Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Geheimagent am Musée (19/3/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

E Geheimagent am Musée?

Net den James Bond, mä den Agent P w.e.g. Hannert deem Numm verstoppt sech keen aneren, wéi dat faméist Schnieweldéier, dat zënter bal 20 Joer an der Vitrinn vun de “liewege Fossilien” ausgestallt ass ass an dat de Musée 1910 als Don vun engem Här Auguste Hemes vu Fëlschdreff krut. Also e richtegt historescht Stéck.

Firwat elo Agent P?  Ma vill Kanner géifen déi Fro elo direkt beäntwerte kënnen, generften Eltere vläicht och. Et steet fir Perry, d’Schieweldéier, aus der Zeechentrickserie Phineas a Ferb.  De Perry ass dem Phineas an dem Ferb hiert Hausdéier. Wat déi zwee net wëssen, ass dat de Perry Geheimagent ass, Agent P genannt gëtt, en Agentenhutt ophuet a réigelméisseg duerch geheim Gäng  verschwënnt, fir d’Welt ze retten. Wéi d’Produzente vun der Serie op d’Iddi koumen a Schnieweldéier als Geheimagent ze huelen, ass net bekannt, mä et dat liewegt Déier ass tatsächlech e komesche Gesell.

10841850_10155078620575641_1842336972068381866_oWéi d’Déier 1798 als Dréchepräparat vun Australien no England komm ass, hu se do fir d’éischt gemengt, hei hätt ee sech e Spaass erlaabt an e Fantasiedéier zesummegebitzt. En Déier mat Fell wéi e Mamendéier, e Schniewel, deen un dee vun enger Int erënnert huet, keng Oueremuschelen wéi soss bei Mamendéieren.

Definitiv en Déier, dat net direkt an e Schema passt. Réischt 1884 ass erausfonnt ginn, datt d‘Schnieweldéier (Ornithorhynchus anatinus) Eeër leet, mä trotzdeem Mëllech ofscheet oder besser ausschweesst, fir seng Kleng ze nieren.  Haut ass d’Déier gutt bekannt an zoologesch a phylogenetesch beschriwwen. Zesumme mam Ameisenigel gehéiert et zu de Koakendéieren, déi sech vun allen anere Mamendéiere staark ënnerscheeden. Sou hunn d’Ausscheedungs- an d’Geschlechtsorganer eng gemeinsam Öffnung, d’Kloak, wat eigentlech nach e Reptilmierkmol ass.

A wat kann een dann nach esou zum Schnieweldéier soen?

Et huet e e Kierper vu ronn 30-40 cm vum Schnieweldéier ass flaachgedréckt, wéi wann een e Biber plattgesréckt hätt. An tatsächlech huet et jo och nach e Schwanz vun 10 bis 15 cm, deen et als Fettreserv gebraucht. Säi Kierper ass mat engem brongen, waasserofweisende Fell bedeckt, seng Féiss hu Schwammhait. E Schnieweldéier weit 0,5 bis 2,5 Kilogramm.  D’Männchen huet un den hënneschte Been och nach e Gëftstachel a gehéiert zu de ganz wéinege gëftege Mamendéieren. Passt also ganz gutt bei esou e Geheimagent. An da gëtt et tatsächlech och nach als e liewege Fossil bezeechent.

Iergendswéi e bësse paradox, dës Bezeechnung vum “liewege Fossil, net?

IMG_0423Den Term „liewget Fossil“ ass vum Charles Darwin an d’Literatur agefouert ginn. En ass natierlech paradox, well Fossilien an eppes Lieweges am Prinzip jo kloer Géigesätz duerstellen. Grad fir esou Dauerforme gëtt et vill fossilt Material, dat meeschtens och ganz al ass, an ‘t ass mat deem Material , wou déi heiteg lieweg Forme matenee verglach ginn.

Et ginn eng Rei vu Mierkmoler, déi all lieweg Fossilie matenee verbannen an déi zu dësem Numm gefouert hunn:

  • D’Organisme gehéieren zu enger äerdgeschichtlech aler Déieren- oder Planzegrupp
  • Hier Stellung an der Klassifikation tëscht de rezenten Aarten ass isoléiert.
  • Ganz oft ware se fréier wäit verbreet a besiddelen haut nëmmen nach kleng Gebidder, hei schwätzt een da vun Reliktaarten. D’Verbreedungsgebidder sinn heefeg geografesch eng ëmgrenzt Arealer wéi Inselen oder Däller
  • Hiert Ausgesinn huet sech am Laf vun der Zäit wéineg verännert, sou datt se vill altertüümlech Mierkmoler hunn
  • Déi sougenannt lieweg Fossilien sinn Aarten oder Aartegruppen, dären hiere Kierperbauplang sech iwwer ganz laang Zäitraim kaum verännert huet. D’Ursaach fir esou Dauerformen ass déi relativ Konstanz vun hirem Liewensraum, keng Konkurrenz duerch aner Déieren oder keng Friessfeinden. A verschiddene Fäll si se och als augestuerwe betruecht ginn an sinn duerno erëm entdeckt ginn: Lazarus-Effekt. z.B. de Quasteflosser

Am Musée hu mir eng ganz Vitrinn mat esou liewege Fossilien: wéi z.B. de Ginkgo-Bam, Schachtelhalm, Nautilus etc.

Natur[musée]geschichten, News @lu |