Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Fliedermais um Science Festival (12/11/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Haut geet jo de Science Festival am Gronn un. An eng kleng Ausstellung mat Atelier ass während dëse 4 Deeg am ‘natur musée’ ze gesinn. Et geet ëm Flantermais. Jidderee kennt se, mee kaum een huet schon eng lieweg Fliedermaus vun no gesinn. Mä, och wa se esou heeschen, et si jo keng richteg Mais, oder dach?

Wa mir reng op d‘Ausgesi kucken, wéi dat fréier oft gemaach gouf, da kéint ee vläicht mengen, Fliedermais wäre Mais mat Flilleken, well se gesinn op den éischte Bléck tatsächlech e bëssen esou aus: si hunn eng ähnlech Gréisst, e gro-brongt Fell, kleng An a gehéiere wéi d’Mais zu de Mamendéieren. Mee wa mir déi Déiere richteg anuerdne wëllen, da musse mer méi genee kucken, wéi hire Kierperbau asi an da fanne mer eraus, dass Fliedermais méi no mat engem Igel oder engem Maulef Famill si, wéi mat enger Hausmaus z.B.

Aha, dat hätt ech awer och net geduecht, den Igel mat senge Picken erënnert net direkt un eng Fliedermaus.

Dat stëmmt, mä kucke mir deenen Déiere mol an de Mond: hiert Gebëss seet alles. Eng Hausmaus ass en Nagedéier mat laange Schneidezänn, déi gutt sinn, fir ze knabberen, a flaache Bakenzänn. Hinne feelen awer déi spatz Eckzänn. Eng Fliedermaus, en Igel an e Maulef hu vill spatz Zänn an déi si gutt, fir Insektepanzeren ze knacken. Si friessen alleguer Insekten a sinn no matenee Famill.

Ah sou, vill Leit mengen dach, Fliedermais géifen heiansdo Blutt saugen. Ass dat dann och falsch?
Et gëtt a Südamerika Vampirfliedermais, déi ritze mat hire schaarfen Zänn kleng Wonnen an d’Haut vu schlofenden Déieren (grouss Vullen oder Mamendéieren) an dono lecke si d’Blutt aus der Wonn op.
Eis einheimesch Fliedermais awer lecke kee Blutt, si friessen haaptsächlech Insekten a Spannen an dofir si si ganz nëtzlech Déieren. Pro Nuecht fänke si bis 4 000 Insekten, wéi z.B Nuetspäiperleken, Moustiken asw, dat ass 1/3 vun hirem Kierpergewiicht. Fléie kascht ebe vill Energie an dofir mussen d’Fliedermais sech nuets vill Kalorien zouleeën.

Mat wat fléien si dann eigentlech, si hu jo keng Flilleke mat Fiedere wéi d’Vullen?
De Fliedermais hir Äerm-Hand- a Fangerknachen si staark verlängert. Tëscht de Fangeren, den Äerm, de Been an dem Schwanz ass eng dënn Haut gespaant, déi eng grouss Tragfläch bilt. Dës Flughaut erméiglecht et der Fliedermais ze fléien. D’Flughaut ass den empfindlechsten Deel vun de Fliedermais an si verbrénge vill Zäit domat dës Haut ze flegen. Si däerf net ausdréchnen. Mat engem Drüsesekret reiwen d’Fliedermais d’Haut an. E Lach an der Haut kann heelen, awer nëmmen, wann et net ze grouss ass.

D’Fliedermais sinn also Déieren, déi just fléie kënnen?

Nee, un de 5 Zéiwen hunn d’Fliedermais laang Krallen an déi si gutt, fir ze klammen, mee haaptsächlech fir sech mam Kapp no ënnen un e Plafong festzekrallen. Dofir brauche si keng Muskelkraaft. Si hunn e spezielle Sehnespärmechanismus an dee fonktionnéiert och nach, wa si gestuerwe sinn. Sou bleift alt mol nach eng doudeg Fliedermaus do hänken.
Et ass fir Fliedermais net einfach, fir vum Buedem an d’Luucht ze fléien, dofir hänken si sech gär mam Kapp no ënnen un e Plafong. Beim Fortfléie kréien si da gläich genuch Schwong, fir fort ze kommen.

PM allgemeng 95

Wou halen dës nuetsaktiv Déieren sech dann am Dag op?

D’Weibercher schlofen dagsiwwer zu vill beieneen a sougenannte Wochestuffen (op Späicheren, a Scheieren, Kierchtierm, Hielen…). Hei wunnen Urgroussmammen, Groussmammen, Mammen an hir Kanner am Summer zesummen.
D’Männercher sinn Eenzelgänger.  Si hause gär an eidele Bamhielen, hannert Klapplueden, a Fielssplécken, awer och a Kierchtierm, Scheieren a.s.w… Nuets, wann et ufänkt däischter ze ginn, fléie si dann all eraus a ginn op Insektejuegd, ausser déi Kleng, déi bleiwen alleng an der Wochestuff. Fliedermais joen nuets, well se da wéineg Feinden hunn a keng Konkurrenz beim Insektefänkeë. Des Taktik huet zum Erfolleg vun hirer Entwécklung a Verbreedung bäigedroen, well se si schonns zënter iwwer 50 Millioune Joren nuets ënnerwee!

