Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Ausserierdescht Eisen (30/4/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

D’Natur[musée]geschicht vun haut erzielt vun engem ganz besonnesche Stéck Eisen. Dat Stéck Eisen ass an deem Sënn besonnesch, well et keen normaalt Eisen ass wéi et op der Äerd ze fannen ass, mee et ass ausserierdescht Eisen. Fir méi genee ze sinn: Et ass en Eisemeteorit. En huet also eng ganz besonnesch Hierkonft, mee och säin Alter ass eenzegaarteg.

EisemeteoritMeteoritten am allgemengen si Kierper, déi viru 4,5 Milliarde Joeren bei der Gebuert vum Sonnesystem zesummen mat all de Planéiten entstanen sinn an no engem ganz laangen Openthalt am Sonnesystem iergendwann op eise Planéit gefall sinn.

Wéi koum dëse Meteorit dann elo an de Besëtz vum ‘natur musée’?

Wéi genee dat gaangen ass, wësse mir net. D’Stéck, wat mir hei hunn, ass nëmmen en winzege Deel (et huet 7 kg) vun insgesamt ongeféier 200 Tonne Material, dat den 12. Februar 1947 an de Sikhote Alin Bierger am Südoste vu Russland erofgefall ass. Et ass also deemools e ganz décke Meteorit vun ongeféier 4 m Duerchmiesser an d’Äerdatmosphär agedrongen. Duerch d’Reiwung mat der Loft ass dëse Kierper an dausende vu Stécker zerfall, déi sech dann op eng riseg Fläch an der Géigend verdeelt hunn. Bei Meteoritten muss e wëssen, datt et do professionell Sammler ginn, déi op d’Plaze reesen, wou esou Kierper gefall sinn, fir se ze sammelen an dann ze verkafen. Eist Stéck hei huet dunn säi Wee vu Sammler zu Sammler gemaach, bis datt de Musée et vun engem eis bekannte Sammler ofkaf huet.

E Meteorit vun 200 Tonnen, dat klengt jo no enorm vill. Ass dat dann aussergewéinlech ?

Jo an neen. Fir en eenzelen Meteorit ass dat scho vill. Et muss en awer och wëssen, dass pro Joer ongeféier 20.000 Tonnen kosmescht Material an d’Äerdatmosphär andréngen. Dat meescht ass awer nëmme Stëbs oder kleng Steng, déi kaum opfalen.

Am Duerchschnëtt fält pro Joer e Meteorit vun engem Meter op d’Äerd. Statistesch gesi fält all 300 Joer e Meteorit vun 30 m Duerchmiesser, all 10.000 Joer ee vun 100 m, all 600.000 Joer ee vun 1 km an ongeféier all 100 Millioune Joer e Meteorit vun 10 km Duerchmiesser op d’Äerd. Esou ee war iwregens viru 65 Millioune Joer responsabel fir d’Ausstierwe vun ganz ville Liewesformen op der Äerd, ënnert anerem den Dinosaurier.

Esou Meteoritrenaschléi kënnen also duerchaus eng Gefor fir d’Äerd bedeiten?

Jo, d’Gefor ass sécherlech do. Mee et ass awer och net, fir elo Angscht ze hunn well déi ganz grouss Aschléi jo extrem seelen sinn. D’Fro ass net, ob et en Aschlag wäert ginn, mee éischter wéini an wéi grouss de Meteorit wäert sinn.

Mëttlerweil ginn et awer och grouss international Beobachtungsprogrammer mat Teleskopen, bei deenen den Himmel permanent iwwerwaacht gëtt. Et erhofft ee sech domadder potentiell geféierlech Kierper fréizäiteg ze erkennen (bis zu e puer Jorzéngten am viraus), fir dann eventuell dës Kierper kënnen ze zerstéieren oder ëmleeden, sou datt se net op d’Äerd falen.

Zréck op eise Meteorit. Dee gesäit jo och ganz speziell aus mat senger ganz schwaarzer a geradderegter Uewerfläch.

Eisemeteorit2Jo, dat ass scho ganz spektakulär. Déi Struktur vun der Uewerfläch ass typesch fir dës Zort vun Eisemeteorit. Si entsteet an deem Moment,  wou de Meteorit duerch d’Atmosphär flitt. Duerch d’Reiwung mat der Loft entsteet Hëtzt, déi d’Kuuscht vum Meteorit zum Deel schmëlze léisst. E bësse vun dem geschmolzene Material gëtt ofgedroen, woubäi déi charakteristesch Lächer entstinn. Wann d’Kuuscht dann erëm ofkillt, hëlt se déi däischter Faarf un.

Mir hunn elo haaptsächlech vun Eisemeteoritten geschwat, mee et ginn jo awer och aner Zorten vu Meteoritten?

Et kann een d’Meteoritten z. B. duerch hir Zesummesetzung klassifizéieren.

Fir d’éischt hätte mir d’Eisenmeteroitten, woubäi et méi richteg ass vun metallesche Meteoritten ze schwätzen, well se net nëmmen aus Eisen bestinn, mee och bis zu 20 % Néckel dran ass. Dës Zort vu Meteoritten maachen allerdéngs nëmme 5 % vun all de Meteorittenaus, déi op d’Äerd falen.

Déi meeschten, ongeféier 94 % vun de Meteoritten, si Stengmeteoritten.

De Rescht 1% si sougenannten “Steng-Eisen-Meteoritten”, also gemëschte Meteoritten.

An all déi Zorte vu Meteoritten kann ee sech am ‘natur musée’ ukucke kommen?

De Moment leider nach net, bis op e puer Ausnahmen. Mir sinn awer amgaangen eis Ausstellungen nei ze plangen a vum Hierscht 2015 gëtt am Musée alles nei gemaach. An der neier permanenter Ausstellung vum Musée, déi dann Enn 2016 opgeet, hu mir och virgesinn, d’Thema Meteoritten ze behandelen an dann och eng ganz Partie vun eisen ausserierdesche Kierper aus de Sammlungen auszestellen.

Natur[musée]geschichten, News @lu |