Natur[musée]geschichte op RTL Radio: D’latäinamerikanesch Botzequipe (18/2/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An Naturmuséegeschicht vun haut stelle mir eng speziell Equipe aus dem Musée vir, ouni déi et do am Moment net géif goen. Ëm wien handelt et sech dann elo do?

Ma ëm d’Special Task Force vun onser Botzéquipe, déi och an der aktueller Expo eng Eéiereplaz anhëlt. Oder fir et e bëssi méi präzis auszedrécken: Et geet ëm de Service d’hygiène publique vun der Natur. A wie kéint hei net eng besser Plaz fannen wéi de Grupp vun Neiweltgeieren, déi mir an onse Sammlungen hunn, an déi schonns virun iwwer 150 Joer vun de lëtzebuerger Explorateuren a Lateinamerika am Detail a sur place beschriwwe goufen.

Neiweltgeier? Da wäerten et wuel och Alweltgeier ginn!

Absolut. Dat sinn natierlech d‘Geieren, déi a Südeuropa, Afrika an Asien an de Steppen, den Hallefwüsten, mä och de Gebierger virkommen. D’Neiweltgeiere liewe par contre – bon den Numm seet et – an der Neier Welt, also a Nord- Mëttel- a Südamerika. Haut wësse mir vu 7 Aarten, déi sech a fënnef Gattungen opdeelen. A 4 Gattungen gëtt et esou nëmmen eng Aart. Dat ass e bësse wéi beim Homo sapiens: An der Gattung Homo gëtt et am Moment nëmmen d’Aart sapiens. Virun nach 20000 Joer ass et hei mam Neandertaler zum Beispill och nach eng weider ginn.

Mä da mol zréck bei ons Neiweltgeieren: Also do hätte mir den Truthahngeier, de Klenge Gielkappgeier, de Grousse Gielkappgeier, de Kuebegeier, de Kalifornesche Kondor, de Kinneksgeier an dann um Enn den Andekondor. Mir géifen en der haut allerdéngs just déi dräi virstellen, déi och an der aktueller Ausstellung präsentéiert ginn..

Den Andekondor ass dach de Vull mat der gréisster Fligelspannwäit, net?

AndenkondorGenee. Mä, wéi bei ville rekordverdächtege Liewewiesen gëtt d’Gewiicht an d’Spanwäit oft iwwerdriwwen. Geséchert si Spanwäite bis 310 cm bei ganz grousse Männercher mat engem Gewiicht bis zu 15 Kilo. Esou een Andekondor trount dann och bei ons an der Expo iwwer de Putteren ënner dem Daach. Mat sengen ausgebreete Flilleken ass et scho bal en Zelt. Also en impressionant Déier.

Säi Verbreedungsgebitt fänkt haut am zentrale Peru un an zitt sech erof bis Feierland un der Südspëtzt vum Kontinent. Et geet een haut nach vun 10000 reproduktiounsfähege Vullen aus. Den Andekondor ass en Aasfriesser. ‘t ass also net vun ongeféier, datt mir vun der Botzequipe am Musée erzielen. Hie bréngt et awer och fäerdeg, seng Beit, also Kéi, Bierggeessen a Schof duerch e staarkt Schloe mat de Flilleken eng géi Kopp erof stierzen ze loossen, fir sech dann iwwer dat doudegt Déier hierzemaachen.

Aasfriesser, dat héiert sech elo net terribel prestigiéis un. Hunn d’Geieren en Imageproblem?

Kéint ee bal mengen! Wéi wann ee just en Dichtege wier, wann ee selwer an ënner Liewensgefor aktiv op d’Juegt géif goen. Mä och de stäerkste Léiw mécht sech iwwer Aas hier, wann hie soss näischt kritt. An et wëll bestëmmt kee wëssen, wéi et iwwerall géif sténken, wann et keng esou Aasfriesser géif ginn.

Ee vun de virgestallten Naturalisten aus der aktueller Ausstellung, den Agronom Edouard Luja, deen tëscht 1921 und 1924 am Déngscht vun der lëtzebuergesch-brasilianescher Stolentreprise Belgo-Mineira stoung, huet schwaarz Aasgeieren an der Regioun vu Minas Gerais observéiert. Dozou schreift en:

„Eng Kuriositéit vu Belo Horizonte ass d’Schluechthaus, dat nieft enger klenger Baach läit a vun Eucalyptusbeem ëmréngt ass. Hei gesäit een déi ganzen Zäit e ganze Koup vu grousse Gräifvullen op den Äscht sëtzen. Dës Vullen, déi d‘Gréisst vun enger Dinde hunn, ginn Urubu genannt. Si sinn de wéineg deiren Service d‘hygiène vun dëse Regiounen. Si maachen d‘Stroosse vum Offall, Aas, doudegen Déieren etc. propper. De Geroch vum Schluechthaus zitt se besonnesch un.”

Urubu? Aha! Esou grouss wéi eng Dinde, also laang net esou majestiéis wéi de Kondor? Wéi eng vun de Geieraarten ass dann elo domadder genee gemengt?

