Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Verstoppen, tarnen a warnen (25/6/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Den ‘natur musée’ ass e Musée, an deem e lauter Iwwerliewenskünstler virgestallt ginn. Jidwereen, dee schonns eng Kéier en Tour duerch d’Ausstellunge gemaach huet, huet iwwerall Déieren a Planzen getraff, déi op déi eng oder aner Manéier perfekt un hir Ëmwelt ugepasst sinn, soss hätt et se jo ni ginn. Ugepasst sinn heescht an dësem Fall natierlech, eens ze ginn an enger Ëmwelt, wou ee stänneg op der Sich no eppes Iessbarem ass an dobäi ëmmer och oppasse muss, selwer net gefriess ze ginn. Kuerz gesot: Mir liewen an enger Welt vum Friessen a Gefriessginn.

De Stärkste setzt sech also duerch?

Net onbedéngt. Bei all Aart huet ëmmer dat Individuum déi gréissten Iwwerliewenschancen, dat seng Rivale vun der selwechter Aart, seng Friessfeinden a Beutedéieren am beschten täusche kann. Sou och de Partner beim Sex. Mä dat ass dann fir eng nächst Geschicht. An engem gewëssene Sënn kann een also behaapten, datt d’Evolutioun de Fuddler favoriséiert. De Kampf ëm d’Iwwerliewen ass méi komplex wéi just e Moosse vun der Kierperstäerkt am direkte Verglach.

 E lauter Fuddler also am Musée?

Et däerf een elo net de Feeler maachen an hei no enger Moral oder no enger Fairness sichen, wéi ee se bei engem mënschlechen Zesummeliewen erwaarde kann. Et kann een d’Saach natierlech elo och esou virstellen, andeems ee seet, datt den ‘natur musée’ d’Championen vum Verstoppen, Tarnen a Warnen ausstellt. Dobäi däerf een och ni vergiessen, datt mir d’Déiere jo ni an hirer natierlecher Emwelt presentéieren, mä esou, datt een se sou gutt ewéi méiglech ze gesi kritt. An der Realitéit ass de Léif am Gras vun der Savann meeschtens eréischt ze gesinn, wann e ganz no ass an dann ass et fir säi Beutedéier oft ze spéit. Am Musée ass d’Fuddelen an deem Sënn verbueden.

IMG_1258Eng gutt Tarnung ass also eng Iwwerliewensstrategie. Souwuel fir de Jeeër wéi fir de Gejote kann Tarnung am Kampf ëm d’Iwwerliewen entscheedend sinn. Si hëllft dem Jeeër méi no un seng Beute erunzekommen, si schützt awer och d’Beute, déi méi schlecht ze fannen ass. Vill Déiere benotzen Tarnung, fir mat der Ëmgéigend ze verschmëlzen, a munecher täuschen hir Verfollger duerch e Phänomen, deen d’Biologe Mimikry nennen. Si maache geféierlech Déieren oder net iessbar Géigestänn no. Insekte sinn an dëser Hisiicht richteg Weltmeeschter. Vill tarne sech als Aascht, Blieder oder Bléien, eng Rei kopéieren och gëfteg oder pickeg Déieren.

Wéi funktionéiert d’Mimikry dann elo méi genee?

Eng iessbar Aart, déi am selwechte Liewensraum virkënnt wéi eng gëfteg oder ongenéissbar Aart, ka sech duerch Mimikry schützen. Esou ënnerschidlech Déiere wéi Schlaangen, Insekten oder vill Fësch an de Korallriffer hunn dës Strategie vum Noahmen entwéckelt, déi du vum englesche Naturfuerscher Henry Walter Bates entdeckt a Mimikry genannt gouf: Fir datt déi harmlos Aart profitéiert, muss se am selwechte Liewensraum liewen an de selwechte Friessfeind hunn wéi déi gëfteg Aart. Friessfeinden, déi geléiert hunn, där gëfteger Aart aus dem Wee ze goen, wäerten och déi genéissbar Aart a Rou loossen, well déi gesäit jo bal esou aus wéi déi gëfteg. Vill iessbar Raupen a Päiperleken maache gëfteg Insekten no a vill harmlos Mécken gesinn aus wéi pickeg Harespelen, ville Leit verdierft dat heiansdo de Picknick. Bei dëser Mimikry ass d’Virbild meeschtens méi heefeg wéi den Imitateur. Géif et zevill där Noahmer, géif de Friessfeind duerch Try and Error léieren, datt d’Déieren net gëfteg sinn.

Aner Verkleedungskünstler ginn et jo awer och nach?

Ma jo sécher, si sinn duerch de ganze Musée verspreet. ‘t ass e flotten Exercice, sech mol bei all eenzel Déier Gedanken ze man, firwat et dann elo esou ausgesäit, wéi et eben ausgesäit. Bestëmmt net, fir engem Muséesbesicher oder Naturalist gutt ze gefalen. D’Tarnung gëtt duerch d’Faarf, d’Muster oder d’Struktur vun der Kierperiwwerfläch erreecht. Am einfachste verschmëltz d’Déier mat der Hannergrondfaarf vu sengem Liewensraum. Da ginn et Musteren, déi sech optesch opléisen. Zum Beispill e Sträifemuster brécht d’Ëmrëss vun engem Déier op, an de Raiber erkennt d’Déier net als Beute. Fësch a Mierssäuger, déi am oppene Mier liewen, hunn en donkle Réck an eng hell Bauchsäit. Si sinn esou vun uewe géint déi donkel Déift a vun ënnen géint Liicht kaum z’erkennen.

D’Déieren, déi sech bal ëmmer am selwechte Liewensraum ophalen sinn permanent getarnt. Esou si vill Insektenaarten, déi Blieder friessen, gesii genee esou aus.

Par contre. Déieren, déi sech vill an heefeg beweegen, brauchen eng flexibel Tarnstrategie. Oft kënne se sou hir Faarf a Struktur veränneren, fir datt se mat der Ëmgéigend verschmëlzen. Am beschte ass dës Fähegkeet bei Kopffüßer, Kriebsdéieren, Echsen a Fësch ausgeprägt. An der Haut vun den Déiere si Chromatophoren dran. Dës Zellen enthalen e faarwegt Pigment. De Faarfstoff kann an den Zelle verdeelt ginn oder zesummegeballt ginn, sou datt sech d’Fierwung vun der Haut verännert. Sepie kënne zum Beispill op d’Sekonn hir Faarf veränneren. Hei gëtt de Virgang iwwer d’Nervesystem gereegelt, duerfir geet dat esou séier. Bei aneren ass et hormonell, hei ass d’Verfierwung da manner séier.

D’Tarnung a Warnung ass also en immens vast Thema. Mä ‘t ass och en Thema, dat ons Fach, d’Naturgeschicht, immens spannend mécht. Well verstoppen di mir ons jo haut nach ëmmer gären, Kanner ganz sécher, an och Erwuessener.

Natur[musée]geschichten, News @lu |