Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Beschreiwen a klassifizéieren (17/9/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

D’Leit aus dem ‘natur musée’ sinn erëm gutt erholl a voller Energie aus der Vakanz zréck. Sou huet d’Panda-Fest virun der Schoulrentrée de leschte Weekend vill Leit ugezunn an den neien Aktivitéitsprogramm ass attraktiv wéi ëmmer, och wann d’Dauerausstellunge am Moment frësch gemaach ginn an zou sinn. Den ‘natur musée’ huet natierlech och erëm nei Natur[musée]geschichte parat.

Déi eenzeg, déi elo nach ëmmer an hirer verdéngter Vakanz sinn, sinn ons Déieren an aner Objeten, déi elo mol e puer Méint hir Rou hunn. Verschiddener begéint ee jo nach bei anere Kulturinstituter hei zu Lëtzebuerg am Kader vun onser Aktioun “Vakanz bei der Famill” erëm, mä dovunner ass jo schonns hei geschwat ginn. Onse Programm fir d’Rentrée ass trotz Ëmbau gutt gefëllt an do ass dann natierlech fir d’éischt eemol de Science Festival ze nennen, deen dëst Joer seng zwanzeg Joer zu Lëtzebuerg feiert. A well et déi zéngte Kéier ass, wou dëst gréisste Wëssenschaftsfest zu Lëtzebuerg stattfënnt, ass et also eng richteg Gebuertsdagseditioun, déi vum 12. bis 15. November am Gronn stattfënnt. An ‘t ass och an dësem Kader, wou et déi eng oder aner Geschicht z’erziele wäert ginn, well gëtt jo vill do gewisen, dorënner och etleches aus dem ‘natur musée’.

Huet dat dann elo och eppes mat dëse Playmobilsmännercher ze dinn, déi hei de Studio dekoréieren?

IMG_1867Op eng gewësse Manéier schonns. D’Zoulauschterer gesinn et jo leider net, mä ‘t si virun allem Déieren aus der Playmobilswelt, déi sech hei ausgebreet hunn. Wat hunn déi elo mat engem ‘natur musée’ a Science Festival, respektiv seriöser Wëssenschaft ze sinn? M,a op den éischte Coup natierlech näischt, ‘t ass just Spillgezei. Mä, ‘t ass vläicht just dat, wat intrigéiert a fir eng éischt Opmierksamkeet bei de Leit, a virun allem de Kanner suergt. Onse kompletten Playmobilszoo ass dann esou och um Science Festival am November ze gesinn. Kuerz gesot: Mir probéieren spilleresch mat dëse Männercher de Prozess vum “Beschreiwen a Klassifizéieren” z’erklären.

Beschreiwen a klassifizéieren? ‘t ass jo e bëssi dat, wat Dir am ‘natur musée’ och maacht, net?

Ganz genee. Mä, net nëmmen e bëssen, souguer ganz vill. Ouni wëllen z’iwwerdreiwen, kann ee bal soen, datt Beschreiwen eng vun de wichtegsten Aarbechten ass, déi et an engem Musée ze maache gëtt. Well wann d’Leit, déi bei ons schaffen, sief dat Zoologen, Botaniker, Paläontologen oder Mineralogen net richteg beschreiwen, wat se ënnersichen, da gëtt et duerno och beim Klassifizéiere komplizéiert. Et geet bei onsem Spill fir d’éischt mol drëms richteg beschreiwen ze léieren. A wann een Déieren a Planze beschreift, kritt ee fir d’éischt mol erkläert, wat wichteg ass, a wat manner wichteg ass.

IMG_0910Onsen Zoo hei besteet aus ganz villen Déieren. Wann een e Grupp Kanner ustellt  – mat Erwuessenen klappt dat bestëmmt och- si solle probéieren, dës Déieren ze uerdnen, an zwar sou, datt et e Sënn ergëtt, da komme ganz spannend Diskussiounen op: Solle mir no Ausgesinn uerdnen, no Liewensraum, no der Aart vun der Fortbeweegung, no deem, wat se friessen…

Uerdnen ass also net gläich uerdnen! Je nodeems, wéi een Uerdnung schaaft, kritt een en anert Resultat.

Richteg! Kuckt eemol. Et géif jo duergoen, fir d’Déieren einfach anstänneg ze raumen. : Der Gréisst no zum Beispill op e Gestell stellen, oder de Faarwen no. Dat géif alleng bei der Vilfalt vu Playmobilsfiguren, déi mir elo hei hunn net vill ginn, vun den 10 bis 30 Milliounen vu realen Aarten dobaussen net ze schwätzen. De Chaos wier virprogramméiert. Net onbedéngt am Kannerzëmmer, mä bestëmmt an de Muséeskollektiounen. Well esou ka jo jidferee raume wéi e wëll: No Critèren, déi engem aneren vläicht guer net agefall wieren. De Verglach tëscht deem, wat jidfereen a senger Sammlung huet, gëtt ganz schwéier.

Et gëtt och nach d’Method vum Tri, nom Motto: Wien huet, wien huet net. D’Rat, d’Päerd an den Elefant hunn eng Wierbelsail. De Reewuerm, de Schleek an de Käfer hu keng. Dat klappt relativ gutt, wann et drëms geet, z.B. Insekten oder Bléien ze bestëmmen, also als Bestëmmungsschlëssel, mä fir ze klassifizéieren ass och den Tri net ideal. Well dat, wat de Reewuerm, de Schleek an de Käfer gemeinsam hunn, ass jo just d’Tatsaach, datt se eppes net hunn, an zwar eng Wierbelsail. Den Tri ass praktesch, mä erzielt näischt iwwer d’Welt oder d’Geschicht vun den eenzelne Liewewiesen.

Dat héiert sech esou un, wéi wann et jo awer eng Method géif ginn, mat där een eng sënnvoll Klassifikation opstelle kann, op mannst bei der Klassifikatioun vun de Liewewiesen?

IMG_0904Majo sécher. Eng Sammlung vu Liewewiesen ze klassifizéieren , bedeit no Gemeinsamkeetenze  sichen, no Gemeinsamkeete bei Kierpermierkmoler. Eng Klassifikatioun muss also net onbedéngt praktesch sinn, mä si erzielt ons vill doriwwer, wie wat mat weem gemeinsam huet, an domadder och, wie méi no mat weem verwant ass.

D’Wëssenschaft vun der Klassifikatioun ass d’Systematik. On do huet sech an den leschten drësseg Jore vill gedon. Wousst Dir, datt Dir méi no mat engem Steepilz verwant sidd, wéi mat enger Ouschterblumm? Datt Krokodillen de Vulle méi no stinn wéi den Eidechsen? Datt d’Dinosaurier nach ëmmer ënner ons sinn? Datt mir méi no mat enger Forell verwant sinn, wéi d’Forell mat engem Hai, obwuel mir déi zwee zu de Fësch zielen. Konsequenz: Begrëffer wéi Fësch, Reptil a Wierbelloser gi mëttlerweil an der wëssenschaftlecher Klassifikatioun net méi oder ëmmer manner agesat.

Et kann een also ganz vill aus e puer Playmobilsmännercher maachen.  An déi, déi méi doriwwer wësse wëllen, sinn natierlech häerzlech op de Science Festival invitéiert. Fir d’Schoulklassen sinn iwregens d’Aschreiwunge vum Méinden un op www.science-festival.lu méiglech.

Natur[musée]geschichten, News @lu |