Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Gemoolten Natur (7/1/2016)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Iwwer d’Chrëschtvakanz hu mir jo gepaust, mä vun haut un geet et dann erëm am Zwou-Woche-Rhythmus mat onsen Naturmuséegeschichte weider. Haut gesäit et aus, wéi wa mir iwwer Champignone géife schwätzen. ‘t ass jo awer elo keng esou richteg Champignonssaison? Oder wéi ass et ze verstoen, datt mir elo hei en eelert Buch mam Titel: “Les champignons du Luxembourg” am Studio leien hunn?

Iwwer Champignone kann een ëmmer schwätzen. An esou richteg al ass dëst Buch elo och net. Onse Musée huet et nämlech eréischt 1989, also virun 26 Joer, am Kader vun de Feierlechkeete fir d’150 Joer Onofhängegkeet vum Grand-Duché zesumme mat der Société des naturalistes luxembourgeois erausginn. Champignonsbicher u sech sinn elo och net esou seelen, ‘t ass also och net dat, wat dës Buch esou speziell mécht. Speziell gëtt et duerch d’Illustratiounen, déi am Buch sinn. Dat sinn natierlech elo keng Originalen, mä wann ee weess, vu weem déi sinn, da kuckt ee bestëmmt e bëssi méi genee drop. Et ass nämlech de faméise belsch-franséische Aquarellist Pierre-Joseph Redouté, dee 1759 zu Saint-Hubert am deemolege Duché de Luxembourg – also e bëssi Lëtzebuerg ass och dobäi – gebuer gouf, dunn op Paräis koum, a sech hei mam Molen vu Blummen, virun allem vu Rousen, bei duerno gekäppte Kinniginnen, also d’Marie-Antoinette, a Keeserinnen e ganz gudde Numm gemaach huet. De “Rafael des fleurs” hu se e genannt.

An hei moolt deen elo op eemol Champignonen?

Majo, firwat och net. Mä ‘t war elo och keen de l’art pour l’art. De Redouté gëlt net fir näischt als de Begrënner vun der botanescher Illustratioun. Zu Paräis huet hien nämlech e jonke Landsmann a Botaniker, de Louis Marchand, kennegeléiert a mat him de Projet ausgeschafft en illustréiert Buch iwwer d’Champignone vu Lëtzebuerg erauszebréngen. “Fascicule de Cryptogames du Grand-Duché de Luxembourg” sollt et heeschen. ‘t ass leschtenends ni zu enger Verëffentlechung komm, mä d’Originalmanuskript vum Marchand an de Planchë vum Redouté sinn dunn ufangs der 60er Joren am Rijksherbarium zu Leiden an Holland erëmfonnt ginn. 1989 ass et dunn zu dëser Publikatioun komm iwwer onse Musée komm.

Agaricus reduteusWann een allerdéngs elo duerchbliedert, fält engem op, datt allerdéngs e méi klenge Champignon iwwerhaapt net vun hei ass. Dee kënnt aus dem Amazonasgebitt a Südamerika!

Ma, dat ass och d’Ursaach, firwat mir iwwerhaapt iwwer d’Buch schwätzen. Et erlaabt einfach e flotte Lien ze maachen tëscht Latäinamerika, europäesche Fuerschungsreesen an Naturobservation respektiv Naturduerstellung. A wann een dat nach u bekannte Leit koppele kann, tant mieux. Mir hu jo am Moment am ‘natur musée’ d’Ausstellung iwwer lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika vum 19. Jorhonnert an do ass natierlech vill riets vu Reesliteratur a wëssenschaftlecher Beschreiwung vu Flora a Fauna.

Intressant ass et och ze kucken, wéi de Champignon heescht: Agaricus reduteus, also nom Redouté selwer, deen en op de Wuerzele vu Planze fonnt huet, déi héchstwahrscheinlech vu franséische Planzejeeër aus dem Amazonasgebitt un de Jardin du roi op Paräis geschéckt goufen. De Marchand mengt a senger Beschreiwung, datt hien der Wëssenschaft domadder en Déngscht erweise géif, de Champignon hei mat z’integréieren, och wann dës Aart net am Grand-Duché virkënnt.

Ma da looss ons mol e bësse méi generell iwwer naturalistesch Illustratioune schwätzen. De Redouté war jo bestëmmt net den éischten Naturmoler?

