Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Schlaangen a Latäinamerika (21/1/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

“Kuerz no onser Arrivée huet ons e Plantagenaarbechter eng lieweg Nayacaschlaange bruecht, där hiren Hals mat enger Ficelle um Wupp vun engem zimlech laange Bengel festgebonne war. Si ass mat der selwechter Virsiicht ënnert eng eidel Këscht gedréckt ginn, op déi schwéier Steng leie koumen. Mir hätten d’Schlaang eigentlech direkt doutmaache kënnen, mä mir wollten erausfannen, wéi laang d’Déier ouni Nahrung liewe kéint.”

Vun “Orchideeën, Kakao a Kolibrien” heescht déi grouss Ausstellung iwwer Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika”, déi am Moment am ‘natur musée’ ze gesinn ass. Bei esou engem Titel denkt ee virun allem u faarweg spektakulär Bléien, zockerséisse Schokla a léif kleng Villercher. Wann een dëst hei esou liesen, dann ass dat allerdéngs eng Nummer méi grujeleg an net nëmmen, wëll et sech ëm eng Gëftschlaang handelt, well Gëftschlaang hin oder hier, esou ganz fein ass dat jo net, wéi d’Leit hei mam Déier ëmginn.

An där Zäit, déi mir an onser Ausstellung beschreiwen, ass natierlech nach ganz aneschters gesammelt an iwwerhaapt observéiert ginn wéi haut an do maachen ons Lëtzebuerger Naturalisten a Planzejeeër absolut keng Ausnahm. Haut géif een esou eng Virgeeënsweis duerfir och als Biopiraterie bezeechnen. Mä d’Relatioun zu der Natur war an där Zäit einfach eng ganz aner. Hie Reesberichter sinn duerfir awer oft ëmsou méi spannend an erzieleresch interessant. A grad, wann et ëm Schlaange geet, fënnt ee vill flott Beispiller.

Loosse mir ons Leit einfach mol weider erzielen ze loossen, well si kënnen et einfach am beschten. Den Ufank ass gemaach mam Nicolas Fonck, deen et als talentéierte Reesschrëftsteller tatsächlech fäerdeg bréngt, zoologescht Wëssen an abenteuerlechen Erzielunge spannend ze vermëttelen. D‘Geschicht mat der Schlaang– also mol eng Kéier eng richteg Naturmuséegeschicht- geet nämlech nach weider an huet sech esou op senger zweeter latäinamerikanescher Fuerschungsrees tëscht 1837 an 1841 am mexikaneschen Teapa zougedroen.

Mir si gespaant!

Zwee Méint méi spéit ginn de Funck a seng Reesbegleeder, de Planzejeeër Jean Linden an den Auguste Ghiesbreght während der Nuecht op eng ganz desagreabel Aart a Weis un hire Schlaangefang erënnert.

“Mir sinn op eemol duerch en dompt Geräisch aus dem nächsten oppenen Zëmmer wakreg ginn. „Sollt dat d’Schlaang sinn?“ huet ee vu menge Compagnone geruff, deem seng Hängematt am nooste bei der Dier war. Kaum hat en dat ausgeschwat, do hu mir schonns d’Geräisch vun engem schläichende Kierper héieren, dee lues iwwer den Holzbuedem gerutscht ass. Den Instinkt virun der reeller Gefor huet ons geroden, kee Stierweswiertchen méi ze soen, a roueg an onsen Hängematten onst Schicksal ofzewaarden. Mat luesem Otem an onbeweeglech, hu mir dem dréchnen, undauerendem Geräisch, dat heiansdo méi no, heiansdo méi wäit ewech war, nogelauschtert. No ongeféier enger Stonn vun ängschlecher Beklemmung huet sech dat beonrouegend Geräisch verzunn an alles ass erëm roueg ginn.“

D’Geschicht ass awer bestëmmt nach net fäerdeg?

IMG_0943Natierlech net! Moies fréi mécht sech onst Naturfuerscher-Trio nämlech op d’Sich nom ausgebéchste Reptil. D‘Inspektioun blouf ouni Erfolleg; d’Schlaang war verschwonnen an d’Këscht war eidel. Si loung op der Kopp an déi 25 Pond schwéier Steng loungen niewendrun.

Eréischt e puer Woche méi spéit, um Dag selwer vun hirem definitiven Depart zréck no Europa hu se hire geféierleche Matbewunner erëmgesinn.

