Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Publizéieren am ‘natur musée’ (1/10/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Bei deem, wou mir haut an den Natur[musée]geschichte schwätzen, muss ee säin hobescht Englesch auspaken: Aberrant plumages in grebes Podicepedidae. An analysis of albinism, leucism, brown and other aberrations in all grebe species worldwide. Em wat geet et?

Majo, natierlech fir d’éischt natierlech mol ëm ongewéinlech Fiederkleeder bei Lappentaucher. Dat ass e Vullegrupp, deen am wëssenschaftleche Jargon Podicipedidae genannt gëtt. Et ass eng wëssenschaftlech Analys vu Fehlfierwunge wéi zum Beispill Albinismus oder Leuzismus, déi bei Lappentaucheraarte weltwäit virkomme kënnen.

Mä elo keng Angscht, mir wäerten déi elo net all duerchgoen. Duerfir gëtt et nämlech en Expert an dat ass an dësem Fall den André Konter, ee vun onse wëssenschaftleche Mataarbechter vum ‘natur musée’. Dorëms wou et an der heiteger Naturmuséegeschicht geet, ass déi ganz Publikatiounsserie Ferrantia, an där dëse Band – et ass immerhin schonns den 72. an der Rei, elo virun enger Woch erauskomm ass.

Ferrantia? Hat de Musée net viru ganz laanger Zäit e Conservateur gehat, deen esou ähnlech geheescht huet? Mir haten dach schonns eng Kéier op dëser Plaz iwwer dëse Mann geschwat.

Ganz richteg. Du mengs bestëmmt de Victor Ferrant, an ‘t ass och hien. Et huet e bëssen Traditioun, de wëssenschaftlechen Publikatiounsserië vun akademeschen Institutiounen, de latiniséierten Numm vun enger Perséinlechkeet ze ginn, déi an der Geschicht vun där Institutioun eng grouss Roll gespillt huet. An onsem Fall ass dat de Victor Ferrant, dee vun 1894 bis 1940 d’Geschécker vun onsem Haus geleet huet. Am Naturhistoresche Musée vun Darmstadt zum Beispill heescht d’Serie Kaupia, nom Johann Jakob Kaup, engem Paläontolog an Zoolog, deen dësem Musée säi Stempel opgedréckt huet.

Wéi wichteg ass et dann iwwerhaapt fir Iech esou eng Publikatiounsserie ze hunn?

Ganz einfach: Si ass net méi wegzedenken! Mir sinn e wëssenschaftlecht Institut, un deem gefuerscht gëtt, a wou an de Sammlunge geschafft gëtt. Et ass also wichteg, d’Resultater vun esou Aarbechten och kënnen ze publizéieren. ‘t ass iwwer d’Publikatioun, wou de Wëssenschaftler existéiert an ‘t ass net vun ongeféier, wou ee vu Publish or perish schwätzt. Dat féiert mat Momenter an der Wëssenschaftswelt och zu Mëssstänn, zouginn, wëll d’Fuerscher dach heiansdo engem extrem staarken Drock ausgesat sinn. Mä, d’Publikatioun bleift de Moyen par excellence, mat deem de Wëssenschaftler demonstréiert, datt en eppes opweisen huet, seng Seriositéit ënnermauert a sech en Numm bei senge Fachkollege mécht. An als Musée mat Fuerscheren hu mir natierlech eppes opweisen. Zënter 1982 verfüügt de Musée iwwer säi Centre de recherche, an deem Fuerscher aus dem Haus zesumme mat wëssenschaftleche Mataarbechter un der Erfuerschung vun onsem Patrimoine naturel schaffen. Et ass bei der Grënnung vum Centre als wichteg betruecht ginn, dëse Leit e Moyen ze ginn, hir Fuerschungsresultater kënnen onofhängeg vun externen Zwäng ze publizéieren.

Dat huet dunn zu der Creatioun vun der Serie “Travaux scientifiques du Musée national d’histoire naturelle gefouert, an där 1982 den éischte Band och erauskomm ass. Dat war den “Atlas provisoire des insectes du Grand-Duché de Luxembourg – Lepidoptera” vum Marc Meyer an dem Alphonse Pelles.

Lepidoptera, dat sinn d’Päiperleken, net?

Respek, dat ass richtegt! Am Laf vun de Jore sinn dann eng ganz Rutsch vun anere Sujeten aus der Naturgeschicht erauskomm, mat ënnerschiddlechen Enverguren. Dat ass vun enger Broschür vun 20 Säiten bis zum décke Buch vun 350 Säite gaangen. Am ganzen waren dëst 32 Bänn.

Mä, war virdrun net vun 72 riets!

IMG_1925

D’Zäiten ännere sech. Et war ons viru ronn 10 Joer wichteg, dës Publikatioun den Exigenze vun enger moderner Wëssenschaftsrevue unzepassen ugefaange bei enger  Formatupassung, fir besser kënnen Biller, Fotoen, Grafiken an Tabloen ënnerzebréngen. Wann een op Sammlunge schafft, ginn onmoosseg vill Tabloen a Lëschte produzéiert. Dann eng nei Mise en page, neie Schrëfttyp, kuerz gesot: alles eng Nummer méi dynamesch.  Als lescht dann nach natierlech den Numm: Zënter der Nummer 33, heescht d’Serie “Ferrantia – Travaux scientifiques du Musée national d’histoire naturelle”. Dat fir d’Präsentatioun.

Mä och de Contenu huet misse reforméiert ginn. Et sinn nei Instructions aux auteurs ausgeschafft ginn, déi enger moderner Wëssenschaftsrevue entspriechen. Et gëtt e Comité de lecture, deen duerfir suergt, datt d’Publilatioun hieb-a stichfest ass. Ausserdeem gëtt et och nach en externe Review, wou mir Spezialéisten aus dem jeeweilege Fuerschungsgebitt bieden, eng Aschätzung vun der wëssenschaftlecher Qualitéit ofzeginn.

A wien däerf dann elo publizéieren? Nëmme Leit, déi am ‘natur musée’ schaffen?

Nee, déi natierlech och, mä ‘t ginn iwwerhaapt keng Restriktiounen, wee bei ons publizéieren däerf. ‘t ass éischter iwwer den Themeberäich, wou mir ons agrenzen. Mir sinn eng Serie vu Monografien, dat heescht gréisser Artikelen, déi sech mat de Wëssenschafte vum Liewen an den Äerdwëssenschafte beschäftegen. Am Idealfall soll e Bezuch op iergendeng Manéier zu Lëtzebuerg bestoen. Zum Beispill ass et beim Ferrantia iwwer d’Lappentaucher den Auteur, e Lëtzebuerger Ornitholog.

Wéi a wou kënnt een un d’Ferrantia?

Am Prinzip am Muséesshop, deen elo mat der neier Ausstellung am Dezember och erëm opmécht. Soss ganz praktesch einfach mol um Internet op www.mnhn.lu/ferrantia nokucken. Hei kann ee sech se alleguerte gratis als pdf eroflueden, oder bestellen.

Den Thierry Helminger ass Editiounsleeder vun der Revue “Ferrantia – Travaux scientifiques du Musée national d’histoire naturelle”. Hien ass Botaniker am Musée a responsabel fir déi Lieweg Planzesammlungen.

 

Natur[musée]geschichten, News @lu |