Natur[musée]geschichten op RTL Radio: De Feldhamster (19/2/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

De Feldhamster ass en Nagedeier, ass also mam Biber oder de Mais ganz no Famill. Wéi all Nagedeieren huet hien déi grouss Nagezänn, dës sinn souwuel am Uewer- wéi am Ënnerkiefer zwee grouss Schneidezänn, déi dat ganzt Liewe weider wuessen. Wéi déi meeschten Nagedeieren frësst den Feldhamster haaptsächlech Planzen, awer och emol Schleeken, Insekten oder e fetten Reewuerm. Bekannt sinn d‘Hamster fir hiert Hamsteren. Si hu grouss Bakentäschen an do kann een enorm vill doran verstauen. Alles wat dann esou gehamstert ginn ass, gëtt dann an hire Bau gedroen an do fir méi schlecht Deeg versuergt.

Cricetus cricetus

Feldhamster Cricetus cricetus

Wat ënnerscheet de Feldhamster elo vun deem Hamster, dee mir an de Geschäfter kafen? Ganz einfach: et ass eng ganz aner Aart. Den Hamster, deen als Hausdéier geholl gëtt, ass meeschtens de Goldhamster, hien ass méi kleng a kënnt ursprénglech aus dem Grenzgebitt vu Syrien an der Türkei.

Den Europäeschen Hamster ass méi grouss; hie ka schonn iwwer 600 g op d’Wo bréngen. An hien ass ganz fuerweg: säi Réck ass ocker bis brong, säi Bauch schwaarz, op de Säiten huet hie wäiss Flecken a ronderëm säi Mond an seng Aen ass hie méi routlech brong.

Feldhamster sinn typesch Buedembewunner, e bësschen ewéi eng Wullmaus, si gruewen déif ënnerierdesch Gangsystemer, wou et ëmmer eng Wunnkummer an eng Spënnchen gëtt, wou also dat gehamstert Fudder gelagert gëtt. Esou e Bau huet och ëmmer e puer verschidde An- oder Ausgäng. Hei lieft all Hamster fir sech, si sinn also Eenzelgänger, jiddereen huet sei Bau an säi Revéier,déi hien och géint aner Hamster verdeedegt. Dofir sträubt hie säi Fëll, bléist seng Bakentäschen op a faucht a kreischt; also mat engem rosenen Hamster ass net gutt Kiischten iessen.

Nëmme während der Paarungszéit toleréiere sech déi zwee Geschlechter fir kuerz Zäit. Si kënnen bis zu 3x Jonker am Joer kréien. A wann alles gutt geet, kënne si bis zu 3 Joer al ginn.

Gëtt et den Hamster och bei ons?

Den Hamster lieft virun allem a laberen Lösbiedem. Seng Verbreedung ass haaptsächlech am Osten, et ginn nach Plazen an der Belsch an an Däitschland, wou en nach virkënnt awer e gëtt ëmmer méi seelen. Fréier als hien als Schädling dout gemaacht ginn an haut gëtt säi Liewensraum duerch Bebauung oder intensiv Landwiertschaft ëmmer méi zerstéiert. Dofir ass hien och an Europa streng geschützt a säi Liewensraum muss erhalen bleiwen, och wann do eng Industriezone geplangt ass wei z. B. zu Worms; déi gouf net gebaut.

Hei zu Lëtzebuerg gouf den Hamster ni nogewisen. Och an deene wichtege Publikatiounen vum Alphonse de la Fontaine 1868 an och beim Victor Ferrant 1931 gëtt hien net ernimmt. Dës sinn déi éischt Publikatiounen, déi d’Aarten hei zu Lëtzebuerg beschreiwen. Vun 1990 bis 1996 huet dunn den Naturmusée en Inventar vun de Klengsäuger am ganzen Land gemaacht: an och do kee Feldhamster. Mir hunn einfach net de richtege Liewensraum.

Dofir ass ee verwonnert, wann an enger Petitioun ze liesen ass, datt de Fuuss Schold um “Niedergang abnehmender Arten” wier. Well als Beispill gëtt nieft dem Hues och de Feldhamster genannt. Et gouf effektiv an der “Chasse et Pêche” vun 1933 eng kleng Notiz (“Ein anderes Jagderlebnis”), wou e Jeeër beschreift, wei hie mat der Hand an alen Hamster fänkt. Esou eng vague Beschreiwung gëllt allerdéngs net als Noweis, virun allem net, wa virdrun an duerno ni méi en Hamster gesinn oder bei ons fonnt ginn ass.

Eng gutt Plaz fir Feldhamster ze gesinn ass allerdéngs den Zentralkierfecht zu Wien. Natierlech owes an der Dämmerung, well Hamsteren sinn an der Dämmerung a nuets aktiv. Do bei de Griewer vun de prominenten Perséinlechkeeten gesitt Dir schonn hier Spueren, an wann een da Gedold huet, da gesäit een d‘Hamsteren ganz gutt. E schéint Erliefnes dëst seelen Déier, an et ass en aartlechen Kadett, do ze gesinn.

Dir kënnt en och am Naturmusée gesinn. An den geplangten neien Dauerausstellungen stellt den Naturmusée nieft villen aneren neien Déieren och de Feldhamster aus.

Natur[musée]geschichten, News @lu |