Natierlech net! Schonns zënter der Renaissance am 16. Jorhonnert sinn europäesch Zeechner ausgezunn, fir sech e Bild vun der Villfalt vun der tropescher Déieren- a Planzewelt ze maachen. D’Europäer waren einfach verzaubert vun de Schéinheeten, deene se an dësen onbekannten Territoirë begéint sinn. Et waren Expeditiounen, déi nach ouni Kamera hu missen auskommen. D’Leit deemools hunn et also misse fäerdeg bréngen, den Zauber vu bizarre Planzen a Liewewiesen mam Crayon festzehalen. Dat war net ëmmer einfach. Och si hu sech missen duerch onduerchdrénglech Vegetatioun schloen a sech malariaverseuchte Flëss eropgekämpfen, fir da leschtenends bei schlechtem Liicht ze zeechnen. Et war nëmmen an de seelenste Fäll de l’art pour l’art.

Dës Fuerschungsreesen ware jo meeschtens eng reng Männeraffär. Frae waren net erwënscht?

Et gi remarkabel Ausnahmen. Schonns am Ufang vum 18. Jorhonnert ass d’Maria Sibylla Merian no Südamerika gereest, fir d’Natur z’erfuerschen. Eréischt mat 52 Joer – also och net méi esou ganz jonk fir déi deemoleg Zäit – ass si no Surinam gesegelt, wou se d’Verwandlungsfähegkeet vun der Natur wollt studéieren, wéi zum Beispill d’Metamorphos vun den Insekten.

Wéi ongewéinlech d’Maria Sibylla Merian geduecht a gehandelt huet, erschléisst sech eréischt aus dem Naturbild vun hirer Zäit, géint dat se sech huet missen erwechsetzen. Dat Natierlecht an der Natur hat an der Zäit vum Barock als onfäin gegollt, als ordinär. A Raupen, Mueden, Wiermer a Käfer, war dat net Däiwelsgeschier? D’Maria Sibylla Merian, d’Molerin aus Frankfurt, mécht sech drun, dëst Bild ze wandelen. Mat engen “verzauberte” Bléck op dat Friemt, mä och mat engem präzise Bléck fir den Detail, geléngt et hier meeschterhaft, och duerch hier sensationell Illustratiounen, d’Zesummenhäng a d’Wiesselbezéiungen an der tropescher Fauna a Flora opzeweisen.

Hier Biller hu sécher mat dozou bäigedroen en neit Bild vun der Äerd ze schafen. E Bild, dat zur Sammelleidenschaft animéiert an iwwerall Raritéitekabinetter gefëlt huet. E neit Bild vun der Äerd, mat deem sech zugläich, systematiséieren, katalogiséieren, an iwwerhaapt eng méi ëmfaassend Wëssenschaft vun der Natur opbaue gelooss huet.

Majo, mir krute jo schonns an der Schoul ëmmer gesot: Da maach dach en anständege Schema. Et gëtt hei och nach en Zitat vum englesche Naturkondler John Ray, dee 1684 schreift, datt e Buch iwwer Botanik ouni Biller wéi e Geografiesbuch ouni Kaarte wier. Ass och flott!

Agaricus reduteus_TexteMir sinn esou u Biller vun den Déieren a Planze gewinnt, datt eng Welt ouni si ons onvirstellbar erschéngt. Et gëtt awer och oft vergiess, datt e Bild an engem Buch ëmmer d’Resultat vun engem laangen, komplexen an deiere Prozess war.

E naturalistescht Bild ass net nëmmen eng Kopie vun der Natur, déi en talentéierten Artist ofliwwert, si ass d’Spigelbild vu wëssenschaftlecher Erkenntnes. D’naturalistesch Illustratioun mécht nëmme Sënn a Begleedung vun Text, mat deem se interagéiert, wéi och bei onsem Beispill vum Redouté senge Champignonen. Ouni den Text vum Marchand si se net ze verstoen, mä och ëmgedréint.

D’naturalistesch Illustratioun ënnerscheed sech domadder vun engem artistesche Bild, dat keng naturalistesch Erklärung brauch. Einfach esou Biller iwwer d’Natur ginn et jo iwwerall: a kënschtleresche Wierker, an der Dekoratioun, am Roman, an der Reklamm: Just dës Biller léieren ons näischt iwwer d’Liewen vun de representéierten Déieren a Planzen.

Am Kader vun onser Ausstellung invitéiert den ‘natur musée’ duerfir och de Méinden 11. Januar um 18.30 op eng Konferenz “Histoire de l’illustration naturaliste” mat der franséischer Emwëlthistorikerin Valérie Chansigaud.

Natur[musée]geschichten, News @lu |