Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Schankemusée (9/7/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Dës Naturmuséegeschicht fänkt mat enger Quizfro un! Wat hunn e Mënsch an eng Schlaang, en Delfin an eng Maus, eng Flantermaus an e Päerd eigentlech gemeinsam? Ma jo kloer, zwee An, zwee Nueslächer, e Gehir an e Mo – mä virun allem e Skelett , well si gehéieren zu der Grupp vun de Wierbeldéieren. An dës Gemeinsamkeet, also eng reell anatomesch, well se direkt Kierperbau betrëfft, spillt an deem, wat an engem naturhistoresche Musée gemaach gëtt, natierlech eng grouss Roll: an dat ass d’Beschreiwen a Klassifizéiere vun den Aarten. Schanke kënnen nämlech immens vill iwwer d’Déier selwer, mä och iwwer seng Virfaren an domadder seng Evolutioun erzielen. An duerfir ass et net verwonnerlech, datt a villen naturhistoresche Muséeën, a mir maachen do natierlech keng Ausnahm, an de Sammlungen net nëmmen opgestoppten Déieren ze fannen sinn, mä och Schanken a komplett Skeletter vun Déieren. Eng Partie dovunner ginn dann och direkt am Musée gewisen. Schanken erzielen also ëmmer och Geschichten, déi all zesummen déi grouss Naturgeschicht erginn.

Dann ass et jo och net falsch, den ‘natur musée’ och als Schankemusée ze bezeechnen?

Bon, Naturmusée ass natierlech schéin a sécher méi komplett als Numm, well d’Schanken gehéiere leschtenends jo och zur Natur. Mä ‘t ass scho richteg: et ass e prägend Element vum Haus. Fir vill Kanner z. B. si mir jo de Musée mat den Déieren, fir eng Partie anerer de Musée mat de Schanken, an déi schléissen souwuel déi vun de heitegen Déieren an, wéi och déi vun deenen vu fréier, wa se als Fossil virleien. Dat Ganzt ass bestëmmt keng Effekthascherei, kee Gruselkabinett, et war et fréier net, an haut och net! Am Contraire: Mat esou enger Usammlung vu Schanken a Fossilie ass et méiglech Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder tëscht verschiddenen Déieregruppen opzeweisen, also Vergläicher unzestellen. Ze Paräis z.B. gëtt et déi faméis Galerie d’Anatomie comparée, esou e bëssen “d’Urahnin” vun all dëse Schankepresentatiounen. Op 80 Meter Längt nëmme Schanken. Absolut kuckeswäert.

Den ‘natur musée’ ass jo elo eng Nummer méi kleng, mä wou kënnt dann elo d’Iddi vu Bauplang am Skelett, Evolutioun an Upassung am beschten eraus?

IMG_1275Ma jo, do gëtt et eng wonnerbar Vitrinn, déi d’Extremitéiten, also d’Äerm an d’Been vun enger ganzer Rei vun Déiere mateneevergläicht an domadder och weist, wéi eng Relatioune sinn tëscht Form vun engem Organismus an der Fonktioun, un déi se sech ugepasst hunn.

Gemeinsam hunn dës Déieren de selwechte Bauplan. Also do hätte mir den Delfin, de Séihond, d’Wëllschwäin, de Bier, de Schimpans, e Seejomesbier, e Känguru, e Päerd an de Mënsch.

Hir Äerm a Been ënnerscheede sech vläicht a Gréisst a Form, mä wann ee sech Zäit hëlt a se sech mol méi genee ukuckt, da stellt ee fest, datt et sech ëm déi selwecht Schanken op der selwechter Plaz handelt. Si sinn duerfir sou ähnlech, well se e gemeinsamen Ursprung hunn. All Wierbeldéieren mat sou engem Skelett si matenee verwant, well hiren Urahn e Fësch ass, dee virun iwwer 400 Millioune Joer gelieft huet.

Kann een also behaapten, datt mir eigentlech Fësch sinn, déi sech spezialiséiert hunn ?

An engem gewësse Sënn schonn. Kuck mol. D’Besiidlung vun ënnerschiddleche Liewensraim erfuerdert halt mol ënnerschiddlech anatomesch Upassunge vun de Wierbeldéieren. An dat ëmmer mam gläiche Ausgangsmaterial. D’Evolutioun erfënnt net ëmmer nei, mä gräift op besteeëndes op a verwandelt et.

Wéi zum Beispill beim Gang u Land: D’Extremitéite vun de Wierbeldéieren, déi um Land wunnen, entwéckele sech aus de Flosse vun urzäitleche Fësch. Déi éischt véierbeeneg Landdéiere waren dunn d’Amphibien.

Beim oprechte Gang ginn déi viischt Gliedmaßen vun de Primate just nach deelweis zur Fortbeweegung agesat. Si si zu Gräif- an Tascht-Hänn ëmfunktionéiert. An all d’Mamendéier, déi haut am Waasser liewen, staame vu Landsäuger of. Hir Extremitéite sinn erëm zu Paddelen resp. Flossen ginn. Eng Rei vu Gruppen vu Landwierbeldéieren hunn hiert Skelett un den aktive Flug ugepasst, woubäi déi viischt Exteremitéite sech zu Flilleken ëmgebild hunn, woubäi d’Evolutioun och op ënnerschiddlech Léisungen zréckgegraff huet. De Schankenopbau vum Vulleflillek ass en anere wéi bei der Flantermaus. Kuerz Fangerschanken bei de Villercher, laanger bei de Flantermais.

Evolutioun ka mat Schanken ganz anschaulech erzielt ginn. Geheimnisvoll, elegant a bizarr Skeletter maachen d’Vilfalt vun der Evolutioun däitlech.

Natur[musée]geschichten, News @lu |