Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Metamorphos vum ‘natur musée’ (21/8/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Dës Woch war et dann sou wäit: Zënter dem Méinden gëtt den ‘natur musée’ ausgeraumt, sou datt d’Aarbechten fir déi nei Dauerausstellunge ufänke kënnen. Do si jo eng Rei vu schwéiere Gesellen dobäi. Nach kee Muskelkater?

Nee, mä Kapp wéi, wann ech un onse Bison um éischte Stack denken, deen nach iergendswéi de Wee d’Trapen erof muss fannen. Dee weit nämlech net wéineg. Good old stuff, géifen d’Amerikaner soen. ‘t ass iwregens e Geschenk vum fréiere Staatsminister Paul Eyschen, deen e selwer 1910 vun den Amerikaner geschenkt krut. An deemools ass nach richteg schwéier mat Gips ausgestoppt ginn. Do maachen déi aner Déieren et ons schonns méi liicht.

A wat geschitt dann elo mat all dësen Déieren, …

IMG_1637… a Fossilien, a Mineralien, a Schanken, a Meteoriten, a soss Gestengs, Net ze vergiessen och déi vill Modeller. Also do ass elo eng ganz Equipe, déi eng Hand mat upääkt. Am Musée ginn et jo eng ganz Rei vu Servicer wéi d’Paläontologie, d’Mineralogie, d’Zoologie, d’Botanik, déi déi entspriechend Sammlunge geréieren. Ma, déi huelen hir Specimenen elo alleguer eenzel aus de Vitrinen eraus, verifiéieren direkt, ob se nach an der Rei sinn. Esou wësse mir zum Beispill, datt d’Mammutzänn, déi elo déi ganz 19 Joer zënter der Ouverture vum ‘natur musée’ an der Vitrinn stoungen, musse fachgerecht traitéiert a restauréiert ginn. Dat selwecht gëlt fir aner Stécker, wéi z.B. och e Stéck Meteorit, deen et ëmmerhinn schonns 4,5, Milliarde Joer gëtt. E puer Joer am Musée kann heiansdo ganz ustrengend sinn. Wéi gesot, dat geschitt elo mat all eenzel Stéck. Aus der Vitrinn huelen, direkt nokucken, ob alles an der Rei ass, virsichteg apaken a da geet et zréck an d’Sammlung. Eng ganz Partie vun de Stécker wäert natierlech dann erëm an deenen neien Ausstellungen ze gesi sinn…

Déi Enn 2016 erëm opginn. … Mä et huet sech och erëmgeschwat, datt eng Partie vun den Déieren a soss Objete bei d’Famill an d’Vakanz ginn.

IMG_1634An déi Vakanz hu se sech wierklech verdéngt. Den ‘natur musée’ ass elo tatsächlech eng kleng Weilchen ganz zou, allerdéngs net bis Enn 2016. Ufang Dezember vun dësem Joer maache mir ons nei Expo temporaire iwwer Lëtzebuerger Naturalisten a Pflanzejeeër a Latäinamerika op. Onsen zweete Stack, deen elo zënter engem Joer renovéiert ginn ass, ass nämlech dann erëm op.  Am November hu mir den zéngte Science Festival am Gronn. Trotzdeem ass de Musée nach bis déi nei Expo zou. A fir dës Zäit z’iwwerbrécken hu mir eng ganz Partie vu Kulturinstituter gefrot, ob se wéilten eent vun onsen Déieren z’adoptéieren, oder bei sech an d’Vakanz opzehuelen. D’Déieren ginn elo bei 14 Muséeën a Kulturzentren an déi besteend Ausstellungen opgeholl. Mir si ganz houfreg drop, datt dat esou gutt geklappt huet an datt een elo bei engem Besuch zum Beispill vum Musée Dräi Eechelen op onse Afrikanesche Léiw stéisst, oder am Centre national de littérature zu Miersch op de Wollef a s. w.

‘t ass och eng Invitatioun, Objeten aus engem naturhistoresche Musée an engem anere Kontext ze gesinn: engem Konschtmusée, engem Literaturhaus, engem Dréckereimusée, engem Geschichtsmusée.

Däerf een da schonns gewuer ginn, wat an den neien Dauerausstellungen esou alles ze gesi wäert sinn?

