Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Äerdbiewen moosse mat der Mercalli-Skala (7/8/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

An der Naturmuséegeschicht vun haut geet et iwwer Äerdbiewen an hir Auswierkungen. Am ‘natur musée’ setzt sech nämlech een Deel vun der Ausstellung mat dësem Thema auserneen. Do gesäit en dann och e puer Maquetten, déi weisen, wéi eng Auswierkungen en Äerdbiewe kann op d’Aussewelt a ganz besonnesch op Gebaier hunn. Dës Maquette weisen e puer Stufe vun der sougenannter Mercalli-Skala.

Mercalli-Skala? Déi ass awer dann net esou bekannt! Wann een an de Medie vun Äerdbiewe héiert oder liest, da jo meeschtens nëmmen am Zesummenhang mat der Richter-Skala.

Et ass richteg, dass d’Richter-Skala sech mëttlerweil duerchgesat huet, fir d’Stäerkt vun engem Biewen ze moossen. Och wann en ëmmer vun der Richter-Magnitud héiert, sou ass et fir de Grand-Public awer net ganz anschaulech, wat dat leschtendlech bedeit. Déi 9  Magnitude vun där Skala si wëssenschaftlech gemoose Wäerter. Si ginn un, wéivill Energie am Zentrum vum Äerdbiewe fräigesat gëtt. Et ass also e Wäert, deen onofhängeg ass vu der Plaz, wou d’Biewe observéiert respektiv gemooss gëtt, e bezitt sech op den Epizentrum. Déi Richterskala ass eng logarithmesch Skala, d. h. wann eng Magnitud an d’Luucht geet, ass déi fräigesaten Energie 32 mol méi héich.

A wat ass dann elo déi Mercalli-Skala?

Déi ass vum italienesche Vulkanolog Guiseppe Mercalli an der zweeter Halschent vum 19. Jorhonnert agefouert ginn, zu enger Zäit, an där et nach keng präzis Moossinstrumenter gi sinn.

Am Prinzip ass des Skala méi anschaulech. Se huet 12 Stufen, déi beschreiwen, wéi d’Leit e Biewe gefillt hunn, respektiv wéivill Schued en Äerdbiewen hannerlooss huet. Et ass also kee wëssenschaftlech gemoossene Wäert, mee e méi subjektive Wäert, dee vum Beobachter ofhänkt an och vun der Plaz, wou déi Schied observéiert ginn. E bestëmmt Biewe kann also deemno, wou et observéiert gëtt, verschidde Wäerter op där Skala unhuelen, well d’Zerstéierung un den Infrastrukturen net iwwerall déi selwecht ass.

Zwee ähnlech Biewe kennen och verschidde Wäerter an der Mercalli-Skala hunn, deemno op wéi enger Plaz se op der Äerd se stattfannen. Zum Beispill mécht e Biewe vun der selwechter Richter-Magnitud am Nepal vill méi Schued un den Infrastrukture wéi en ähnlecht Biewen a Kalifornien, well do d’Gebaier méi zolitt gebaut sinn.

Wat beschreiwen dann elo genau déi verschidde Stufe vun der Mercalli-Skala?

Wéi gesot et sinn därer jo 12.

Stuf 1 huet e Biewen, dat guer net vun de Leit bemierkt gëtt an nëmme vun empfindlechen Instrumenter gemooss gëtt. Dat geet da weider iwwer  d’Stuf 3,  wou Géigestänn an engem Gebai z. B. Luuchten zum Wackele kommen.

Et schwätzt en vu Stuf 7, wa Schied un eenzelne Gebaier optrieden. Bei Stuf 10 ginn all Infrastrukturen zerstéiert. Et schwätzt ee vu Stuf 12 bei enger genereller Verwüstung vun der ganzer Landschaft.

Mercalli-Skala_mnhn.lu

A wéi oft geschéien dann esou Äerdbiewe pro Joer ?

Also ganz kleng Erschütterungen, déi nëmme vun Instrumenter gemooss ginn oder wou nëmmen e puer Géigestänn zum Wackele kommen, ginn et der bis zu 50 000 pro Joer, also am Prinzip iwwert Honnert den Dag.

Äerdbiewen, duerch déi kleng Schied un eenzelne Gebaier optrieden, där ginn et der en moyenne ongeféier een all drëtten Dag.

Där grousser Biewen, bei deenen eng flächendeckend Zerstéierung stattfënnt, wéi mir se viru Kuerzem am Nepal haten, kommen 1 bis 2 mol pro Joer vir.

Äerdbiewen, bei deenen eng total Verwüstung a Verännerung vun der ganzer Landschaft stattfënnt kommen ongeféier all 20 Joer vir.

Wéi gesäit et da mat Lëtzebuerg ass ? Wéi ass d’Gefor hei emol e grousst Äerdbiewen z’erliewenen?

Mir hunn d’Chance, datt Lëtzebuerg selwer net op engem séismesch aktive Beräich vun der Äerd läit. Allerdéngs si mir net wäit ewech vun aktive Gebidder wéi z.B. de Rheingraben an Däitschland. Wann do en méi grousst Biewe stattfënnt, kann dat Konsequenze fir Lëtzebuerg hunn an de Buedem bei eis un d’Wackele bréngen. Et ass dann net ausgeschloss, datt eenzel Gebaier beschiedegt ginn.

Dofir ass et wichteg, eisen Territoire doropshin ze studéieren a kennen ze léieren?

Dat ass richteg an dat gëtt och gemaach. De Centre Européen de Géodynamique et de Séismologie zu Walfer huet iwwert d’ganz Land Moossinstrumenter, sougenannte Séismometer, installéiert.

Mat deene moosse mir permanent, wéi de Bueden zu Lëtzebuerg bei Äerdbiewen, déi méi oder manner wäit ewech sinn, reagéiert. Domadder kann en dann ausrechnen, wéi stabil Gebaier an aner Infrastrukturen (Brécken, Staumaueren… ) musse gebaut ginn, fir dem maximale Wäert, deen ee ka fir Lëtzebuerg erwaarden, Stand ze halen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |