Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Beien am Gronn (28/8/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Haut gi mir eraus aus dem ‘natur musée’ op déi aner Säit vun der Uelzecht. Am Gronn gëtt et mat de giel Sandsteenfielsen en interessante Liewensraum, deen enger Rei vun Planzen an Déieren ideal Liewensbedingunge bitt. Zënter 2011 huet den ‘natur musée’ do Beiekëschten stoen. Dëse Projet ass eng Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg, de Abtei Neimënster, der Federatioun vun de Beieziichter an dem ‘natur musée’.

Thema Beien läit dem ‘natur musée’ natierlech um Häerz. Wat ass elo esou extra un de Beien am Gronn? Ma, mir hunn hei den direkte Kontakt zur Natur. Op de Fielsen ginn et vill Spezialisten aus der Planzewelt (zum Beispill Mauerpeffer, Goldlack, Wëlle Rucola…), déi dëse Liewensraum erobert hunn. Duerch de Bongert kënnt ee bis bei d’Beien, déi hei ideal Liewenskonditioune fannen: eng waarm, geschützte Sonnenterrass, Waasser vun der d’Uelzecht an eng Onmass, deels ganz onscheinbar Bléien. Riets dervun läit de Gaart vun der Stad Lëtzebuerg a wéi gesot e grousse Bongert. An dat alles virun  der Kuliss vun der Stad.

Super Bedingungen fir d’Beien: kee Verkéier, keng Pestiziden, keng intensiv Landwirtschaft, dofir awer e Mosaik vu klengen Grénginselen hei an der Stad: Gäert, Virgärtercher, beplanzte Balkonen, begréngte Fassaden, Bléien op de Fielsen a.s.w. Mat  geziilten Aktiounen probéiert eng Equipe aus dem ‘natur musée’ de Leit d’Beie méi no ze bréngen an si fir dës Déieren ze begeeschteren. Jiddfereen deen interesséiert ass, Gruppen, Familljen, Schoulklassen, ka sech fir eng Féierung bei d’Beistäck mellen.

Ganz besonnesch wichteg asset eis, datt de Leit d’Beréirungsängschte geholl ginn. Wann een nämlech d’Leit an d’Kanner esou freet: Wat weess de vun der Bei? ass d’Äntwert meeschtens: Si pickt an si mécht Hunneg. Dat ass natierlech richteg, mee eigentlech niewesächlech. Dee wichtegste Bäitrag vun de Beien ass nämlech d’Bestäubung.

Wéi bréngt een et da fäerdeg, de Leit hir Beréierungsängschten ze huelen ?

Et gëtt do e flotten Sproch vum Konrad Lorenz., den éisträichesche  Verhalensfuerscher: Nur was ich kenne, das liebe ich, nur was ich liebe, das schütze ich.

aipl-Beie kucken mat ImkerkostümAn de Méint Abrëll bis Juni bidde mir den interesséierte Leit d’Méiglechkeet un dat faszinant Liewe vum Beievollek kennenzeléieren. Mir  doen  d’Schutzkostümer un an erliewen bei der oppener Beiekëscht d’Beienliewen. Do baut sech dann schonsn eng gewësse Spannung op. Et ass e Stéck richtegt Liewen an net just Theorie oder eppes Virtuelles, well mir do mat alle Sënner derbäi sinn: mir héieren d’Beien, mir  riche se, mir spieren hir Vibratiounen, mir erfaassen hir Stëmmung.

Am Ufank kënnen nach Ängschten do sinn, mee nom Besuch beim Beiestack, ass net bekannt, datt nach een Angscht gehat hätt. Bewonnerung, Staunen a Faszinatioun trieden amplaz an domat si mir dann och schon um gudde Wee dës Déieren, déi eis sou wichteg sinn, ze schützen.

Firwat sinn d’Beien da sou wichteg fir eis?

Hunnegbeien sinn iwwerall déi wichtegst Bestäuber vu Bléieplanzen an domat onverzichtbar fir d’Biodiversitéit: Keng Beien, keng Bléien –  keng Bléien, keng Beien! Keen Uebst, kee Geméis.

Wéi en Ennerscheed tëschent Beiebestäubung an Insektenbestäubung?

BeienD’Bei ass eigentlech e Generalist. Si gëtt bal mat all Bléientyp eens. Hunnegbeien bestäuben 170.000 Bléienaarten. Si ass am Laf vun hirer Evolutioun e Wonschpartner vun de Bléieplanze ginn an si sinn elo sou gutt openee agespillt, datt et eng Idealbezéiung ass. Déi enorm Upassungsfähegkeet un de Liewensraum, de Fläiss vun der Beien an déi séier Rekrutéierung vu neie Sammelbeien mécht, datt si den ideale Partner vun de Planze sinn.

D’Bléien hunn och all Méigleches an hirer laanger Evolutioun gemaach, fir méi unzéiend ze ginn. Denkt mol just un d’Faarwen, de Geroch, Reflektioun vun de Liichtstrahlen. Beien sinn och en zouverlässegen Transporteur, soudatt Planzen vill manner Pollen produzéiere mussen, wéi si es bei der Wandbestäubung bräichten.

Wéi mécht d’Bei dat dann elo, wa manner Pollen do ass? Ma ganz einfach, si bréngt et fäerdeg Pollen ze sammelen an un hiren hënneschte Been zu Päckelcher ze pressen, fir mat an de Beiestack ze huelen. Dat dauert laang genuch, datt genuch Pollen un der Narb vun der Bléi hänke bleift an d’Bestäubung esou niewebäi gemaach gëtt. D’Bei ass e richtegen Erfollegsmodell, op dee mir Mënschen net verzichte kënnen. Si leescht eis Mënschen en Déngscht  als Bestäuber, dee kee Mënsch och net mat modernster Technik fäerdeg brénge géif.

Natur[musée]geschichten, News @lu |