IMG_2944Ma de schwaarze Kuebegeier. Dësen huet breet a relativ kuerz Flilleken an e kuerze Schwanz. Mat enger Flillekspanwäit vun annerhallef Meter wierkt en tatsächlech net esou impressionant wéi de Kondor. Seng Been a säi Schniewel si schwaarz, d’Iris vum An ass däischter. Hien ass en typesche Kulturfolger, d.h. hie kënnt iwwerall do vir, wou och Mënsche liewen. En anere Lëtzebuerger Explorateur, den Nicolas Funck, hat e während senger zweeter Latäinamerikarees a Mexiko tëscht 1837 an 1841 am Detail beschriwwen.

„Dësen Aasgeier, deen do iwwerall a grousse Schare lieft, ass e genee esou gefriessege wéi feigen a gemenge Vull. A Gesellschaft vun e puer Honnerten, jo souguer Dausenden aneren, bewunnt en d’Emgéigende vun de Küstestied, wou en déi nëtzlech Fonktioun vun engem ëffentleche Hygiènesagent bedreift. A Wierklechkeet ass hien et, deen d’Stroosse vun de Stied an d’Häff vun den Haiser vun all Dreck befreit. ‘t ass och hien, deen d’Kadavere vun den Déieren, déi d’Leit einfach doduerch lass ginn, datt si se an d’Strooss geheien, sezéiert a sklettéiert. Mat engem immensen Eefer iwwerhëlt en dës Aufgab, well a kaum 24 Stonnen huet e mat séngesgläichen egal wéi en Déier komplett zerfleescht.”

Dem Funck seng Observatioune baséieren allerdéngs net op Geieren, déi sech zoufälleg iwwer e schon doudegt Laaschtendéier hiergemaach hunn, mä op enger “Schlemmerorgie” fir Geieren, déi speziell vun engem mexikanesche Guttshär fir de Funck a seng Reescompagnonen organiséiert gouf. D’Häre waren nämlech drop aus, e Kinneksgeier ze schéissen.

Kinneksgeier, oho, dat héiert sech elo awer richteg nobel un! Esou ee schéisst een da jo awer net!

Sollt ee mengen! D’Naturobservatioun war virun 150 Joer nach eppes aneschtes wéi haut. An d’Déieren, déi mir haut frësch an d’Sammlunge kréien, kommen dann och glécklecherweis iwwer aner Weeër, zum Beispill wann an engem Zoo en Déier stierft. Mä deemools huet ee keng Fisematente gemaach. Mä nach e puer Wierder zum Kinneksgeier. Hien ass also ons drëtt Geieraart vun haut. Säin Numm krut en, well en op de Plazen, wou Aas läit, déi aner Geieren dominéiert a fortjot. Hien ass och opfälleg gefierft. De Kapp ass plakeg. Den Hals ass rout, d’Nuque orange bis giel. Op de Bake huet e kuerz, gro-wäiss Fiedern. Mat enger Flillekspanwäit vu 2 Meter ass hien och méi grouss wéi deKuebegeier.

IMG_9493

Krute se de Kinneksgeier dann elo?

Majo, de Guttshär, bei deem si Gäscht waren, huet also extra en Ochs schluechte gelooss, fir onse Service d’hygiène, spréch d’Geieren a virun allem de Kinneksgeier unzelackelen. An den Nicolas Funck huet de Kinneksgeier tatsächlech schéisse konnten. Sou schreift en:

„Ech war natierlech houfreg iwwer mäi Succès an hu schonns d’Erstaune vu menge Compagnone beim Erblécke vum Déier virausgesinn. De Vull ass direkt ausgestoppt a mat der éischter Cargaisoun no Europa verschëfft ginn.“

Méi am Sënn vun enger Naturbeobachtung schreift de Funck – mat deem deemools gängege Pathos – dat heiten, nodeems sech fir d’éischt mol d’Kuebegeiere beim Ochsekadaver afonnt haten.

„En ongewinnte Geräisch huet d’Loft erschëttert. Déi schwaarz Aasgeiere sinn erschreckt rondrëmgesprongen, a kuerz drop hu mir e prachtvolle Vull mat engem feiregem kéngem Bléck an houfreger Haltung gesinn, dee sech matzen um Kadaver niddergelooss huet. Et war de laang erbäigewënschte Kinneksgeier! Mir hunn en direkt u sengem faarfege Gefieder erkannt, uewen hellgiel a schwaarz, ënne schnéiwäiss, u senge schwaarz-wäisse Fëschan an u sengem roude, gielen a blo plakegem Hals. Roueg an houfreg huet en e majestiéise, erofloossende Bléck op seng Subordonnéë gehäit, déi e grousse Bou rondrëm de Kadaver gemaach haten.“

Ech fannen mir hunn déi beschten an disziplinéierst Botzequipe vun der Welt am Musée.

Natur[musée]geschichten, News @lu |