Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Am Ale Fraprisong (11/6/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

2013-06-04 14.09.02Wann een an den Naturmusée am Gronn kënnt, dann trëtt een och ëmmer gläich déif an d’Geschicht vun der Stad an, eng laang mä och mouvementéiert Geschicht. Et kéint ee sech den Naturmusée jo och an enger steriler, rechteckeger, héichmoderner Këscht um Kierchbierg virstellen, ma neen: mir hunn d’Chance an engem Gebäi ze sinn, dat tatsächlech eng laang Geschicht huet, déif an der Stadgeschicht verwuerzelt ass, an en plus, haut an engem vun de schéinste Quartiere vun der Stad läit, dem Gronn. Et ass och héchstwahrscheinlech de Musée, deen – ongewollt oder besser onbewosst – am meeschte fotograféiert gëtt, meeschtens vun der Corniche erof. D’Gebai ass sécher kee Musentempel mat enger klassizistescher Architektur, kee Prestigebau vun engem Stararchitekt. ‘t ass ee Gebai, dat seng Contrainten huet – also eng grouss Dinosaurierexpo wäerte mir hei ni maache kënnen – mä et ass e Gebai mat Charme, mat Cachet, un deem mir haut hänken, a vill vun onse Besicher bestëmmt och.

Dat heitegt Gebai war natierlech net ëmmer e Musée, mä déi längsten Zäit vu sengem Bestoen en Hospice. Gegrënnt gouf dësen Hospice Saint-Jean am Joer 1308 vun der Marguerite de Brabant, der Gemolin vum Grof Henri VII, dee kuerz drop och Keeser vum Däitsche Räich gouf. D’Ursaache vun der Grënnung sinn onbekannt, ‘t ass vläicht drëms gaangen sech duerch dës BA eng besser Plaz am Himmel anzezekafen, et weess keen et. Op alle Fall ass d’Gebai op enger Plaz laanscht d’Uelzecht gebaut ginn, wou een ouni weideres esou iwwer d’Gewässer op déi aner Stroossesäit an déi heiteg Rue Plaetis konnt kommen.

Hospice Saint-Jean gëtt et haut jo nach genannt. Wat war dann esou en Hospice genee? E Spidol?

Esou e mëttelalterlecht Hospice war kee Spidol am heitege Sënn. Hei sinn net primär schwéierkrank Mënschen behandelt ginn. En Hospice war eng Plaz, wou Leit aus enger Stad oder Regioun ënnerkomm sinn, déi souguer fir d’Heeschen ze schwaach waren, fir Verstoussener, déi an hire Famillje keng Bleif méi fonnt hunn. Kuerz gesot, en Hospice war an heitege Wierder och eng Zort Centre d’accueil fir Obdachlouser an aarm Leit. Dorënner waren natierlech och vill Kranker. An enger Rei vun Hospicen hunn dann och dierfte Reesender a Pilger akéieren, am Fall vum Hospice Saint-Jean allerdéngs net. Hei konnten du vum 15. Jorhonnert un eeler Leit, déi Suen haten, iwwer e Vertrag hire Besëtz un den Hospice ofginn a kruten esou garantéiert, hei bis un hiert Liewensenn versuergt ze ginn. Si haten domadder natierlech eng Rei vu Privilegien an eng Sonnerstellung am Hospice. Medizinesch Agrëff sinn hei net gemaach ginn, en Dokter oder Medicus ass nëmmen am Ausnahmsfall geruff ginn. Déi Leit, déi sech ee leeschte konnten, lounge sousisou net am Hospice, mä doheem.

Wéi huet sech dann elo den Hospice Saint-Jean am Gronn weiderentwéckelt?

IMG_1107Ma do sinn et Héichten an Déifte am Laf vun de Jorhonnerte ginn. 1550 ass d’Benediktinerabtei um Plateau Almënster am Krich zerstéiert ginn. D’Patere sinn duerno erof an den Hospice am Gronn ënner der Conditioun geplënnert, en neien Hospice ze bauen. Dat ass dunn och geschitt. Allerdéngs war dat neit Gebai fir säi Gebrauch als Pfegeheim net ideal, sou datt et zu engem neie Spendenopruff bei der Bevölkerung komm ass. 1669 konnt dunn en neien Hospice an der Rue Münster gebaut ginn. D’Portal vum Musée mat de Wopen vun den deemolege Machthaber erënnert dorunner, genee esou, wéi e Chronogramm, dat an der Façade agelooss ass. Bei der Belagerung vu Lëtzebuerg duerch de Louis XIV ass dat selwecht Gebai leider dunn erëm schwéier duerch Bomme beschiedegt ginn.

D’Gebai ass awer net ëmmer Hospice bliwwen?

Neen, vun 1851 bis 1984 war et du Fraeprisong, an deem Konditioune geherrscht hunn, déi ee sech haut net méi kann an net méi wëll virstellen, an dat an engem vun de räichste Länner vun der Welt. De Gronn war och kee Véirel, wou ee gären higaangen ass, kee Verglach mat haut. Dat flottsten ass sécherlech, datt dës fréier Prisongen, also Plazen, ëm déi een normalerweis a grousse Bou mécht, an e Kulturzentrum, un lieu de rencontre, an an e Musée transforméiert gi sinn an domadder zu Plaze gi sinn, wou ee gären hin- an zréckgeet.

Photo: Batty Fischer, 1935; Copyright: Photothèque VdL

Photo: Batty Fischer, 1935; Copyright: Photothèque VdL

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Quellen

  • Beck, H., 1995.  – L’Hospice St.-Jean au Grund. – in: Ons stad no. 50, S. 2-3.
  • Kugener, H., 1995. – Krankenpflege und Spitalwesen in Mittelalter und Neuzeit. – in: ons stad no. 50, S. 4-9.
  • Pauly, M. 2012. – St. Elisabeth und St. Johann – Zwei Hospitäler in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg. – in: ons stad 100: 14-17.
  • Spielmann, A., 1995. – La prison pour femmes – ou le tout carcéral. – in: ons stad no. 50, S. 10-11.
Natur[musée]geschichten, News @lu |