Déi Kleng gi nach net mat op Insektejuegd. Vu wat ernähren déi sech dann?
E Weibche kritt ee bis maximal zwee Jonker pro Joer, déi Kleng komme plakeg a blann op d‘Welt an si gi während 6 bis 7 Woche vun hirer Mamm mat Mëllech geniert. Jo, d’Fliedermais gehéiere wéi de Mënsch och, zu de Mamendéieren .

Wat maachen eis Fliedermais dann eigentlech am Wanter, wann et keng Insekte méi gëtt?
Dat ass net einfach fir si, mee och dofir hu si eng optimal Léisung fonnt.
Am Hierscht ginn hir Wochestuffen opgeléist, d’Fliedermais paare sech, si friessen sech nach déck Fettreserven un an da maachen se sech op d’Sich no engem gudde Wanterquartéier. Wann et da kal gëtt an d’Insekten ufänke rar ze ginn, hänken d’Fliedermais sech oft zu vill beieneen an eng ënnerierdesch Hiel oder e verlossene Stollen. Hei fällt Temperatur net ënner 10°C an et ass fiicht genuch, fir net ze verdréchnen. Si setzen hir Kierpertemperatur vun 38° C op 5 bis 12°C erof, si ootmen nëmmen nach wéineg, hiert Häerz schléit méi lues, si friessen näischt méi an esou hale si, mam Kapp no ënnen natierlech, hire Wanterschlof, aus deem se eréischt erwächen, wann et dobaussen nees méi waarm gëtt. An hirem Wanterschlof sollen déi Déieren net gestéiert ginn. Wa si fréizäiteg erwächen an eraus fléien, ouni eppes ze friessen ze fannen, da kascht dat si zevill Energie an si riskéieren, et net iwwer de Wanter ze packen.

Wéi kënnen d’Fliedermais d’Insekten nuets iwwerhaapt gesinn a fänken, wa se just kleng Aen hunn?
Jo tatsächlech, si gesinn net ganz gutt. Hir Ouere sinn allerdéngs grouss am Verglach mat hire klengen An an dat ass och d’Léisung vum Problem: Fliedermais orientéiere sech mat hiren Ouren.
Et gëtt zwou Zorten: déi eng heesche Glatnuesen. Dës stoussen Ultraschalllauter duerch de Mond aus. Déi aner heeschen Hufeisennuesen an déi jäizen duerch hir hufeiseförmeg Nues. Dës Ultraschalltéin, déi mir mat eisen Ouren net héieren kënnen, falen op en Hindernis an der Landschaft wéi e Bam oder eng Heck z.B. . Den Echo informéiert d’Fliedermaus doriwwer, wou se hifléie kann,ëouni anzeknuppen. Fällt dese Schall awer op e klengt Objekt, dat sech beweegt, da wees d’Fliedermaus, dass dat en Insekt ass an si ka geziilt drop lass fléien.

Wivill verschidde Fliedermausaarte gëtt et dann nach bei eis am Land?
Zu Lëtzebuerg gëtt et Haus-a Bëschfliedermais. Et sinn am ganzen 20 Fliedermausaarte bekannt, dorënner eng, déi ziemlech seelen an Europa ass:  d’Grouss Hufeisennues. Dovun hu mer eng ganz schéi Kolonie op der Musel. All eis Fliedermais stinn ënnert Naturschutz. Si sinn a Gefor, well hir natierlech Liewensraim ëmmer méi zerstéiert ginn: eng oppe Landschaft ouni Hecken a Beem ass dramatesch fir d’Fliedermais, well si sech net méi orientéire kënnen., D’Kierchtierm oder Diecher vun de Scheieren, bei deenen d’Afluglächer zougemaach ginn, verhënneren, dass se hir Wochestuffen do ariichte kënnen.  Vergëften Insekten sinn och net grad dat Richtegt. fir z’iwwerliewen.
Fliedermais hunn ausser den Nord-an de Südpol d’ganz Welt erobert. Et gëtt se schonns zënter 50 Millioune Joren, loosse mer se weider schützen, et si ganz nëtzlech Déieren.

D’Biologin Françoise Theisen schafft fir de Service éducatif vum ‘natur musée’. Den Atelier iwwer d’Fliedermais ass am Kader vum Science Festival, deen dëse Weekend am Gronn stattfënnt, am ‘natur musée’ ze fannen. 

Natur[musée]geschichten, News @lu |