Ma jo sécher, ‘t ass jo kee Staatsgeheimnis, obwuel een och elo net alles verrode wëll a kann, well e puer Iwwerraschunge hale mir ons selbstverständlech nach gäre fir d’Reouverture Enn 2016.

Also, mir hätten virun allem gären, datt de Besicher vill méi staark mat den eenzelnen Objete an den Dialog kënnt wéi bis elo. Wat bedeit elo an dësem Kontext “Dialog”? Ma, de Besicher sollt vill besser erkennen kënnen, firwat e bestëmmten Objet elo ausgestellt gëtt. Eischtens, wat ass et iwwerhaapt?

Gutt, dat ass bei engem ausgestoppte Fuuss oder Léiw séier erauszefannen.

Bei verschiddene Fossilien ass dat awer schonns méi schwéier. Bei engem Spezialist léisst e Fossil direkt gedanklech e Bild vun enger vergaangener Welt entstoen, hie weess, wat e Fossil ass, wéi an ënner wéi enge Conditiounen e Fossil entsteet, eventuell wou e fonnt ginn ass a firwat nëmmen do. Hie weess och, wat fir en Déier oder Pflanz dat fréier war, a wat dat iwwer déi Plaz ausseet, wou de Fossil fonnt ginn ass. Dat ass bei engem normalstierflechem Besicher net onbedéngt de Fall. Den Challenge besteet also dran, d’Iddi, déi den Objet representéiert méi offensichtlech ze maachen, respektiv de wëssenschaftleche Konzept ass, deen iwwer den Objet transportéiert gëtt, méi gräifbar ze maachen. De Visiteur soll verstoen, firwat grad dëst Stéck vum Ausstellungsszenarist respektiv vum Muséesconservateur erausgesicht ginn ass. Dat ka wéi gesot eng wëssenschaftlech Ursaach hunn, am Sënn, datt d’Stéck d’Systematik vun engem Grupp gutt illustréiert, domadder huet et natierlech och eng pädagogesch Roll. Et kann historesch bedéngt sinn, a mat der laanger Geschicht vum Musée an de Sammlunge verbonne sinn. Et kann natierlech och eng esthetesch Ursaach hunn. A selbstverständlech och souwuel dat eent wéi dat anert. Kuck mol d’Skelett vum Loschbour-Mann.Ganz sécher en historescht Stéck, fir d’Muséeskollektiounen an awer och fir d’Land selwer, mëttlerweil och wëssenschaftlech e Referenzspecimen. Iwwer d’Esthetik kann ee streiden, mä ‘t ass e wonnerbar erhalent Stéck, 7500 Joer al.

Loschbour1

Wéi wäert sech dann dann elo ausstelleresch erëm spigelen?

Ganz einfach, mir dréinen de Musée einfach op d’Kopp. Déi ganz Evolutioun, d’Geschicht vun der Äerd, vum Liewen kënnt elo op de R-Ch. ‘t ass domadder, wou de Visiteur ufänkt. Mir sinn och e Fuerschungsinstitut, also soll de Visiteur dat och gewise kréien. Net besserwësseresch, mä einfach Loscht gemaach kréien op Wëssenschaft, fir selwer op Entdeckung ze goen. Mir wëlle weg vum just contempléieren loossen. Mir, also de Mënsch, ass e Produit vun enger Evolutioun, déi elo zënter 3,8 Milliarde Joer ouni opzehalen, ofleeft. Ma ech wëll wëssen, firwat, wat sinn d’Kräften, déi dat bewierken, wéi agéiere se. An datt mir nëmmen eng Aart ënner ganz ganz ville sinn, gëtt dann um zweete Stack gewisen. Grousst Thema hei: d’Biodiversitéit. Wat ass dat, firwat ass se wichteg, firwat ass se a Gefor. Den Tour duerch de Musée hält dann domadder op, datt de Visiteur mierkt, datt en och nëmme Stärestëbs ass. Mir schafen e ganz neien Astronomiessall mat Projektioun.

Kuerz gesot, mir si selwer gespaant, wéi dat alles an annerhallef Joer wäert ausgesinn. Mir freeën ons elo schonns op d’Ouverture.

Natur[musée]geschichten, News @lu |