Natur[musée]geschichte op RTL Radio: Flilleken a Fiederen am Steen (4/2/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Haut geet et an d’Lut, an d’Loft, also héich erop! Als Ophänker hu mir e Stéck aus de Muséessammlungen, dat elo net onbedéngt liicht wéi eng Fieder ass, sech also zum Fléien eegene géif, mä am Contraire richteg schwéier ass: e giele Steen.

Jo, mä net egal wat fir een! Mir kommen awer nach drop zréck. Dat flottsten un engem Naturmusée oder engem naturhistoresche Musée ass jo, datt hei mat de Sammlungsstécker u sech déi längste Geschicht erzielt gëtt, déi een iwwerhaapt erziele kann. A wéi bei engem richteg décke Buch ass et dann och ubruecht, dat Ganzt a Kapitelen anzedeelen, déi et méi strukturéiert an iwwersichtlech maachen. D’Naturgeschicht presentéiert sech also e bëssen esou, wéi d’Geschichtesammlung vun 1001 Nacht, dat heescht en Haapterzielungsstrang mat villen Niewegeschichten, an Niewen-Niewegeschichten a.s.w. An esou verhält et sech och mat dësem Steen. Deen hëlleft ons elo de Bou ze man, tëscht deem, wat et elo mol eben ass – also e schwéiere Steen aus Kallek – an der Eruewerung vun der Loft duerch d’Déieren. A wann ee bëssi méi genee kuckt, gesäit een och eng verstengert Libell.

Libelle

Wou kënnt déi dann elo hier?

Ma jo, ‘t ass en neit Stéck aus der paläontologescher Sammlung, dat mir dann och an den neien Dauerausstellunge wäerte presentéieren. Wou ass et fonnt ginn? Ma, a Bayern. Also besser gesot, ‘t ass eng Libell, déi viru gutt 150 Millioune Joer gelieft huet, um Territoire vum heitege Bayern, a méi präzis nach: an der Géigend vu Solnhofen, ongeféier 50 Kilometer südlech vun Nürnberg geleeën. Bekannt ass dat Duerf a seng Géigend virun allem duerch seng Gestengscarrièren, well d’Solnhofener Plattekalke liwwere Gestengs fir d’ganz Welt. De Steen gëlt awer och an der Lithografie als eent vun de beschte Materialien, dat een hei notze kann.

D’Solnhofener Plattekalke gehéieren awer och zu de bedeiteste Fossillagestätten op der Welt. ‘t ass hei, wou déi bis elo zeng eenzeg Exemplaire vum faméisen “Urvogel”, dem Archaeopteryx fonnt goufen. Kuerz eng Klammer op: D’Wuert “Urvogel” ass eigentlech net ganz richteg, well ‘t ass net vun dësen Déieren, wou déi ganz heiteg Vullewelt ofstaamt. Fossilien wéi den Archaeopterix an ons Libell sinn allerdéngs duerfir aussergewéinlech Stécker, well se nach Kierperdeeler opweisen, déi soss nëmme ganz seelen iwwer Millioune vu Joer konservéiert ginn. Dozou geheieren zum Beispill Weechdeeler, Planzeblieder, Insekteflilleken, Fiederen.

Wéi kann ee sech dann elo d’Géigend hei virun 150 Millioune Joer virstellen. Typesch bayresch? Just mat Archaeopterixen a grousse Libellen, déi erëmgeflattert sinn?

Na ja, et huet wuel éischter eng tropesch Inselstëmmung hei geherrscht. Virun 150 Millioune Joer huet an der Géigend vu Solnhofen eng Waarmwaasserlagun existéiert, déi vun engem Koralleriff geschützt gouf. Et huet en tropescht Klima geherrscht, an d’Küstebëscher ware vu Dinosaurier, Eidechsen, Flugsaurier a vu Vulle mat Fiedere bewunnt. Virum Koralleriff sinn Haien, Rachen, Knachefësch, Schildkröten a Krokodillen am Waasser geschwommen. Bei Tropestierm kann ee sech elo virstellen, datt mol heiansdo Mieressedimenter mat doudegen Déieren dran iwwer d’Riff gejummt gi sinn, an d’Lagun eran. Si sinn dann hei op de Buedem gesonk a vun enger Kalleksschicht iwwerdeckt ginn.

