuer am Amazonas und am Rio Negro. Galiani Berlin, 624 p. Aus dem Englischen von Michael Schickenberg. ISBN 978-3-462-30807-5.

book_helminger“Dëst Buch erzielt dem Alfred Russel Wallace seng Rees laanscht den Amazonas an de Rio Negro um Ufank vum 19. Joerhonnert. Et ass déi éischt komplett Iwwersetzung vum Wallace sengem eegene Reesbericht op Däitsch. Säit fir Säit beschreift hien déi faszinéierend Welt vum tropesche Reebësch an erzielt vun deene Leit, déi hien op sengem Wee mat Booter an ze Fouss laanscht déi grouss Flëss begéint, bis hien déi lescht europäesch Siidlungen hannert sech léisst a bis an deemools nach onbekannte Géigende virstéisst. E Buch, dat ee wéi e spannenden Abenteuerroman net méi aus der Hand leet!”

Den Thierry Helminger ass Botaniker an am ‘natur musée’ responsabel fir déi lieweg Planzesammlungen.

#naturmuseelikesbooks |