Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Sandsteen (28/5/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

Den Objet, iwwer dee mir haut schwätzen, ass e Stéck vun deem Gestengs, op deem och onst Radiosgebai a seng Studioe gebaut sinn, an zwar e Stéck Lëtzebuerger Sandsteen. Wéi eng Natur[musée]geschicht kann een dann elo doriwwer erzielen? Den ‘natur musée’ ass jo am Gronn, net um Kierchbierg.

Geologesch sinn dës zwee Véirel scho matenee verbonnen, ebe just duerch dëse Steen. De Plateau vum Kirchbierg mat RTL sëtzt op dëser Gestengsformatioun drop, an den ‘natur musée’ kuckt ënnen aus dem Dall op de Bockfiels erop. D’Uelzecht an d’Péitruss hunn  hei an e puer Milliounen Joer hir Däller déif an dës Gestengschicht geschnidden.

De Sandsteen ass e ganzt charakteristescht Sedimentsgestengs am Zentrum vum Land, also e Produkt vun Oflagerungen, déi sech viru méi wéi 200 Millioune Joer an engem Mier gebilt hunn, dat ons Regiounen iwwerdeckt huet.

De Musée steet also matzendran?

City Detective 069Richteg! Net am Mier, mä haut an enger reliefräicher Géigend. De Lëtzebuerger Sandsteen ass an der Ënnerstad a a virun allem am Gronn iwwerall  ze gesinn. Mä, hie bestëmmt och d’Bild vun der Uewerstad. Sou gëtt d’Faarfpalette vun der Stad vun de Faarftéin vum Sandsteen – giel, beige, ocker a gro – beherrscht. Déi géi Fielswänn vum Sandsteen gi vum Mauerwierk weidergefouert a sinn esou an de Fortifikatiounsanlage mat Bastioun a Kasematten integréiert, déi am Laf vun de Jorhonnerten entstane sinn. Zënter den Ufangszäite vun der Alstad gëtt de Sandsteen als Baumaterial benotzt. Beim Ausbau vun de Befestegungsanlagen sinn d’Gestengsmassen, déi an den Häng erausgehae goufen, an anere Bauwierker weidergebraucht ginn. De Sandsteen gouf meeschtens an de Fënster an Diertrummen agesat. En ass och als Schläifsteen, Millesteen oder zur Markéierung vu Stroossen, Grondstécker an als Belag vu Stroossen a Weeër  z. B. als Pavésteng agesat ginn.

Et gi jo awer och nach anert Gestengs, vun anere Plazen?

Alleng mat Sandsteen vun hei baut ee keng Stad. Huet een e méi haarde Steen gebraucht fir e Sockel oder eng Trap, dann ass op der Gilsdrëffer oder Mertziger Steen zréckgegraff ginn, wollt een eng aner Faarf, dann ass de roude Bontsandsteen a Fro komm oder sollt e bësschen méi nobel sinn, dann ass een en auslännesche Steen siche gang.

Am Verglach mam Lëtzebuerger Sandsteen hun se awer nëmmen eng leng Roll gespillt. Zënter der Mëtt vum 19. Jorhonnert ass de Lëtzebuerger Sandsteen a gréissere Steebréch ofgebaut ginn, fir d’Groussbaustelle vun där Zäit ze beliwweren.

Wéi zum Beispill?

Ma do wär fir d’éischt mol de Bau vun den Eisebunnslinnen ze nennen an domadder z. B. d’Gare an d’Viaducen. De Palais, d’Kathedral, d’Postgebai, d’Nei Bréck sinn alleguer aus Sandsteen gebaut. Den ‘natur musée’ selbstverständlech och.

D’Naturmuséegeschicht vun haut ass also och en Appel, sech och mol eng Kéier Gedanken doriwwer ze maachen, wéi onse geologeschen Ënnergrond ons mënschlech Kultur respektiv Geschicht beaflosse kann?

IMG_0954Dat kann een och esou ausdrécken. D’Stéck, iwwer dat mir hei schwätzen, kënnt iwregens aus enger Vitrine am ‘natur musée’, wou dat Thema och behandelt gëtt. De Lëtzebuerger Sandsteen ass en immenst flott Beispill: Hien ass de wichtegste Grondwaasserspäicher vum Land. Iwwer d’Halschent vum Drénkwaasser vun der Stad Lëtzebuerg gëtt haut aus dësem Waasserspäicher gezunn. Hie liwwert all Dag tëscht 20000 an 30000 Kubikmeter Waasser. Da kommen nach eng Rei vun Entreprisen aus der Stad an der Ëmgéigend, déi iwwer enge eege Quell oder e Pëtz verfügen. An der Vitrinn am Musée gëtt esou gewisen, datt de Lëtzebuerger Sandsteen als Waasserreservoir natierlech en Afloss hat op d’Handwierk an d’Industrie, déi sech an de Véirel vun der Ënnerstad, wéi dem Gronn, dme Pafendall, Clausen an Neiduerf niddergelooss hunn. Denkt do un d’Brauereien, un d’Giewereien a.s.w.

Dës Saison ass natierlech de richtege Moment dës Geschicht a Verbindung mat der Naturgeschicht z’entdecken. Et gi jo eng ganz Partie vu flotten Trëppeltouren duerch d’Ënnerstad, déi sech mat dësen Theme beschäftegen. Fir d’éischt ass do de Geologesche Sentier ze nennen, bei deem alles ëm de Lëtzebuerger Sandsteen dréit an deen am ‘natur musée’ ufänkt an duerno an d’Péitrussdall féiert.

Sinn do net esouguer e puer kleng Vitrinnen am Tunnel vum Gronn opgehaangen?

Dat och. Besser kéinten déi och net hänken. Eischtens wëll dësen Tunnel matzen duerch d’Gestengs geet. Esou en Tunnel an e Lift ass méi einfach duerch Sandsteen ze bueren, wéi duerch Granit – denkt mol un d’Aarbecht vum ganze Kasemattesystem. Zweetens sinn och typesch Fossilien aus dem Lëtzebuerger Sandsteen ausgestallt: kleng Ammoniten, Muschelen, Austeren, Schleeken, also Mieresdéieren, déi hei virun 200 Millioune gelieft hunn. ‘t ass also och och eng Invitatioun op eng Zäitrees. Spannend net?

Natur[musée]geschichten, News @lu |