Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Verschwonne Welten (2/4/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

D’Äerd verännert sech am Laf vun der Zäit.  Äerdwëssenschaftler sinn och ëmmer Zäitdetektiven, déi duerch dat, wat se haut gesinn an entdecken, Réckschlëss op dat kënne maachen, wat viru ganz laanger Zäit existéiert huet. D’Geografie vun der aktueller Welt ass tatsächlech d’Resultat vun enger ganz laanger Geschicht. ‘t ass Geschicht vun de Kontinenter, vun de Mierer, vun där hire Beweegungen an Transformatiounen, an natierlech déi vun de Planzen an Déieren, déi verschwonne sinn, sief et duerch Naturkatastrofen oder sech duerch d’Gesetzter vun der Evolutioun ëmgewandelt hunn. Anerer sinn am Laf vun den Zäiten entstanen an hu sech dunn iwwer d’Äerd aktiv oder passiv duerch Transport verbreet. Zu dësem Transport – wann een elo a geologeschen Zäiten iwwerleet – gehéiert dann och d’Beweegung vun den Äerdplacken: ‘t schwätzt een och vu Kontinentalverschiebung oder Kontinentaldrift.

Ganz Kontinenter beweege sech also? Wéi kann een dann op esou eng Iddi kommen?

Am Joer 1912 ass den Däitschen Alfred Wegener als éischte Wëssenschafter fir d’Theorie vun de Kontinentalbewegunge agetrueden. Et gëtt behaapt, datt hien op dës Iddi komm ass, wéi hien d’Dreiwe vum Pakäis an d’Entstoe vun den Äisbierger ënnersicht huet. Seng Theorie ass allerdéngs bei de Wëssenschaftler vun där Zäit op wéineg Enthousiasmus gestouss. De Wegener as 1930 un Häerzversoe op enger Groenlandexpeditioun gestuerwen. Et sinn eréischt d’Exploratioune vum Mieresbuedem en halleft Jorhonnert méi spéit, déi dem Wegener seng Theorie an dat richtegt Liicht gesat hunn. Am Ufank vun de 70 Joere sinn dunn d’Ëmrëss vun deene groussen Äerdplacke kartéiert ginn.

IMG_0547Kilometerdéif Buerungen hunn e bessert Bild vum Opbau vun der Äerdkuuscht geliwwert. Bis an 50er Joer hunn déi meeschte Geowëssenschaftler geduecht, datt d’Äerd e steife Kierper wier, op deem Kontinenter an d’Mieresbiedem eng onverännerlech Positioun hätten. Elo geet een dovun aus, datt d’Kontinenter sech een zum aneren verréckelen. An ongeféier 200 Kilometer ënnert der Äerdoberfläch ass d’Astenosphär entdeckt ginn. Si ass plastesch genug war, fir datt d’Placken vun der Lithosphär op hir rutsche kënnen. D’Plattentektonik huet dunn och dem Alfred Wegener seng Iddi vun der Kontinentaldrift besser erkläert, an och aner geologesch Virgäng wéi Entstoe vun de mëttelozeanesche Récker, d’Gebiergsketten an d’Äerdbiewen. Si entstinn duerch Konvektiounsstréimunge vum Magma am Äerdmantel.

IMG_0548Wann esou Stréimungen eropkommen, kann dobäi Gestengs an der Kuuscht zerbriechen an auserneendreiwen. De Magma fëllt d’Brochzon op, killt sech of a gëtt haart: e neie Réck ass entstan.

Wann eng Kuuscht ënner enger anerer ofdaucht, schmëlzt se an enger bestëmmter Déift. Dat neit Magma dréckt erop un d’Äerdoberfläch: esou entstinn Vulkaner.

E säitlecht Veréckele vun de Placke kann an e puer Regioune an der Welt schwéier Äerdbiewe verursaachen. Hei ass Kalifornien dat beschte Beispill.

A wéi loosse sech esou Phänomener an engem Musée weisen?

IMG_0545Am ‘natur musée’ ginn et eng Rei ganz flott Modeller, déi dës Phänomener illustréieren. Do wieren z.B. déi néng Äerdkugelen ze nennen, déi permanent dréinen, mä all Kéiers e komplett anert Äerdzäitalter duerstellen. Meeschtens gëtt d’Plattentektonik doduerch duergestallt, datt eng Animatioun Kontinenter am Zäitraffer beweege léisst. Dat geet dann esou séier, datt een zwar Beweegung gesäit, mä seelen eng richteg Impressioun vun enger anerer Zäit huet. ‘t ass jo net esou, datt mir d’Beweegunge vun der Äerd stänneg géife mierken, och wa se tatsächlech stattfënnt. Dëse Modell weist esou vill besser, wéi et esou zu all wichteger Äerdzäitalter ausgesinn huet wéi z.B. an der Zäit vum Perm, dat heescht viru ronn 250 Millioune Joer waren all d’Kontinenter an engem grousse Kontinent zesummen: d’Pangäa Dat heescht awer och, datt d’Mierer oder dat eenzegt zesummenhängend Mier huet riseg misse sinn. Op enger platter Kaart gesäit een dat net gutt. Op engem ronne Globus natierlech vill besser.

Et gëtt esouguer eng Kugel, déi en Ausbléck an d’Zukunft gëtt: z.B. a 50 Millioune Joer. Dat gëtt et z.B. kee Mëttelmier méi, Südamerika huet sech vu Nordamerika getrennt, Afrika ass komplett ausernee gerappt. Dann ass ons heiteg Welt och eng verschwonne Welt.

Natur[musée]geschichten, News @lu |