Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Ausstellen am ‘natur musée’ (29/10/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

‘t wier jo iwwerdriwwen, wann ee géif behaapten, datt näischt lass zu Lëtzebuerg wier, well den ‘natur musée’ am Gronn am Moment nach zou ass. Zur Erënnerung: Am Moment gëtt jo renovéiert a fléisseg un den neien Ausstellunge geschafft. Mä aus dem Kulturliewen zu Lëtzebuerg ass den ‘natur musée’ sou oder sou net méi ewech ze denken, an d’Leit freeë sech bestëmmt erëm an den ‘natur musée’ ze kommen, wann en erëm op ass.

Majo, dat hoffe mir natierlech och an am Prinzip dierft et och esou sinn, op alle Fall, wann ee mol d’Zuele kuckt. Geet natierlech hei net drëms, fir Zuelefetischismus ze bedreiwen, mä trotzdem. Zënter der Ouverture vum ‘natur musée’ am Gronn am Dezember 1996 sinn iwwer 850.000 Leit an den ‘natur musée’ komm, fir sech d’Ausstellungen unzekucken oder soss un enger Aktivitéit, sief dat eng Féierung, eng Konferenz oder engem Atelier deelzehuelen. Dat ass zweemol d’Land. Wann een all ons Aktivitéite kucken, och déi rondrëm an dobaussen, hu wäit iwwer 1.200.000 Leit drun deelgeholl, bal dräimol d’Land. Mir haten ons virun e puer Joere schonns op de Fändel geschriwwen, datt mir wéilte Loscht op Wëssenschafte maache bei de Leit. E bëssi dierft dat schonns fonktionnéiert hunn.Vill Leit dierften den ‘natur musée’ also kennen a komme bestëmmt gären erëm, wann en nees op ass. Mä dauert jo net méi laang.

Mä. wie sinn dann iwwerhaapt d’Besicher vum ‘natur musée’? Ginn et Etuden doriwwer.

Mir haten virun e puer Joer, ier mir iwwerhaapt mam Projet vun der Neigestaltung ugefaangen hunn, iwwer d’TNS-Ilres e representative Sondage maache geloss, wéi a wat vum ‘natur musée’ dobausse gewousst ass. Mir sinn dobäi guer net schlecht wechkomm, fir net ze soen, esou guer relativ gutt. ‘t ass e Musée, dee gutt vun der Populatioun akzeptéiert ass, d’Zuele weisen et jo. D’Besicher stamen aus alle Bevölkerungsschichten: Et kënnt een alleng (‘t ass iwregens dat, wat ons tatsächlech iwwerrascht huet: mir hu vill Eenzelbesicher iwwer 45 Joer), et kënnt ee mat enger Grupp, mat der Schoulklass oder de Scouten, mat de Kanner oder mat der Boma an dem Bopa.

Et geet een an den ‘natur musée, well een un der Naturgeschicht oder den Naturwëssenschaften intresséiert ass oder well d’Themen vun den Dauer- a Sonnerausstellungen aussergewéinlech, ëmmer léierräich an heiansdo erstaunlech bis komplett ongewéinlech sinn, an hoffe mir mol d’Prädikat “Net ze verpassen” verdéngen

 Elo kënnt awer esou richteg Nostalgie op!

DSCN0240Eischter Houfer. Well ‘t ass jo net esou, datt fréier alles besser gewiescht wier. Trotzdeem: Wien erënnert sech net un ons Ausstellungen a Publikumserfolleger wéi déi iwwer d’Raten, d’Champignonen, d’Bieren, d’Flantermais, d’Vulkanen, d’Gold, den Taaschtsënn, d’Zäit oder d’Äiszäiten?

Wien denkt net mat engem Laachen un esou Iwwerraschungsgäscht wéi de Marsupilami, de Parfum, d’Hénger, d’Muschelen oder de Geschmaach. Dat waren Ausstellungen, déi tatsächlech d’Gemidder vun de Leit beweegt hunn an op eng einfach, verständlech mäa trotzdem spannend Aart a Weis gewisen hunn, wat Naturgeschicht esou alles ze bidden huet: dat ass d’Entdeckung vun der Vilfalt an der Natur a Verbindung mat enger onbänneger Loscht op Wëssenschaft. An dat Beschten ass, datt nach vill aner flott Ausstellungen nokommen! Eischter eng grouss Virfreed also, wéi Nostalgie!

Am ‘natur musée’ gëtt et jo elo fir jidfereen eppes z’entdecken an ze kucken?

