Natur[musée]geschichten op RTL: De Ferrant am Schantjen (5/3/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

D’Emissioun heescht jo “Natur[musée]geschichten, et ginn also Geschichten aus der Natur, oder déi grouss Naturgeschicht erzielt, mä, natierlech och Geschichten aus dem Naturmusée. An där ginn et der vill. D’autant plus datt et e Musée ass, deen et schonns ganz laang gëtt. D’lescht Joer huet de Musée ouni Gedeesems seng 160 Joer gefeiert. On och dës Karikatur huet schonns e puer Joer um Bockel. Si ass vun 1932 an ass am deemolege humoristesch-satiresche Wocheblat “De Gukuk” publizéiert ginn. Haut hänkt se e.a. am Büro vum Muséesdirekter.

Karikatur  aus "De Gukuk", Humoristesch-satirescht Wocheblat, Nummer 2, 9.1.1932

Et gesäit een eeleren Här, dee matzen an engem Schantjen tëscht villen Déieren a Schanke steet, sech op engem ausgestoppte Nashorn stäipt an anscheinend déck d’Flemm huet. Et ass de Victor Ferrant. De gudde Mann hat deemools schonns 76 Joer. Hie war zënter 1894 Hëllefsconservateur an zënter 1910 Conservateur vun de Sammlungen vun der Section des sciences naturelles et mathématiques, enger vun den deemools dräi Sektiounen vum Institut grand-ducal. Dës Charge hat en och nach no senger Pensionéierung, 1924, well kee Nofolger ze fanne war.

Op der Karikatur heescht et : “Zeng länger Johr bauen se schon…. ‘T aß gutt, daß ên nach jonk aß, soß gëng ên et nöt me’h erliewen!”

Wat mengt en domat? Ma einfach, den onendleche Schantjen vum Musée um Fëschmaart. Am Hannergrond vum Bild gesäit ee jo d’Méchelskierch. De Staat hat 1922 um Fëschmaart eng Partie Groussbiergerhaiser (e.a. Collart- de Scherff) opkaaft, fir se an e Musée ze transforméieren. Vun 1929 un ass dorunner gefréckelt ginn. 1934/35 ass de Musée, op manst déi naturhistoresch Partie fäerdeg. Zu der Enttäuschung vu vill Leit, geet de Musée net op.

Dotëscht koum déi däitsch Besetzung an de Krich. Eng éischt temporär Ausstellung ass eréischt 1946 opgaangen, d’Dauerausstellungen dunn eréischt 1949. Dat huet de Victor Ferrant allerdéngs net méi erlieft, hien ass 1942 gestuerwen.

De Victor Ferrant kann ee mat Sécherheet haut zu deene ganz groussen Naturalisten an Naturwëssenschaftler vum 20. Jorhonnert hei zu Lëtzebuerg zielen. Et wier z’iwwerleeën, ob et iwwerhaapt en Naturmusée haut géif ginn, ouni hien. D’Sammlunge vum Musée sinn a senger Zäit immens ausgebaut ginn, immens vill Déieren a Planzen sinn no him benannt. An och d’Serie vu wëssenschaftlechen Publikatiounen vum Musée heescht  him zu Eieren zënter 2002 “Ferrantia”. Zu Eech gëtt et eng kleng Säitestrooss, déi no him benannt ass, d’Jonglënster Gemeng huet 2011 och eng Strooss no him benannt.

Natur[musée]geschichten, News @lu |