Natur[musée]geschichten op RTL Radio: 10 Joer Asteroidenentdeckung zu Lëtzebuerg (14/4/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Viru bal engem Joer hue mir hei an den Natur[musée]geschichten iwwert Meteoritte geschwat. Haut geet erëm op en neien Tour duerch eist Sonnesystem. An zwar gi mir op d’Sich no Asteroiden.

Ganz richteg. Opmierksam an trei Nolauschterer vun der heiter Emissioun kënne sech bestëmmt nach erënneren, datt mir deemools vu verschidden Zorten vu Meteoritte geschwat hunn an wéivill der all Joer op d’Äerd falen. Elo gi mir emol op d’Sich nom Ursprong vun deenen ausserierdesche Steng an dat sinn d’Asteroiden.

Meteoritten – Asteroiden, wat ass dann do den Ënnerscheed?

Ma am Prinzip gëtt et guer keen Ënnerscheed. En Asteroid ass e Kierper, dee bei der Enstehung vum eisem Sonnesystem viru 4,5 Milliarde Joer entstanen ass. Aus eng riseger Wollek aus Stëbs a Gas am Weltraum, déi a sech zesummegefall ass, sinn eis Sonn, déi 8 Planéiten entstanen, awer och “Offall” wéi z.B. d’Asteroiden oder d’Koméiten.

Verschiddener vu deenen Asteroiden, oder Stécker dovunner – wann se anenee knuppen an zerbriechen – kënnen dann op d’Äerd falen. Schloe se op d’Uewerfläch vun der Äerd op, schwätzt ee vu Meteoritten. Et ass also am Prinzip just de Numm, d’Bezeechnung, déi sech ännert.

Asteroiden ginn et der a ville Gréissten, Déckten a Formen; den déckste huet 950 Kilometer Duerchmiesser, déi klengsten nëmmen e puer Meter. Am Januar 2016 goufen et genee 702.096 registréiert Asteroiden. Et hellt en awer un, datt d’Gesamtzuel an d’Millioune geet.

Déi meescht vun hinnen fënnt en tëscht de Planéite Mars a Jupiter am sougenannten Asteroiderimm, wou se hir Ronnen ëm d’Sonn dréinen. Verschiddener hunn awer och Bunnen ëm d’Sonn, déi den Orbit vun der Äerd kräize. Do schwätzt ee vu Geo-croiseuren.

702.096 ! Dat ass jo eng ganz genee Zuel. Wouhir kann een déi dann esou genee zielen ?

Majo, wéi all aner Himmelskierper och: duerch d’Observatioun vum Nuetshimmel. Et ass zwar net esou, datt een déi einfach esou mam bloussen A gesäit, well se ze kleng sinn, fir genuch Sonneliicht ze reflektéieren, mee mat deene richtegen Instrumenter kann een all eenzelnen Asteroid entdecken.

Asteroid_Telescope Roeser_Dawson et ButtiniEt brauch een dofir mol net onbedéngt déi décksten professionell Teleskopen, dat geet och mat relativ klengen oder mëttelgroussen Teleskopen. Mat esou Instrumenter ass et eis dann och hei zu Lëtzebuerg gelongen nei Asteroiden ze entdecken.

Ah sou! Et gi Leit zu Lëtzebuerg déi nei Asteroiden entdeckt hunn. Ma dat ass jo mol interessant. Kënne mir da gewuer ginn, wien dat ass an wéi déi dat gemaach hunn ?

Den ‘natur musée’ hat virun e bësse méi wéi 10 Joer zesumme mam sengem Collaborateur scientifique, dem Matt Dawson, deen iweregens och als Museker hei bekannt ass, e klenge Rechercheprojet ugefaangen, fir nei Asteroiden ze sichen. Et ass eis dann och no kuerzer Zäit gelongen, ee vun deene Himmelskierper ze fannen. En hat en Duerchmiesser vu knapp 2 Kilometer an ass op enger Distanz vun 200 Millioune Kilometer ëm d’Sonn gedréint.

Well en esou kleng an esou wäit weg ass, kann e sech liicht virstellen, datt et net ganz einfach war, fir en ze fannen. Et ass wéi, wa mir an der Nuecht d‘Flam vun enger Käerz detektéiert hätten, déi op 2000 Kilometer vun eis eweg géif brennen.

Fir esou en Asteroid z’entdecken, mécht ee während enger Nuecht, bei verschidden Auerzäiten, eng Photo vun dem selwechten Himmelsauschnëtt. Dës Biller ginn dann mat enger spezieller Software mateneen verglach. En Asteroid gesäit ee sech am Verglach zu de Stären beweegen, déi fix bleiwen. D’Position an d’Bunn vum Asteroid ginn da mat Hëllef vun enger Datebank ausgerechent, déi 15 Millioune Referenzstären enthält.

Oh, dat kléngt jo awer dann no ganz geneeër Aarbecht. Et ass elo Joer hir, datt den éischten Asteroid zu Lëtzebuerg entdeckt gouf. Ass et da bei deem Asteroid do bliwwen oder sinn nach nach weider Entdeckunge gemaach ginn? A wat gëtt domadder gemach?

Mir hunn déi Méint a Joeren dono nach weider Asteroiden fonnt, am Ganzen 10 Stéck. Déi hunn all eng offiziell Nummer kritt an elo, nodeems se vun anere Équipen nach e puer Mol observéiert gi sinn, hu mir, als Entdecker, d’Recht hinnen e richtege Numm ze ginn. Mir denken drun, se no bekannte lëtzebuerger Fuerscher ze benennen oder no Lëtzebuerger, déi eng Roll an de Naturwëssenschaften gespillt hunn.

Eis Entdeckunge waren e klenge Bäitrag zu engem internationale Projet, bei deem et dorëms geet, all Asteroiden iwwer 1 Kilometer Duerchmiesser an eisem Sonnesystem ze registréieren an virun allem déi sougenannte “NEO’s , Near Earth Objects”, also Asteroiden, déi no bei den Orbit vun der Äerd kommen an eng potentiell Gefor fir eis kéinten duerstellen.

Du hues elo déi ganzen Zäiten an der Vergaangenheet geschwat, heescht dat dass elo keng nei Asteroiden méi entdeckt ginn?

Et ass elo esou, datt an de leschte Joeren, d‘Entdeckunge vun den Asteroide vu groussen internationalen Observatoirë mat voll automatiséierten Teleskopen iwwerholl gi sinn. Do bleift fir esou kleng semiprofessionell Beobachtung-Statioun wéi eis keng Méiglechkeet méi selwer nei Entdeckungen ze maachen.

Mir hunn eis dofir missten eng nei Erausfuerderung sichen. Zënter elo zwee Joer si mir op der Sich no neien, nach net bekannten Koméiten. Bis elo hate mir zwar nach keen Erfolleg, mee mir si ganz optimistesch, datt dat eis nach wäert geléngen, an da kann ee bestëmmt an engem Joer eng nei Natur[musée]geschicht hei op dëser Antenn erzielen.

Den Eric Buttini ass Conservateur vun der Sektioun Geophysik/Astrophysik am ‘natur musée’.

Natur[musée]geschichten, News @lu |