NDM14_MNHN_Visiteurs_MZ_3‘t ass e Musée fir d’ganz Famill. D’Naturgeschicht geet ons alleguerten eppes un. Zënter onser Kandheet si mir am Kontakt mat der Natur. All Dag léiere mir nei Aarte kennen. Eng vun de Stäerkten vum ‘natur musée’ ass a bleift natierlech seng Unzéiungskraaft bei de Kanner a jonke Jugendlechen. Wann e Kand dovunner dreemt, hei vläicht d’ausgestoppte Modell vu sengem Lieblingspezzi an Originalgréisst ze gesinn, dreemen eeler Kanner bestëmmt éischter vun engem Liewen als Wëssenschaftler oder gesi sech bei der Erfuerschung vun onsem Planéit.

Esou e richtegen Declic fir Ausstellungen an Ausstellungsprogrammatioun gëtt et hei zu Lëtzebuerg awer eréischt zënter dem Kulturjoer ’95?

Ah jo, dat villgerühmte Kulturjoer ’95. Dat hat natierlech e ganz positiven Effekt an huet bei der lëtzebuerger Populatioun zu enger prise de conscience fir d’Muséeë gefouert, mat allem, wat Muséeë eben esou beinhalten: Dauerausstellungen, Sonnerausstellungen, Wanderausstellungen, Wëssensplazen, Lieu de convivialité, Konferenz- a Kaderprogrammen, pädagogesch, Katalogeditioun, a.s.w.

War dat dann net ëmmer esou?

D’Fonktioun vum Musée hat iwwer déi lescht Jorzéngten dach komplett geännert. Ganz laang hunn d’Muséeë sech jo domadder zefridde ginn, hir Sammlungen engem dach relativ ageschränkte Public ze weisen, deen tatsächlech och nëmme wéineg geännert huet. ‘t gëllt fir de Konschtberäich, genee esou fir den Naturwëssenschaftsberäich: Zënter 1995 ass allerdéngs hei richteg ugerappt ginn.

City Detective 096Alleng d’Ausstellung Megabugs, déi mir ’95 am Kader vum Kulturjoer organiséiert hunn, huet méi wéi 40.000 Leit ugezunn: Eng Ausstellung iwwer Insekten! Deemools war den ‘natur musée am Gronn nach net fäerdeg, a mir am gaangen lues a lues déi fréier Raim um Fëschmaart eidelzeraumen. Sou ass d’Expo an den alen Ausstellungshalen um Lampertsbierg organiséiert ginn. En ähnleche Succès hate mir eréischt erëm 2005 mat onser Äiszäitausstellung mam Mammut an der Entréeshal. Onse fréieren Direkter, den Norbert Stomp, huet jo ëmmer gesot, hie géif sech en Agangselefant als Zuschauermagnéit an d’Entrée wënschen. Hei hate mir een, leider nëmmen fir eng kuerz Zäit.

2015 ass dat elo awer schonns aneschters. Et si grouss a wichteg Muséeën dobäikomm. D’Muséeën sinn zu onëmgängleche Akteuren an der Kulturszen ginn, déi sech awer stänneg nei beweisen an erfanne mussen.

An op wéi eng Ausstellungs soll ee sech am Moment freeën?

Ma, dat dierft dann natierlech ons grouss Sonnerausstellung sinn, déi elo de 4. Dezember hir Dieren op mécht. “Orchideeën, Kakao a Kolibrien – Lëtzebuerger Naturalisten a Planzejeeër a Latäinamerika” heescht se. Mir wäerte bestëmmt nach eng Kéier d’Geleenheet kréien, méi am Detai doriwwer ze schwätzen, mä kuerz gesot: Et geet dorëms, wéi am 19. Jorhonnert an ufangs vum 20. eng Partie Jonk Leit, de Wee an d’Nei Welt geholl hunn, well se entweder en Optrag haten, wéi z.B. Orchideeë sammelen ze goen, déi deemools hei an Europa e richtegen Hype ausgeléist haten a wäertvoll Sammelstécker vun der Bougeoisie waren, oder Leit waren, déi trotz Beruff naturalistesch veranlaagt waren a fläisseg gesammelt hunn: Steng, Planzen, Mineralien a vun deenen eng ganz Partie haut an onse Sammlunge konservéiert ginn. D’Ausstellung ass domadder och eng historesch Opaarbechtung vun onse Sammlungen. Mä ‘t geet natierlech virun allem drëms, ze weisen, ze beschreiwen, z’analyséieren, wien dës Leit waren, wat hir Motivatoune waren, ënnert wéi enge Conditioune hir Reesen ofgelaf sinn, wéi se sech op der Plaz hu missen organiséieren, an och wéi d’Rezeptioun vun hirem Schaffen doheem war.

Natur[musée]geschichten, News @lu |