„Wéi mir déi lescht eidel Këscht aus dem Eck erauszéie wollten, war op eemol hannendrun de Kapp vun der Schlaang ze gesinn. Hir Ae ware kloer, hire Kierper genee esou geschmeideg, wéi wa se déi ganzen Zäit am Iwwerfloss gelieft hätt, an dach ware schonns dräi Méint eriwwer, zënter deems mir se gefaangen haten. Mir hunn et fäerdeg bruecht dat geféierlecht Déier mat enger Schléng ze fänken, déi mir hier iwwer de Kapp geschmass hunn, fir se dunn un e Poul aus Holz festzebannen.

Mir hunn hir e Läffel Branntwäin injizéiert, fir se komplett ze betäuben a se kuerz drop an e Pokal mat Spiritus gestoppt, wou se no laangen Zuckungen de Geescht opginn huet. Mir haten ons elo fir déi schrecklech Nuecht revanchéiert, déi ons d’Schlaang verursaacht hat.“

Kuerz gesot. Lee dech am 19. Jorhonnert net mat lëtzebuerger Naturalisten un! Ginn et dann nach aner lëtzebuerger Naturalisten, déi iwwer Schlaange a Südamerika schreiwen?

O jo, do ass virun allem den Edouard Luja ze nennen, deen an den 1920er Joren a Brasilien als Agronom fir d’Belgo Mineira geschafft huet. Hien huet sech virun allem duerch seng entomologesch a botanesch Aarbechten en Numm gemaach, mä en huet sech während sengem Openthalt a Brasilien och fir déi immens vill Schlaangenaarten intresséiert.

E Véirelsjorhonnert méi spéit schafft en d’Schlaangeproblematik publizistesch op. Déi populärwëssenschaftlech Publikatioun am Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois ass iwregens haut nach ëmmer nozeliesen: Les serpents venimeux du Brésil heescht se. De Luja stellt natierlech virun allem naturwëssenschaftlech Kenntnesser an de Vierdergrond, mä e berücksichtegt doriwwer eraus och déi demografesch, sozial a kulturell Aspekter vun der Schlaangeproblematik an hir Auswierkungen.

An der Ausstellung gëtt et esouguer e spezielle Schlaangeneck!

IMG_0940Genee hei gi mir e bëssi méi am Detail op dat an, wat de Luja iwwer Schlaangen erzielt an da presentéiere mir natierlech och eng Rei vu Schlaangen aus wéi d’Abgottschlaang, Hundskopfboa, Regenbogenboa, Grouss Anakonda, Dreiecksnatter, Texas-Korallenotter, Buschmeister, Klapperschlaang, Lanzenotter, also vun de Würgesachlaangen bis d’Gëftschlaang ass alles dobäi.

Ass déi Grouss Anakonda net eng vun de gréisste Schlaang weltwäit ?

Absolut. A ween eng Kéier am Schlaangeneck de Kapp an d’Lut streckt an erop kuckt, da gesäit een och firwat. Mir stellen nämlech d’Haut vun enger Grousser Anakonda aus, an déi ass gutt 3,5 Meter laang. Et ginn der awer och déi tëscht 6-9 Meter laang kënne sinn a bis zu 200 Kilo op d’Wo bréngen.

An da gëtt et do nach dës flott Erzielung vum Luja vun engem Kampf tëscht enger Mussurana an enger Gëftschlaang.

Majo, fir déi déi et net wëssen, d’Mussurana ass selwer eng Schlaang, déi bis zu 2,40 Meter laang ka ginn. De Luja schreift an engem exzellente Franséisch, ech hunn et trotzdem elo mol iwwersat.

“Dës Schlaang huet eng aussergewéinlech Muskelkraaft. Si erniert sech vu Gëftschlaangen. D’Mussurana läit um Buedem a waard op hir Beit. Eng Gëftschlaang kënnt ugeschlach. Déi zwee Reptilie schlängelen a beweege sech a breede Spiralen. D’Gëftschlaang spiert de Feind, zéngelt nervös mat der flexibeler Zong a preparéiert den Ugrëff. D’Mussurana huet de Géigner elo och bemierkt. Op eemol stierzt sech d’Viper op de Kierper vum Feind, stécht him d’Gëftzänn an d’Fleesch a waart. Mä den erwaarten Effekt trëtt net an, well d’Mussurana ass immun géint d’Gëft vun der Viper. An der Tëschenzäit huet si hire Feind ëmschlongen, andeems si probéiert un den Hals vun der Viper ze kommen, dréckt ëmmer méi zou. Si réisst hiert Maul op, zerbrécht hir de Kapp, a fänkt un hire Feind lues a lues erofzeschléngen. Elo brauch se sech nëmmen nach auszebreeden an hiren üppege Plat ze verdauen.”

Gudden Appetit!

Natur[musée]geschichten, News @lu |