Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De südleche Stärenhimmel (3/3/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Eng Rei vun de beandrockendsten Himmelsobjeten stinn am südleche Stärenhimmel a sinn domat vun Europa aus net sichtbar. Dat ass schuet, mä de Fall ass jo net hoffnungslos. Entweder ‘t huet een d’Zäit an d’Geld an bucht een elo am Fréijor eng Rees an de Chile, Namibia oder Australien, fir sech dat Ganzt live unkucken, oder, an dat ass elo déi méi bëlleg Alternativ, et lauschtert een elo gutt bei onser Natur[musée]geschicht no.

Fir richteg Amateurastronome ass d’Observatioun vum Südhimmel esou, wéi wann s de vun engem groussen, flotte Musée hei aus der Stad – ma komm dann huele mir mol den ‘natur musée’- an den Natural History Museum op London kënns. Et gëtt hei einfach méi ze gesinn. Bei gudden Observatiounsconditioune kann een hei mam bloussen An bis 3000 sichtbar Stären gesinn, mat enger Spektiv esouguer 20.000 bis 40.000. Den hellste Stär ass de Sirius am Stärebild vum Groussen Hond, deen ongeféier 8 Liichtjore vun ons ewech ass. E Liichtjoer ass an onsem Fall eng Distanz, an zwar déi, déi d’Liicht eben an engem Joer zréckleet, an dat mat enger Vitesse vun 300.000 Kilometer an der Stonn…

Mä, dësen hellste Stär, de Sirius, dee gesi mir dach och bei ons, also an der Nordhallefkugel!

Jo, mä net dat ganzt Joer! Et däerf ee bei dëser ganzer Himmelsmechanik jo ni vergiessen, datt d’Äerd eng Kugel ass, déi ëm sech selwer dréit (Dag an Nuecht) an där hir Dréiachs ëm ongeféier 23 Grad verwénkelt zu hirem Dréiplang rondrëm Sonn steet. Haaptkonsequenz dovunner ass an onse Regiounen hei, datt mir Saisonen hunn. Wann et bei ons Wanter mat kuerzen Deeg ass, dann ass et Summer mat laangen Deeg op der Südhalschecht an ëmgedréint.

Diapositive1Während hirem Tour rondrëm d’Sonn kréie mir esou iwwer d’Joer net ëmmer de selwechten Ausschnëtt vum Himmel presentéiert. Kuck zum Beispill dat bekannte Stärebiller vum Orion, de Jeeër. Dat ass nach esou en anere Fall. Fir ons ass et en typescht Wanterstärebild, fir d’Leit op der Südhalschecht duerfir en typescht Summerstärebild. Dat gelt virun allem fir déi Stärebiller, déi op der Grenz tëscht Süd- an Nordhimmel leien. A vun engem gewësse Punkt un gesäit een d’Stären vun der anerer Halschecht iwwerhaapt net méi. De Polarstär zum Beispill ass um Äquator just nach um Horizont ze gesinn, wann iwwerhaapt.

Wann een d’Stären op der Südhalschecht kuckt, steet also villes op der Kopp?

Am wuertwiertleche Sënn vum Wuert. Kuck mol nach eng Kéier d’Stärebild vum Orion. Op der südlecher Halschecht mécht deen aarme Kärel e richtege Kappstand. Mä dat kéins de och vun der Sonn soen: Natierlech geet d’Sonn nach ëmmer am Osten op an am Westen ënner. Am Dag a virun allem an Mëttesstonn steet se awer am…

…Norden?

Majo natierlech. Wanns de also do en Haus keefs a Sonn gären hues, da keefs de dir eent mat Nordlag!

Wat ass dann elo esou genee de Südhimmel?

Ma, t’ass déi Halschecht vum Stärenhimmel, déi südlech vum Himmelsäquator läit. Dat muss ee sech esou virstellen, wéi wann d’Äerd um Äquator duerchgeschnidde wier an en duerchsiichtegt Briet dotëscht géif leien. All d’Stären, déi iwwer der Planche stinn, gehéieren zum nërdlechen Himmel; déi, déi drënner stinn zum südlechen. Wann een also um Südpol steet, da gesäit een de ganze südleche Stärenhimmel rondrëm sech – an der Nuecht natierlech. Wat een allerdéngs méi nërdlech kënnt, wat ee manner vun him gesäis. Am ënneschte Wupp vu Südamerika gesäit een esou nach 80 Prozent vum Südhimmel an 20 Prozent vum Nordhimmel, an Australien a Südafrika sinn et zwee Drëttel vum Südhimmel, déi ee gesäit, an um Äquator da just nach d’Halschent. Mä duerfir kritt ee dann iwwert dem Äquator awer och erëm de Polarstär ze gesinn.

Eng genee Stärenobservatioun erlaabt also, erauszefannen, wou ee sech genee befënnt?

Also, wat de Breedegrad ugeet, jo. Dat heescht, wéi héich oder wéi déif ee par rapport zum Äquator steet. Par contre fir de Längegrad erauszefannen, dat ass eng ganz aner Geschicht.

A firwat huet de Südhimmel dann elo méi Stäre wéi den Nordhimmel?

Dat kënnt dovunner, datt den Zentrum vun der Mëllechstrooss mat ganz ville Stären ongeféier 20° südlech vum Äquator läit. Deementspriechend ass dann do och méi ze gesinn.

Südhimmel_RioMä soss nach vill aneres. An ‘t ass och dat, wat reizt an iwwerrascht. D’europäesch Séifuerer hu richteg gestaunt, wéi se vum 15. Jorhonnert un ëmmer méi südlech komm sinn. Elauter Stären, déi si nach net kannt hunn. Et ginn haut am Ganzen 88 Stärebiller, Nord- a Südhimmel zesummegekuckt. Wann ee graff kuckt, da stellt ee fest, datt am Norden vill Stärebiller den Numm vu Figuren aus der réimesch-griichescher Mythologie hunn. Am Süden fënnt ee par contre vill méi Stärebiller mat Nimm vu wëssenschaftlechen Instrumenter aus der Zäit: Sextant, Oktant, oder Déieren aus de südleche Länner a Kontinenter wéi zum Beispill den Tukan, de Chamäleon a.s.w.

Gëtt et dann elo och Stär, deen direkt de Süden uweist?

Nee, ‘t ass hei net wéi am Nordhimmel, wou et mam Polarstär esou e Weeweiser gët. De Süde kann allerdéngs mat e bëssi Virkenntnes mat Hëllef vum Stärebild “Kräiz vum Süden” fonnt ginn. Et ass iwregens och op de Fändelen vu Brasilien, Australien an Neuseeland drop.

An am Südhimmel gesäit een och déi sonnennächst Stären: den Alpha Centauri, deen och Toliman genannt gëtt, an de Proxima Centauri . Déi sinn 4,34 respektiv 4,24 Liichtjore vun der Äerd ewech.

Planétarium_cafetériaAm Kader vun onser aktueller Ausstellung, wou mir vun de Reese vu lëtzebuergesche Naturalisten a Planzejeeër a Latäinamerika schwätzen, presentéiere mir elo déi nächst zwee Sonndeger elo och an onsem opblosbare Planetarium de Südhimmel am Detail. Ween also Loscht huet, ass häerzlechst invitéiert laanscht luussen ze kommen. An ‘t ass bestëmmt méi bëlleg, wéi eng Rees mam Fliger dohin.

Natur[musée]geschichten, News @lu |