An esou zum Fossil gi sinn?

Richteg. Wëll d’Ëmgéigend hei sauerstoffaarm war, sinn och mëll Deeler vun de Kierperen net direkt ewechgefault, sou datt een haut esouguer Quallen ënnert de Fossilien fënnt. Am Kalleksteen si bis haut iwwer 600 Aarten tip top identifizéiert ginn. Dorënner och honnerte Fossilie vu Flugsaurier. Dat waren net onbedéngt déi Risendéieren, wéi se gären an engem Jurassic Park oder Jurassic World-Film gewise ginn, mä do waren der drënner, déi hate just d’Gréisst vun enger Méiw zum Beispill. Déi eng hu Fësch gefaangen a giess, anerer Insekten. An där sinn et der hei och genuch ginn, dorënner dann och ons Libell zum Beispill.

Et war also eng Zäit, an där sech net nëmme just Insekten de Loftraum gedeelt hunn. Domadder hätte mir also tatsächlech de Bou vum Steen op d’Eruewerung vun de Lëfte gemaach.

‘t geet jo e bëssen drëms, fir ze weisen, wéi een et haut mat Fossilie fäerdeg bréngt, vergaange Welten ze rekonstruéieren, mat deenen Déieren a Planzen dran, déi zu all Moment existéiert hunn. De Loftraum war déi lescht Plaz, déi aktiv vun de Liewewiesen eruewert gi war. D’Liewen ass am Waasser entstanen, et huet duerno d’Land eruewert, an dunn eréischt d’Loft. Domadder haten allerdéngs net ons Libell hei an den Archaeopterix virun 150 Millioune Joer ugefaangen, mä nach honnerte vu Millioune Joer éischter aner Insekten, vun deene verschiddener riseg Ausmoosse haten. An den 1880er Joren ass am Département Allier a Frankräich eng Riselibell fonnt ginn, déi Meganeura gedeeft ginn ass an déi eng Fligelspaanwäit vu 70 cm hat. D’Exemplar gëtt haut bei de Kollege vum Muséum national d’histoire naturelle ze Paräis conservéiert. Mir wäerten elo fir déi nei Ausstellungen och e komplett neie Modell vun esou enger ausstellen, deen unhand vu modernste Scantechniken um Original produzéiert gouf.

Den Archaeopterix war jo och schonns an den alen Ausstellungen ausgestallt. Gëtt et deen elo nach eng Kéier ze gesinn?

Jo, an esouguer nach besser wéi virdrun, well dëse war eng Copie. Och beim Neie wäert et dobäi bleiwen, ‘t ass allerdéngs en héichwäertege Moulage. Et sinn der tëscht 1860 an 1988 halt just 10 fonnt ginn an déi gi wéi Staatsschätz konservéiert. Gitt mol eng Kéier op Berlin an den Naturkundemuseum. Den Archaeopterix – den Original – gëtt hei presentéiert wéi d’Monstranz um Altor vun der Péiterskierch ze Roum. Mat Recht, well ‘t ass e Prunkstéck, souwuel vun der Esthetik hier, wéi och vun sengem Wäert fir d’Wëssenschaft an d’Wëssenschaftsgeschicht. Kuckt mol: D’Sklett ass esou grouss wéi dat vun enger Dauf oder engem Hong. Et huet d’Form vun engem klengen theropoden Dinosaurier, also esou e genre Velociraptor mat den deementspriechende Mierkmoler: Schwanz mat Schanken, Klauen an Zänn. An dann huet ee Fiederen. Verstengert Fiederen! Wann een do net an d’Schwäerme kënnt.

Natur[musée]geschichten, News @lu |