Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Wie sinn ech? (14/5/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Wann een d’Figur kuckt, deen dës Natur[musée]geschicht illustréiert, freet ee sech natierlech, wie se ass, wou se lieft a wou se hierkënnt. 

PM allgemeng 73Fir et den Nolauschterer méi begräifbar ze man: Et ass eng Figur, déi mat honnerten ähnleche Figuren zu engem Opbau gehéieren, deen d’Bild vum heitegen ‘natur musée” wuel mat am meeschte geprägt huet: d’faarweg Bevölkerungspyramid mam Zieler vun der Weltbevölkerung, an déi zentral Zylinderstruktur, déi duerch déi dräi Etagë vum Musée gaangen ass a wou een sou muncherlee iwwer sech selwer a säin Afloss op d’Ëmwelt dobausse gewuer ginn ass. Trei Besicher vum ‘natur musée’ wëssen och dat hei ëmmer d’Froe “Wie sinn ech? Wou liewen ech? Wou kommen ech hier?” un d’Mauer projezéiert gi sinn.

Gi sinn? Elo net méi?

Neen. Mir haten et jo schonns e puermol uklénge gelooss: mir plangen un enger kompletter Neigestaltung vun onsen Dauerausstellungen. D’Konzeptiounsphase ass elo ofgeschloss an de 17. August geet et mat den Ausraum- a Bauaarbechte lass. Den Zylinder hu mir elo schonns missen ofbauen. Am Moment ass do eng Testvitrinn opgeriicht, fir ze kucken, ob dat, wat geplangt ass, och gutt esou ass. De Rescht vum Musée ass natierlech nach ëmmer op, grad och well de Samschden an de Sonnden d’Invitation aux Musées ass, also d’Porte ouverte an all d’Muséeë vum Land. An ‘t ass jo och intressant, fir molo eng Kéier ze gesinn, wéi esou eng Neiplanung vun enger Ausstellung ofleeft. Dat kann ee sech dann anengems ukucken.

Wa mir da schonns beim Thema vun den Dauerausstellunge sinn, dann awer nach eng Kéier zréck op déi dräi Froe vu virdrun, ugefaange mat: Wie sinn ech?

An der Ausstellung kann een d’Äntwerte fannen: E Mënsch ënner mëttlerweil méi wéi 7,3 Milliarden. Wéi de Musée iwregens 1996 hei nei opgemaach hunn, do waren et der 5,8 Milliarden, a bal 20 Joer sinn also gutt annerhallef Milliard Mënschen dobäi komm. All dës Mënschen beaflossen natierlech immens vill hir Ëmwelt. Mä, jidferee ass dach eenzegaarteg, wéi jidfer anere Mënsch och: genetesch, anatomesch, sozial, psychesch an dat obwuel mir all – an do sinn all all aner Liewewiese mat anzeschléissen – aus de selwechten Atomen bestinn. Eenzegaarteg an dach verwandt, ass d’Moral vun der Geschicht, an déi zitt sech duerch de ganze Musée. Dat bréngt natierlech och eng gewëss Verantwortung mat sech, bei all dëse Verwandtschaften.

En Tour duerch de Musée ass also ze vergläiche mat enger Familjjefeier, bei där een oft och laang net gesi Verwandte erëm gesäit. Do drängt sech dann déi zweete Fro op: Wou kommen ech hier?

IMG_0059Et muss een ergänzen: Wou wéini kommen ech hier? Jo, also de ganzen éischte Stack vum Musée dréint rondrëm dës zwou Froen. Vun der Entsehung vum Universum mam Big Bang virun 13 Milliarde Joer, der Enstehung vum Sonnensystem an der Äerd viru ronn 4,6 Milliarde Joer an dann och der Entstehung vum méischte Liewen viru ronn 3,8 Milliarde Joer. D’Froen tauchen ëmmer erëm op an de Musée bitt esou d’Méiglechkeet z.B. op enger Zäitleescht 3,8 Milliarde Joer Evolutioun vum Liewen op 25 Meter z’entdecken.

An de Mënsch an der ganzer Geschicht?

Also fir eng Aart, déi et just mol e puer honnertdausend Joer gëtt, also guer kee Verglach mat Déieregruppen, déi et Millioune vu Joere gi sinn, si mir kräfteg dobäi der Äerd onse Stempel opzedrécken. De Mënsch ass wéi all aner Aart just e Produkt vun der Naturgeschicht, mä ‘t ass mëttlerweil och eng aart déi Naturgeschicht schreift, am duebele Sënn vum Wuert. Stéchwuert: 6. Grousst Aartestierwen, un deem de Mënsch ganz sécher seng Fangere mat dran huet. Méi am Detail gëtt dat Thema allerdéngs an den neien Dauerausstellunge behandelt.

Bleift nach déi lescht Fro! Wou liefen ech haut?

IMG_0035Ma an engem Land, dat vun enger Rei vu Landschaftstype geprägt ass, dorënner ass virun allem de Bësch ze nennen mat sengen 33 % Bedeckung vun der Landesfläch, d’oppe Landschafte mat esou wichtege Elemente wéi Hecken, déi villen Déiere Schutz an Habitat bidden, dann awer och Stied an Dierfer mat hirer typescher Fauna. ‘t ass intressant, wann ee weess, dass d’Diversitéit haut z.B. heiansdo an enger Stad méi héich ass wéi a monotonen Aackerbaulandschaften.

A mir liewen an engem Land, mat engem ganz diverse geologeschen Ënnerbau: Schiefer, Sandsteen, Minette, Muschelkallek, dee selbstverständlech ëmmer en Afloss op Fauna a Flora huet, a Kultur beaflosst huet. Mir hätte keng esou intressant Festungsgeschicht mat kilometerlaange Kasemattesystemer gehat, wa hei alles aus Granit gewiecht wier.

Sou elo hätte mir en Tour d’horizon gemaach. An där Form ass de Musée elo nach 3 Méint ze gesinn. Maacht Iech also bäi: déi, déi en nach net gesinn hunn; a vläicht eng lescht Kéier fir déi, e gutt kennen. ‘t ass elo de Moment fir déi lescht Souvenirsfotoen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |