Natur[musée]geschichten op RTL Radio: D’Zäit leeft (31/7/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Virun enger Woch hu mir an den Naturmuséegeschichten doriwwer geschwat, wéi ee sech en Tour duerch den ‘natur musée’ mat Hëllef vun engem bestëmmten Thema, wéi zum Beispill de Faarwe gestalte kann. Dat selwecht kann ee bestëmmt och engem aneren Thema maachen. Fir nach eng Kéier op d’Faarwen zréckzekommen : De “Fil rouge” wier dës Kéier d’Zäit. Net, well se ons permanent fortleeft – dat zwar och – mä well se sech tatsächlech iwwerall ueschter de Musée bemierkbar mécht.

affiche française

Affiche vun der Ausstellung “Huel der … Zäit” am ‘natur musée’ (2003/04)

Fir d’éischt maache mir e bësse Philosophie en herbe: Mir kënnen d’Zäit jo net direkt gesinn, mir kënne se scho guer net gräifen. Mä mir spieren hir Wierkung: d’Käerz brennt erof, d’Joreszäite wiesselen, d’Kanner gi grouss, de Stëbs lagert sech of, d’Moud ännert sech. Mir fille se als Liewewiese stänneg an däitlech am Alterungsprozess vum Kierper.

Domat  stellt sech natierlech d’Fro vun hirer Existenz. An dat ass eng vun de schwieregste Froen iwwerhaapt vun den Naturwëssenschaften, well dës Existenz ass jo schonns u sech e Paradox. Kuckt eemol: D’Vergaangenheet ass eriwwer, d’Zukunft nach net do an d’Géigewaart ass schonns vergaangen, ier se esou richteg ugefaangen huet. D’Zäit weist sech nëmmen an hirer Vergänglechkeet. Mä genee, esou wéi mir net ëmstand sinn kloer Iddie vun der Zäit z’entwéckelen, ass et ons och onméiglech, ons virzestellen, datt d’Zäit net existéiert.

Déi bekanntesten Ausso zu dëser Situatioun ass wuel déi vum Hl. Augustinus, dee gesot huet: “Wann kee mech duerno freet, wees ech et, mä wann  ee mech duerno freet an ech et erkläre wëll, da weess ech et net méi.”

Wann et dem Musée also net méiglech ass, d’Zäit selwer auszestellen, dann awer bestëmmt Zäitphänomener oder Phänomener, déi an der Zäit oflafen a sech zäitlech moosse loossen?

Dat ass richteg. A fir d’Zäit moossen ze kënnen, brauch een e reegelméissege Rhythmus, mat deem een esou en zäitleche Phänomen vergläiche kann. Virun ongeféier 10000 Joer hat de Mënsch de Rhythmus vun de Joren, de Joreszäiten an de Wiessel vun Dag a Nuecht verënnerlécht. Duerch d’Observatioun vun de Beweegunge vu Sonn, Mound a Stären um Himmel huet de Mënsch ugefaangen, d’Zäit an hir Zyklen ze begräifen a si ze moossen.

Wéi dës Zyklen entstinn, gesäit ee bei ons gutt am Astronomiesall, wou eng Rei vu Modellen weisen, wéi et zu dëse Rhythme kënnt. Dës Modeller dréinen iwregens elo schonns zënter bal 20 Joer, hei kuckt mol wéi d’Zäit vergeet. Eng wichteg Unitéit fir d’Organisatioun vum Liewen war de Rhythmus  vun de Joreszäiten an d’Joer. D’Alldaagsliewen gëtt jo haaptsächlech duerch de Wiessel vun Dag an Nuecht gereegelt. Dat ass sécherlech den natierleche Rhythmus, deen als éischte nenotzt ginn ass, fir d’Zäit ze moossen.

Et kann ee sech mat dësen iddien am Hannerkapp natierlech elo e ganz aneren Tour duerch de Musée zesummebastelen.  Huelt mol als Beispill onse Sall, wou mir déi einheimesch Déieren ausstellen. Presentéiert gi se hei am Liewesraum, an deem se liewen. Bëscher, oppe Landschaften a Stied an Dierfer.  De Raum an d’Zäit si jo eigentlech guer net ze trennen an déi grouss Rhythmen prägen d’Liewewiesen natierlech ganz staark. Et kéint ee sech elo och eng Presentatioun virstellen, an där d’Déieren no Verhalen an Ausgesinn en fonction vum Joresrhythmus virgestallt ginn: dagaktiv, nuetsaktiv, Wanterrou, Wanterschlof, Déiere mat Fellwiessel, Vullen, déi iwwer déi kal Deeg dausende vu Kilometer a friem a waarm Géigende wanderen.

‘t kann een also behaapten, datt an all Liewewiesen eng intern Auer tickt? Well soss hätten der jo vill bestëmmt Problemer sech un dës Rhythme vun der Natur unzepassen.

Mat enger Auer geet et net duer. En plus musse se perfekt ënneree synchroniséiert sinn, fir datt den Organismus net duercherneegeréit. Déi meescht Liewewiesen, de Mënsch mat ageschloss, zielen d’Sekonnen, d’Minutten,  d’Stonnen a d’Méint mat Hëllef vun internen Aueren. Fir d’Zäit ze moossen brauch een e periodesche Prozess, hu mir gesinn. Mä och am Kierper lafe vill Virgäng rhthmesch of. Wakreg sinn, schlofen, wakreg sinn, schlofen, … ass esou een. An en dauert…?

24 Stonnen?

Genee! Et sinn dës periodesch Biorhythmen, déi et de Liewewiesen erlaben, d’Zäit ze moossen. An am beschte ass et, wa se perfekt mam Rhythmus vun dobaussen ofgestëmmt sinn, souwuel fir Planzen, Déieren a Mikroorganismen. Beim Mënsch gi mëttlerweil vill Krankheeten mat defekten biologeschen Aueren a Verbindung bruecht.

Am ‘natur musée’ ginn dann awer och déi laang Zäite gemooss? Domaddersinn elo natierlech d’Jormillioune vun der Äerdgeschicht gemengt.

IMG_1490Oder souguer déi vum Universum. Gëtt jo tatsächlech no der Reschtstralung vum Big Bang gesicht, fir sech e Bild ze maachen, wéi dat alles eent nom deem aneren ofgelaf ass. Also, natierlech Ereegnesser kréien och eréischt eng historesch Bedeitung, wann ee se an der Zäit Anuerdne kann. Do ginn et zwou ënnerschidlech Usätz. Déi relativ Chronologie klasséiert Objeten ee par rapport zu aneren, nom Motto: wie wat fir d’éischt do. Mir hunn z.B. eng Vitrinn am Musée, wou mir esou eng Datatioun mat Ammoniten illustréieren. An da gëtt et natierlech och déi absolut Chronologie, wou op all Objet praktesch eng Joreszuel dropsteet. An onsem Evolutiounssall ginn esou 3,8 Milliarde Joer Naturgeschicht op 25 Meter erzielt. Hei ass zum Beispill all wichteg Etapp an der Entwécklung vum Liewen och mat enger Zäitugab versinn: Landgang viru 400 Millioune Joer, Ausstierwe vun den Dinosaurier viru 65 Millioune Joer a.s.w.

D’Zäit ass tatsächlech bei ons am Musée, oder iwwerhaapt an de Muséen net ewegzedenken. Si ass de Kitt, deen och ons Kultur, d’Mënschekultur zesummenhält.

Natur[musée]geschichten, News @lu |