Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Mineralien a Steng aus Latäinamerika (10/12/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Déi nei Expo ass d’lescht Woch opgaangen. “Vun Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturfuerscher a Planzejeeër a Latäinamerika” heescht se. Mir wëllen am Kader vun den Naturmuséegeschichten och eng Rei Geschichten vun esou Naturfuerscher erzielt kréien. Elo ass den Objet vun haut e Stéck Steen. An der Ausstellung geet et also och ëm Steinsucher, wann een dat esou soen däerf?

Natierlech däerf een dat, d’autant plus, datt och nach ee vun dëse Leit sech selwer esou bezeechent huet. Dat war de Robert Becker, mä zu deem komme mir dann nach spéider.

Lava Popocatepetl_Majerus_ MNHNLcollectionsAlso dat Gestengs hei, no Edelsteng gesäit et jo net aus!

Nee, mä ‘t ass trotzdeem e wichtegt Stéck. t’ass e Stéck Lava vum Popocatepetl, also engem mexikanesche Vulkan, op deen ee vun onse Protagonisten aus der Ausstellung am Joer 1851 eropgeklommen ass, fir en z’erfuerschen. An en huet spéider dunn eng ganz Partie vu Gestengsprouwen a Mineralien dem Musée hei zu Lëtzebuerg geschenkt.

A firwat klëmmt da virun iwwer 150 Joer e Lëtzebuerger op dëse Vulkan. Aus Abenteuerloscht? Wie war dat dann iwwerhaapt.

Ma, et handelt sech an dësem Fall ëm de François Emile oder méi einfach Frantz Majerus, dee vun 1819 bis 1887 gelieft huet. Hien hat e Biergbau-Studium mat Diplom zu Léck ofgeschloss. Ëm 1849 ass hien a Mexiko gaangen, an en huet fir d’mexikanesch Regierung d’Geol13 Im Krater des Popocatepetl 1851, d'après nature_Frantz Majerus_Privatsammlung M. Servaisogie vun etleche Bierger, dorënner eben och de Popocatepetl an och de Pico de Orizaba erfuerscht. Et war also net aus aus Abenteuerloscht, wou en d’Bierger eropgekraxelt ass. Et gouf nämlech Pläng, de Schwiefel, dee sech am Krater vun dëse aktiven Vulkan déposéiert hat, industriell ofzebauen. De Schwiefel a soss Gestengs wéi dëst Lavastéck huet en 1854 dem Musée vermaach. Dës Stécker ginn dann elo och an der Expo gewisen. Dorënner sinn dann awer och nach richteg wäertvoll Specimenen wéi zum Beispill Gediegen Bläi also Bläi a Rengform, wat méi rar ass an als Holotyp, also wëssenschaftlecht Referenzstéck bei ons an de Sammlunge conservéiert gëtt. Während senger Rees a Mexiko huet de Majerus och gezeechent. D’Originaler sinn haut a Privatbesëtz a mir kruten d’Erlaabnes dës dann an enger weiderer Expo vu Mäerz 2016 un ausstellen.

Hannescht an Europa, gouf de Frantz Majerus 1856 Matgrënner vun der Burbacher Schmelz a war bis 1860 hiren Direkter. Duerno huet hien d’Kolmer Schmelz gepacht.

D’Reese vum Frantz Majerus schénge jo richteg Reussiten ze sinn. Wéi ass et dann zum Beispill beim Robert Becker, onsem Steinsucher gaangen?

Dem Robert Becker seng Geschicht léisst sech am einfachsten ënnert dem Saz “Abenteurloscht an Hoffnung op e bessert Liewen a Latäinamerika resüméieren. De Becker war 1889 eng éischt Kéier am Sog vum Argentinieféiwer an d’La Plata-Region émigréiert. Nieft dem gebiertegen Ettelbrécker Becker hu sech méi wéi 400 Lëtzebuerger un der Grënnung vun der Sidlung San Antonio de Iraola an der argentinescher Pampa bedeelegt. Haart Liewensbedingungen an intern Streitegkeeten innerhalb vun der Sidlung hunn awer séier zu enger Opléisung vun der Duergemeinschaft an zu enger Réckwanderungswell vun de Lëtzebuerger geféiert.

Dovunner léisst de Robert Becker sech awer net découragéieren, oder?

Genee. An der Mëtt vun den 1890er Joren, versicht hien da säi Gléck als Steinsucher ze fannen. Am Norde vun Argentinien stéisst en dunn op en Amethystvirkommen, wouriwwer en dann säi Monni Adolf Becker informéiert. Dëse lieft zu Idar-Oberstein, engem vun de wichtegsten Bijou- an Hallefedelsengveraarbechtungszentren an Däitschland vum 19. Jorhonnert. Noddems déi regional Achatvirkommen am hunsrück zënter den 1830-Joren erschöpft waren, hu se hei virun allem op Hallefedelsteng a Mineralien aus Uruguay a Brasilen verschafft. Wéinst dem Kontakt mam Monni kënnt de Becker esou och zu präzisen Informatiounen iwwer Verkafswäert an iwwerhaapt zu Kontakter mat der Hallefedelstengindustrie an Däitschland.

No erfolleglosem Steinsuchen an Nordargentinien kënnt de Becker duerno ëm 1897 och no Brasilien, wou en de 26. Juli 1921 am brasilianesche Brejinho das Ametistas verstierft, dat eng vun de wichtegste Niederlassunge vun de Geschäftsleit aus Idar-Oberstein a Lateinamerika war. Hei war hien demno sozio-kulturell, am Kader vun enger Idar-Obersteiner an Hunsrücker Kléngstgemeinschaft implantéiert gewiecht.

Wéi weess een dann dat elo alles?

Majo, aus dem Liesen vun der Familljekorrepondenz, déi viru kuerzem fonnt ginn ass. Also de Bréifaustausch tëscht dem Robert Becker a senger Famill zu Ettelbréck. Mä trotz dëser Découverte ass et just méiglech d’Liewen a Latäinamerika a Brochstécker ze rekonstruiéiren. Geschicht ass heiansdo och richteg Detektivaarbecht.

A wéi ass et dann haut? Huet den ‘natur musée’ nach ëmmer Kontakter a Latäinamerika?

Ons Mineralogiessektioun ass tatsächlech hei ganz aktiv, an zwar am Kader vun enger Etude iwwer brasilianesch Pegmatiten, an där et och gelongen ass zwee komplett nei Mineralien ze bestëmmen: Qinghéiite (Fe2+) an d’Wilancookite.

De Méinden ass iwregens um 18.30 Auer eng Konferenz iwwer ons mineralogesch Brasiliensammlungen mam Conservateur vun der Sektioun, dem Simon Philippo. Hie stellt hei d’Geschicht vun onse Sammlungen an de Kader vun der Sich no Mineralien a Südmerika. Et wäert mat Sécherheet spannend a virun allem ganz faarweg ginn.

Natur[musée]geschichten, News @lu |