Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Liewensspuren (14/8/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Haut erziele mir mol e bëssen eppes vum Liewen. Wat ass dat iwwerhaapt, d’Liewen? A wat ënnerscheed eigentlech eppes Lieweges vun eppes net Liewegem? Dozou misst een dach am ‘natur musée’ bestëmmt eng Äntwert fannen?

Aie! Dat ass eng grouss a ganz spannend Fro! An dat matzen an der Vakanz! Gutt, wat ass Liewen? Dozou vläicht eng Remarque, déi op den éischte Coup banal erschéngt, mä dach hir Wichtegkeet huet: Do hu mir fir d’éischt eemol e Wuert: Liewen. Dat kann eppes bedeiten, wat lieweg ass, et kann awer och eng Offolleg vun Ereegnesser an enger Persoun hirer Existenz sinn. Wann ee seet, d’Liewen ass schwéier, ass wuel éischter dat gemengt. De Biolog beschäftegt sech éischter mat dem Liewegem.

Also, d’Liewen ass iwwerall. Et ginn nëmme ganz wéineg Plazen op der Äerd, déi nach net vu liewege Wiese besiddelt goufen. Liewwiese bevölkeren d’Déifte vun den Ozeanen genee esou wéi d’Héichten an de Bierger. Munch Liewesforme liewen a gliddegem vulkaneschem Bulli, anerer op plackegem Fiels oder déif am Schnéi. Liewe gëtt et – an dat ass net auszeschléissen – och am Weltall. Et gëtt komplex Liewewiesen a ganz einfacher. Et gëtt grousser a mikroskopesch klenger.

A wat mécht dann elo esou e Liewewiesen aus?

Ma op den éischte Bléck schéngt d’Äntwert op d’Fro “Wat ass Liewen?” ganz einfach ze sinn. Mir begéinen d’Liewen nëmmen ënner Form vu liewege Wiesen. Ausserhalb vun dësen Organismen an onofhängeg vun hinnen gëtt et kee Liewen. Mä, wou fänkt d’Liewen un – a wou hält et op. Dës a vill aner Froen stinn nach op.

Mir mengen, datt mir Liewen erkennen, wa mir et gesinn. Bis elo konnte mir ons awer nëmmen un onsem eegene Planéit orientéieren. Kënne mir d’Liewen och esou beschreiwen, datt och ausserierdesch Liewensformen domadder erfaasst wieren? D’Sich no Liewen am Kosmos an d’Hierstellung vu “kënschlechem” Liewen am Labo maachen eng genee Definitioun noutwendeg, bei där och ethesch Froen eng Roll spille wäerten.

D’Fro “Wat ass Liewen” léisst sech och nëmme schwéier vun der Fro no den Ufäng vum Liewen trennen. Et muss deemools ganz einfach Forme gi sinn, déi d’Linn tëscht Net-Liewen a Liewen iwwerschratt hunn. Wéi ënnerscheet een also eppes, wat lieft, vun eppes, dat just eng Usammlung vu Molekülen ass. Elo ass et op eemol guer net méi sou einfach, z’erklären, wat eigentlech Liewen ass.

Ginn et dann elo eng Rei vun Eegeschaften, déi all d’Liewewiese gemeinsam hunn

Ouni Chimie géif et kee Liewen ginn. Op der Äerd ginn et 92 natierlech Elementer, aus deenen all d’Saache bestinn. Vun dëse si 25 liewensnoutwendeg, sechs dovunner bilden d’Grondgerüst vun alle Liewewiesen: Kuelestoff, Waasserstoff, Sauerstoff, Stéckstoff, Schwiefel und Phosphor.

Ouni Gene geet et net, kéint een elo mol esou ganz pauschal vereinfacht soen. D’Gene sinn d’Informatiounsträger vun all bekanntem Liewegen. Si codéieren dausende vu verschiddene Proteinen, dat heescht Eewäissmolekülen, déi den Opbau a sämtlech Aktivitéite vun der Zell steieren. Duerch d’Weiderreeche vu Genen iwwer d’Fortpflanzung gëtt dann och de Bestand vun der Aart geséchert. An op enger ganzer Populatioun wierkt dann och d’Evolutioun.

Iwwerhaapt: Kee Liewen ouni Zell: An engem aggressiven Ëmfeld zerfale Moleküle ganz liicht. Ee Molekültyp huet et allerdéngs fäerdeg bruecht, Blosen ze bilden, déi déi aner ëmschloss huet. Esou sinn d’Zellen entstan. All Zell ass eng Miniaturfabrik, déi Nierstoffer an Energie ophuelen a verschaffen. Déi meescht Aarte vu Liewewiesen bestinn aus villen Zellen, mä et ginn och eenzeller, wéi zum Beispill d’Bakterien.

Liewwiesen reagéieren op Reizer aus hirer Emwelt. Gesinn, Héieren, Taaschten, Schmaachen a Rischen sinn déi fënnef Sënner vum Mënsch. Schwéierkraaft, Beschleunigung an Temperatur ginn och als Sënneswahrnehmung registréiert. Munech Liewewiese kënne Fiichtegkeet opspieren, elektresch, magnéitesch an infrarout Stralunge spieren.

Vu_Fräschen_Mouken

Liewewiese sinn Systemer, déi sech selwer organiséiere kënnen. An dees Organisatioun ass kee Produkt vum Liewen, oder soss eng Eegeschaft, mä de liewegen Zoustand selwer. Kuck mol eng Käerz, déi brennt. Och si verbraucht Energie a gëtt Wäermt of. Si ass iergenswéi och reizbar. Mä si huet kee Bauplang, wiisst net a gëtt och keng Informatioune weider. Si ass also kee Liewewiesen.

Liewen ass eng Geschicht mat oppenem Enn. Eischt Liewensspure sinn circa 3,8 Millioune Joer al. Liewewiesen gi gebuer, wuessen, reproduzéiere sech an huele Verännerungen vun hirer Emwelt iwwer hir Sënner op. Liewewiesen interagéiere mat hirer Emwelt, passe sech iwwer vill Generatiounen u si un … a verännere si.

Den Darwin huet et um Enn vu sengem Origin of Species esou ausgesdréckt: „…endless forms most beautiful”, dat heescht “eng endlous Rei vun de schéinsten a wonnervollste Formen”.

D’Fro “Wat ass Liewen?” ass och d’Thema an den neien Ausstellunge vum ‘natur musée’, déi am Dezember 2016 dem Public hir Diere wäerten opmaachen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |