Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Schatzkummer vum Musée (4/9/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An den Naturmuséegeschichte ass jo schonns iwwer villes geschwat ginn: Déieren, Fossilien, Evolutioun, d’Geschicht vum Musée natierlech… mä haut wier et mol intressant eppes iwwer d’Mineralie gewuer ginn. An dat net vun ongeféier. Well wann ee nämlech op d’Facebook-Säit vum ‘natur musée’ geet, gesäit, datt do reegelméisseg déi schéinste Mineralie virstallt ginn.

Domadder ass bestëmmt de Mineral Monday. ‘t ass och ënnert dësem Hashtag, wou eng ganz aner Partie Muséeën a Mineraliefrënn ueschter d’Welt all Méindes hir schéinste Stécker op Facebook, Twitter a Co presentéieren. A well mir eben och eng grouss Mineraliesammlung mat richtege Prachtstécker hunn, poste mir do mat Enthusiasmus mat. Mir stellen also all Woch e besonnescht Stéck aus der Sammlung vir, erziele wat et ass, wou et hier kënnt a wéi mir un et komm sinn.

Gëtt et dann esou en alleréischt Stéck, op dat den ‘natur musée’ mat Houfer als dat éischt Sammlungsstéck verweise kënnt?

IMG_1311Na ja, beim alleréischte Stéck gëtt et schonns méi schwireg. Et däerf een net vergiessen, datt déi éischt Sammlungen – op alle Fall wat d’Mineralogie ugeet – elo schonns zënter 1850 bestinn an zënterhir ass vill geschitt. Historesch gesinn, mä och vum Prestige, souwuel vum Stéck selwer, wéi och vum Donateur, ass dat wichtegst Stéck aus der Grënnerzäit wuel ouni Zweifel en imposante Ensembel vun zwee Quarzkristallen, déi de Musée 1865 vum Prince Henri des Pays-Bas, dem Prënz Hary, dem deemolege Grand-Duc Wëllem III sengem Brudder geschénkt krut huet. Eng richteg Pièce royale also!

E Stéck vun engem Prënz mécht jo elo nach keng Sammlung aus. Ginn et nach aner Leit, déi an dëser Zäit – also der zweeter Halschent vum 19. Jorhonnert, respektiv Ufank vum 20. Jorhonnert – zum Opbau vun der Sammlung beigedroen hunn?

Jo natierlech. De Musée ass jo vun der Société des Sciences naturelles de Luxembourg geréiert ginn, där hir Membere dann och Donën un de Musée gemaach hunn. D’Lëscht vun de Nimm liest sech e bëssen wéi e Who is Who vun der Haute Bougeoisie hei an der Stad: Dutreux, de la Fontaine, Pescatore an och de François Majerus, e Minneingenieur aspéideren Direkter vun der Burbacher Schmlez, deen dem Musée eng Partie vu Mineralien aus Mexiko an d’Sammlung ginn huet, déi ee vun enger Rees dohinner matbruecht hat. Mir presentéieren iwregens vum 1. Mäerz bis de 24. Abrëll 2016 a Neimënster eng kleng Ausstellung mat Zeechnungen an Aquarellen ebe just vun dësem Frantz Majerus, déi en deemools a Mexiko gemaach hat. Absolut kuckeswäert Biller vun engem Reesenden, Naturfuerscher a Latäinamerika. Dat ass jo och – wann ech et séier soen däerf – d’Thema vun der nächster grousser Sonenrausstellung am ‘natur musée’, déi dann am Dezember 2015 opgeet.

Haut huet d’Mineraliesammlung iwwer d’Zengdausende vu Stécker. Alleng duerch d’Agliderung vun enger wäertvoller Kollektioun vun der Uni Louvain konnt d’Gesamtzuel vun de Stécker verduebelt ginn.

Dat ass richteg. D’Uni vu Louvain huet aus Plazgrënn a Reorganisatiounsgrënn d’Sammlung missen opginn. Dat war schonns am Joer 2003, an den Tranfer ass ënner der Conditioun geschitt, datt d’Kollektioun och zesumme géif bleiwen, also net no anere Critèren géif opgespléckt géif ginn, oder tëscht villen ënnerschidleche Muséeë géif verdeelt ginn. Mir sinn als Musée op dës Manéier, an do hunn och vill perséinlech Kontakter eng Roll gespillt, un eng wëssenschaftlech ganz wäertvoll Sammlung komm. Mir garantéieren en retour, datt hir Fuerscher awer nach ëmmer Prioritéit hunn, wa se dorobber fuersche wëllen.

Mä ‘t ass net déi eenzeg Sammlung, déi esou iwwer Kontakter vun onsem Mineralog an de Musée kommen: esou sinn och bedeitend Privatsammlungen, aus dem In- an Ausland an de leschte Joren an de Musée komm. D’Kollektioun wiisst also stänneg an ass och déi wichtegst a repräsentativsten hei am Land.

Fuerschen deet de Musée jo och an der Mineralogie.

De Musée ass och e Fuerschungsinstitut. Wat d’Mineralogie ugeet, geet et natierlech fir d’éischt dorëms e kompletten Inventaire vun de Mineralien hei zu Lëtzebuerg ze man. Da schaffen ons Leit awer och op der Chimie an der Kristallographie vu bestëmmte Gruppe vu Mineralien wéi z.B. de Phosphater. A sou kann et dann och mol virkommen, datt een eppes komplett Neits entdeckt. Op enger Fuerschungsrees a Brasilien zesumme mat der Uni Léck, hunn ons Fuerscher an de magmatesche Gestengsprouwen eng nei Mineralienaart entdeckt. Dat kënnt relativ seele vir. Weltwäit kennt een der just ongeféier 4400, e bëssen aneschtes wéi be de Milliounen Déieren- a Planzenaarten. De Mineral krut den Numm Qingheiite-(Fe2+).

Elo kéint ee jo soen: ok, an nach e weidert Mineral. Mä ‘t ass vill méi wéi dat. Et gëtt haut praktesch keng mënschlech Aktivitéit méi, déi net vu mineraleschem Material ofhänkt. Nei Technologien entstinn, an deenen déi ënnerschidlechst Mineralien zum Asaz kommen. Déi klassesch Mineralogie huet sech mëttlerweil esou developpéiert an diversifiéiert, datt komplett nei Wëssenschaftszweiger entstane sinn: Biomineralogie, Ökomineralogie, Technomineralogie. A wat ee méi vun de Propriéitéite vun den ënnerschidleche Mineralie weess, wat ee se besser asetze kann. E klengt Puzzlestéck zum grousse ganzen droen do och ons Leit bei.

Natur[musée]geschichten, News @lu |