Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Bluttsëffer (15/10/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An ongeféier engem Mount gëtt de Science Festival erëm am Gronn vum ‘natur musée’ an dem Fonds national de la recherche organiséiert. Iwwer 50 Workshoppen an Showe probéiere Loscht op Wëssenschaft ze maachen an invitéieren d’Leit hei selwer eng Hand matunzepaken an z’experimentéieren. Mä, den ‘natur musée’ ass net just nëmmen Organisateur, hie presentéiert selwer mat sengen Equippen eng ganz Partie vu Workshoppen. Am Kader vun den Natur[musée]geschichten hu mir ons duerfir mol einfach eng erausgepickt, déi sech relativ grujeleg unhéiert: Bluttsëffer. Wat gëtt dann elo hei fir Blutt gesoff?

Natierlech d’Blutt vun de Leit, déi op onsen Atelier kommen. Nee am Eecht. Mir kucken ons Lais, Zecken, Fléi, Mustiken an natierlech och Bluttsëffer ënner dem Mikroskop un. An da ginn aus Ekeldéieren ganz séier faszinant Béischten.

Bluttsëffer2015Et muss een also kee Biolog sinn, fir eppes Interessantes bei dësen Bluttsëffer z’entdecken?

Natierlech net. Ënner dem Mikroskop kann ee bei dëse Béischte ganz vill spannend Detailer entdecken. Eng Kapplaus huet e platte Kierper, fir net einfach gefaang ze ginn, grouss Krallen, fir sech un den Hoer fest ze halen, an Antennen, fir de Mënsch ze richen. Eng Zeck, déi zwar och platt ass, gesäit awer  ganz anescht aus.

Firwat ginn et iwwerhaapt Déieren, déi Blutt drénken?

Alles wat ka giess ginn, gëtt och giess. An dofir ginn et och Béischten, déi sech op onst oder aneren Déier hiert Blutt stierzen. Verschidden Déieren, déi Blutt drénken, hu wahrscheinlech souguer eng wichteg Roll an der Evolutioun gespillt.

Oh, Vampiren als Motor vun der Evolutioun? Dat héiert sech spannend un! Kënnt Dir ons e Beispill ginn?

Zebraen hunn an Afrika an deene Géigenden, wou et d’Schlofkrankheet gëtt, ganz vill Sträifen. Duerch déi vill Sträifen sinn d’Zebrae gutt getarnt an d‘Tse-Tse-Méck, déi am Dag ënnerwee ass, gesäit si net a kann si och net picken. D’Schlofkrankheet ass iwregens déidlech fir Päerd, Zebraen an och de Mënsch. Den Erreger vun der Schlofkrankheet ass en Eenzeller (den Trypanosoma), den vun der Tse-Tse-Méck iwwerdroe gëtt. De bekannte Biolog Josef Reichholf behaapt souguer, datt déi éischt Mënschen Afrika wéinst der Schlofkrankheet verlooss hätten. Doriwwer kann een allerdéngs streiden. Et weist awer, datt et Wëssenschaftler ginn, déi sech Gedanken iwwer déi laang an intensiv Relatiounen tëscht Krankheetserreeger an hiren Affer maachen. An eng Migratioun ass natierlech ee Mëttel fir engem Krankheetserreeger aus dem Wee ze goen oder sech ze wieren. En anert Beispill vun Ofwiermechanismus fënnt ee bei der Malaria, eng schlëmmer Krankheet, déi verschidde Leit allerdéngs net kréie kënnen.

Firwat dann dat?

An Afrika hu verschidde Leit eng Anémie falciforme, déi genetesch bedéngt ass. Déi rout Bluttkierpercher hunn d’Form vun enger Séchel a net vun engem Disk, wéi dat normalerweis de Fall ass. Dës Form verhënnert, datt den Erreeger vun der Malaria, den Eenzeller Plasmodium, an déi rout Bluttkiepercher erakënnt. Mustike schleefen de Plasmodium vun engem Mënsch bei deen aneren. De groussen Nodeel vun der Anémie falciforme ass awer, datt déi rout Bluttkierpercher vill manner Sauerstoff kënnen transportéieren an dat bréngt natierlech vill Problemer mat sech: dës Leit kënne keng grouss Ustrengunge maachen an och net op Bierger klammen.

Stëmmt et datt bei de Mustike just d’Weibercher picken?

Jo, d’Weibercher brauche Blutt, fir datt hir Eeër sech entwéckele kënnen. D’Männercher gi sech mat Planzenjus zefridden. Bei de Fléi ass et anescht do drénke Männercher a Weibercher Blutt.

Leit hu mir erzielt, si wieren zu Lëtzebuerg am Wanter vu Mustike gepickt ginn. Ass dat méiglech?

Mustiken iwwerwanteren op kale Plazen, also och am Keller vun Haiser. Eng Mustik, déi wakreg gëtt, kann natierlech och picken.

Firwat beschäftegt sech den ‘natur musée’ iwwerhaapt mat Déieren, déi Blutt drénken?

Eng wichteg Aufgab vum ‘natur musée besteet doran, d’Biodiversitéit hei zu Lëtzebuerg z’erfuerschen an dozou gehéieren eben och och Béischten, déi de meeschte Leit net sympathesch sinn.

Wéi eng Déieren, déi Blutt drénken sinn an de leschte Joere vum Musée studéiert ginn?

Bei de Lausmécke sinn 7 Aarten hei zu Lëtzebuerg entdeckt ginn. Dat si platt Mécken, déi besonnesch op Vulle Blutt suckelen. Dorënner war och eng Aart aus Nordeuropa, déi Zuchvullen als Taxi benotzt.

Ginn et och Déieren, déi Blutt drénken, déi fir de Mënsch nëtzlech sinn?

Bluttsëffer op däitsch Egel si Wierm, déi ënner anerem an der plastescher Chirurgie bei Transplantatioune agesat ginn. Am Spaut vun de Bluttsëffer si Proteinen, déi d’Blutt verdënnen an dofir suergen dat déi  transplantéiert Kierperdeeler, wéi Nues oder Ouere besser duerchblutt ginn.  Et gëtt also verhënnert, datt sech hei Blutt usammelt an  déi transplantéiert Deeler erëm ofgestouss ginn.

Ech gesinn iwwer Bluttsëffer kënnte mir nach stonnelaang schwätzen. Et mécht op alle Fall Loscht op de Science Festival ze kommen. Wéini ass dat?

De Science Festival ass vum 12. bis de 15. November am Gronn an a rondrëm den ‘natur musée’ an Neimënster. Den Donneschden an den Freiden si fir d’Schoulklasse a soss Gruppe reservéiert. De Weekend ass de Science Festival vun 10 bis 18 Auer fir jiddereen op an den Entrée ass gratis.

De Claude Heidt ass Biolog am ‘natur musée’ a begeeschterten Ornitholog. Fir de Panda-Club an de Science-Club animéiert hie vill Aktivitéite rondrëm d’Natur.

Natur[musée]geschichten, News @lu |