Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Faarwege Musée (24/7/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Vun alle Muséeën zu Lëtzebuerg huet den ‘natur musée’ héchstwahrscheinlech de faarfegste Logo: ganzer 7 Faarwe sinn dran ze fannen. Haut probéiere mir einfach zu all Faarf eppes aus dem Musée z’erzielen. Op déi Aart a Weis kréie mir mol den ‘natur musée’ aus engem anere Bléckwénkel presentéiert.

 ‘t sinn tatsächlech 7 Faarwen, wann een d’Gro an d’Schwaarz mat ziels. Dat riskéiert natierlech ons Naturmuséegeschicht vun haut e bëssi méi laang ze maachen. Déi ganz Faarwepracht am Logo huet natierlech vill domadder ze sinn, datt den ‘natur musée’ jo tatsächlech e ganz faarwege Musée ass, kuckt alleng all déi Faarwe vun de Mineralien an de Villercher. D’Faarfpalette vun der Natur ass hei impressionant a ganz divers, deementspriechend spigelt sech dat och bei ons am Logo erëm.

Ma, da loosst ons mat Schwaarz ufänken. Wat fällt engem dozou an? Vläicht eppes, wou een net elo direkt drun denkt.

Also, wann net de schwaarze Kueb!, dann… de Bléck duerch d’Kucklächer an der Astro-Peepshow am Astronomiesall. Schwaarz ass d’Faarf vun der Nuecht, vun der Däischtert. Physikalesch gesinn bedeit Schwaarz d’Feele vun all siichtbarem Liicht. Theoretesch absorbéiert e schwaarze Kierper all Liicht, dat op e fält zu 100 Prozent a reflektéiert deementspriechend 0 Prozent. Wéi gesot: an der Theorie…

Ma ja, wann een duerch d’Kucklächer kuckt, wat gesäit een: ënner anerem eng Partie Galaxië mat wuel de gréisste schwaarzen Objeten an hirer Mëtt, déi et esou an der Natur ginn: Schwaarz Lächer, déi schwaarz sinn, well d’Schwéierkraaft hei esou extrem staark ass, datt net mol Liicht vu banne no bausse kënnt.

Esou e schwaarzt Lach hu mir iwregens och bei ons am Kierper: D’mënschlech Pupill ass déi schwäerzte Plaz vum Kierper. Och d’An huet Intressi, datt agedrongend Liicht net verluer gëtt.

Wéi ass et mam Blo?

PM allgemeng 08Oh, also dat ass eng faszinant Faarf. Kuck mol d’Déierewelt. Et gi jo tatsächlech eng Partie Déieren, déi blo gefierft sinn oder bei deenen op mannst eng Partie vum Kierper blo gefierft ass. E flott Beispill ass onse Kasuar. Dat ass e Lafvull aus Neiguinea, 1,5 Meter héich, deem seng Halspartie blo gefierft ass. Elo ass et awer esou, datt et am Déiereräich keen natierleche bloe Faarfstoff gëtt, dee vun de Liewewiese selwer hiergestallt gëtt. Dat selwecht gëllt fir dat Blot bei der Schwanzfiedere vum Pohunn oder beim Morphofalter. Dat ass en handgrousse Päiperlek. Och hei léisst sech kee bloe Faarfstoff opdreiwen. Déi blenkesch Faarwen ginn net duerch blo Pigmenter produzéiert, mä duerch en opteschen Trick. Spezialiste schwätzen hei vu Strukturfaarwen. Well wann en hei mat engem Elektronemikroskop kuckt, da stellt ee fest, datt zum Beispill de Chitin an de Päiperleksflilleken oder och de Feinopbau an de Fiederen oder der Haut vun de Vullen esou speziell strukturéiert ass, datt just Liichtwelle vun enger bestëmmter Faarf zréckgeschéckt ginn, an dësem Fall halt blo. Et kann och virkommen, datt de Faarfandrock je no Bléckwénkel ännert: da schwätzt ee vu Schilleren. Mä dat sinn och Strukturfaarwen. 

Beim Gréng kënnt ee wuel schlecht laanscht d’Planzegreng, net?

Expo Faarwen MP 80Jo, dat ass richteg. Mä, vun dëser Faarf lieft d’Welt, géifen ons Botaniker soen. Ouni de grénge Chlorophyll, dee vun de Planzen hiergestallt gëtt, wiere mir net hei, fir iwwer d’Faarwen am ‘natur musée’ ze philosophéieren. Mat Hëllef vum Chlorophyll kënne Planzen a Bakterie d’Liichtenergie notzen an a chemesch Energie wéi Zocker ëmwandelen. Niewelaanscht gëtt esou och nach Sauerstoff produzéiert. An Zocker a Sauerstoff brauche mir all fir z’iwwerliewen. Et ginn zwar och Ausnahmen, an et sinn ganz oft och déi, déi d’Naturgeschicht esou spannend maachen, mä an dësem Fall , also ouni déi éischt eenzelleg Alge viru Milliarde vu Jore wier d’Äerd just eng gro-brong Mass. Kee Wonner also, datt d’Planzegréng an d’Planzenzell an all Naturmusée vun der Welt eng Éiereplaz verdéngen.

An heiansdo wénkt Dir mam rouden Duch?

Also, et ass eng Legend, datt Rout op all Déier besonnesch opreegend wierkt. Et ass net dat spréchwiertlech rout Duch, dat de Stéier reizt. Par contre, den Asaz vu Faarwen am Déngscht vun der sexueller Attraktivitéit ass an der Natur wäit verbreet, an et geet duer en Tour duerch de Musée ze man, fir dat bei verschiddenen Déieren ze gesinn. Faarwe produzéierem Opmierksamkeet, steigeren sexuell Attraktivitéit a ginn och Informatiounen iwwer de Gesonheetszoustand vun engem Individuum. Also e Flamingoweichen géif sech ni mat engem faarflousem Männchen aloossen.

A bei Afen a Mënschenafen eegene sech Rout a Rosa och als Signal, als Ausléiser vun Instinktverhalen. Eng rosarout Fierwung vu Lëppen, Broschwaarzen oder Sexualorganer ass a staarke Reiz. An e puer rosa Hënner ginn et och an onser ausgestallter Biodiversitéit ze gesinn.

Natur[musée]geschichten, News @lu |