Serie op radio 100,7: Planzejeeër a Latäinamerika

D’Dauerausstellunge vum ‘natur musée’ si bis Dezember 2016 wéinst Renovatiounsaarbechten zou. Dat bedeit awer fir d‘Équipe net, dat se Paus hätt. D’Preparatiounen zu der grousser Réouverture-Ausstellung “Orchidées, cacao et colibris – Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine” am Dezember 2015 lafen op Héichtouren.

Am 19. Joerhonnert goufen et zu Lëtzebuerg gréisser Emigratiounswellen, haaptsächlech an Nordamerika, mee an engem méi limitéierten Ëmfang och a Latäinamerika. Allerdéngs sinn déi meescht Versich -vun haaptsächlech Klengbaueren an Handwierker- a Südbrasilien, Guatemala oder Argentinien Fouss ze faassen, an engem Fiasko geendegt. Méi Erfolleg haten d’Explorateuren an Aventurierse vu Lëtzebuerg. Hir Biografien an Découvertë ginn an der MNHN-Expo vum 4. Dezember 2015 un presentéiert.

De radio 100,7 presentéiert se an enger Serie vun Emissiounen, déi an Zesummenaarbecht mam Curateur vun der Ausstellung, dem Historiker Claude Wey, entstane sinn. Lauschtert eran.

Deel 1: 10.11.2015

Deel 2: 11.11.2015

Deel 3: 12.11.2015

Deel 4: 13.11.2015

Deel 5: 14.11.2015

Edouard Luja au pied d'un caféier

Edouard Luja au pied d’un caféier

News @lu |