Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mir wenzelen, wenzelt Der mat? (28/4/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Haut ass et eng Natur[musée]geschicht fir jalous ze ginn!

Jalous, mä firwat dann dat?

Ma, wann ee sech d’Thema vun haut esou duerch de Kapp goe léisst, also d’Natur am Gronn, da seet ech dach: Ma wat hunn déi do eng Chance, an dësem Véirel däerfen ze schaffen.

Tja, do kënne mir ons wierklech net bekloen. ‘t ass net iwwerdriwwen, wann ee seet, datt de Gronn de schéinste Véirel vun der Stad ass. ‘t ass duerfir och kee Wonner, datt en zu deenen am meeschte fotograféierste Plazen am Land gehéiert. An datt den ‘natur musée’ do matzendra läit, mécht d’Schaffen hei natierlech ëmsou méi agréabel. Dat Bescht ass, datt ee jo e Besuch bei ons am Musée och ëmmer mat engem Trëppeltour duerch de Gronn verbanne kann.

D’Natur am Gronn. Wéi a wou kritt een déi dann elo am beschten ze gesinn?

IMG_1191Ma do bitt sech natierlech mol de Wenzelwee un, deen et elo zënter dem Kulturjoer 1995 gëtt. An do muss ee wëssen, datt et parallel zum Wenzel mat den Tafelen iwwer d’Geschicht vun der Stad am Mëttelalter, och den Natur-Wenzel gëtt, deen onse Musée am selwechte Joer installéiert huet an deen nach ëmmer flott weist, wat Stadnatur ass a war. Dëse Wanderwee fänkt op der Corniche un a gëtt dem Spazéiergänger op dräi Kilometer en Iwwerbléck iwwer eng Rei vun Aspekter vun der natierlecher a vun där vum Mënsch geschafener Ëmwelt an der Stad Lëtzebuerg. Kuck emol: D’Festung Lëtzebuerg gouf op där Plaz opgeriicht, wou den Zesummefloss vun Uelzecht a Péitruss de Lëtzebuerger Sandsteen déif ageschnidden huet. D’Fielswänn, déi doduerch entstane sinn, bilden de Liewensraum fir eng Villzuel vun Déieren- a Planzenaarten.

Dobäi muss ee bedenken, datt d’Fielse vum Lëtzebuerger Sandsteen en extreme Liewensraum fir Déieren a Planzen duerstellen. Aarme Buedem, Waassermangel, staark Sonnenastralung a grouss Temperaturschwankungen schafe Konditiounen, ënner deenen nëmme ugepasste, spezialiséiert Aarten iwwerliewe kënnen, déi dunn am Laf vun de Joren en Deel vum Stadbild gi sinn.

D’Natur am Gronn an iwwerhaapt an der Stad ass also relativ divers?

Dat kann ee scho soen. Flechten, Moossen, Farnen a Bléieplanzen bilden Liewensgrondlag fir Insekten a Spannen, vun deene sech erëm Eidechsen ernieren. Och Flantermais a verschidde Vulleaarten hu sech dëse Liewensraum erausgesicht. Am allgemenge sinn d’Fielsen jo wéineg gestéiert a bilden esou e wichtege Refugium bant der Stad. D’Déiere benotze Fielsen entweder als ganzjährege Liewensraum wéi zum Beispill d’Mauereidechs, als Schlof- oder Iwwerwanterungsplaz wéi d’Flantermais oder als Nistplaz wéi den Tuermfallek zum Beispill.

An déi naturno Vegetatioun vun de Fielsen an hirer Emgéigend ass erëm fir vill Déierenaarte wichteg. D’planzefriessend Insekten déngen dobäi aneren Déieren wéi der Mauereidechs als Nahrung. Um Fouss vun de Fielse wimmelt et tatsächlech nëmmen esou vu Mauereidechsen.

Flantermais a Vulle brauchen dogéint als Liewensraum eng villfälteg Landschaft, déi se dann am d’Uelzechtdall fannen.

Wat flott ass, wann ënnert dem Bock laanscht kënnt an iwwer de Stierche spazéiert, dat ass, datt een en e phänomenale Bléck iwwer d’Gäert huet. ‘t stinn esouguer Wäiriewen do.

D’Gäert, déi erëm vun der Stad Lëtzebuerg esou flott ënnert dem Bockfiels ugeluecht gi sinn, sinn d’Zeien vun enger fréier ganz reeger gaartebaulecher Aktivitéit op dëser Plaz. Schonns am 17. Jorhonnert sinn et hei Terrassegäert ginn, well déi gënschteg Lag am Südhang vum Bockfiels bréngt éischtens méi Sonnestralung an zweetens Schutz virum kale Wand aus dem Norden. Ideal Konditiounen also fir d’Wäiriewen.

An ’t ass jo och esou, datt an der Stad Lëtzebuerg den Ubau vu Geméis an soss Dekosplanzen traditionell eng grouss Bedeitung hat, haaptsächlech an den Däller vun der Uelzecht, der Péitruss, der Millebaach an am Rollengergronn. An de leschte Jorzéngten war de Gaardebau allerdéngs staark réckleefeg.

Ass et da leschtenends net erstaunlech, datt et mëttlerweil esouvill “Natur” tëscht Gänsefüssercher an der Stad gëtt?

IMG_1194Also ‘t ass keen Zoufall. Fir vill Déieren a Planze gëtt den urbane Liewensraum ëmmer méi attraktiv, wëll rondrëm d’Stied ass duerch déi modern Landwirtschaft eng richteg monoton Landschaft entstan. Vun Diversitéit ass nëmmen nach schwéier ze schwätzen. D’Stied kënnen also zu richtegen Inselen vun der Aartevillfalt ginn. An d’Ironie ass jo schonns déi, datt d’Leit aus de Stied raus an d’Natur tëscht Gänsefüssercher fueren an an der selwechter Zäit d’Natur an d’Stied eran flücht, well hei iwwer Jorzéngten a Jorhonnerten eng ganz Füll vu Liewensraim entsanen sinn: an an un den Haiser an Tierm, an de Parken, de Grénganlagen, Gäert, Kierfechter asw. An dës Natur ass keng “zweetklasseg” Natur. Si ass tatsächlech net manner Natur, wéi déi an de Kulturlandschaften dobaussen.

Am Kader vu Konscht am Gronn mécht iwregens och den ‘natur musée’ dëse Sonnden seng Diere gratis op. Profitéiert also vun dësem Sonnden a verbannt e Besuch am ‘natur musée’ a senger Ausstellung iwwer Planzejeeër a Latäinamerika mat engem klenge gemittlechen Trëppeltour duerch d’Natur am Gronn.

Natur[musée]geschichten, News @lu |