Natur[musée]geschichten op RTL Radio: Moundgestengs (5/2/2015)

Lauschtert d’Emissioun op RTL Radio

De Musée stellt a sengen Dauerausstellungen Moundgestengsprouwen vun de Moundmissiounen Apollo 11 a 17 aus. Béid Stécker sinn e Prêt permanent vum Grand-Duc Jean.

Photo: Théo Mey ; Copyright: Photothèque VdL

Photo: Théo Mey ; Copyright: Photothèque VdL

Den éischten ass vun der Apollo 11 Missioun. Dësen “ausserierdesche” Souvenir krut de Grand-Duc 1970 vun den Astronauten vun der Apollo 12 iwwerrreecht, déi op Besuch am Palais waren. Op der Plack um Sockel steet:

“This flag of your nation was carried to the Moon and back by Apollo 11, and this fragment of the Moon’s surface was brought to Earth by the crew of that first manned lunar landing.”

Beim zweeten Stéck handelt et sech ëm e Souvenir vun der Apollo 17-Missioun, déi bis haut lescht bemannten Moundmissioun iwwerhaapt. Déi krut de Grand-Duc 1973 iwwerreecht. Op der Plack steet:

 “Presented to the people oft he Grand-Duchy of Luxembourg by Richard Nixon, president oft he United States of America.

This fragment is a portion of a rock from the Taurus Littrow Valley of the Moon. It is given as a symbol of the unity of human endeavor and carries with it the hope of the American people for a world of peace.”

D’Apollo 17 Missioun war dobäi wëssenschaftlich ganz erfollegräich. D’Astronaute sinn am ganzen 3 Deeg an 3 Stonnen um Mound bliwwen an hunn och vill Zäit ausserhalb vun der Raumfähr vervbruecht. Dobäi hu se 110 Kilo Moundgestengs gesammelt. Dat Gestengs hëllft ons d’Geschicht vum Sonnesystem ze verstoen. Sou hunn Ennersichungen erginn, datt se méi all sinn, wéi dat eelst Gestengs op der Äerd. Gestengsprouwen aus den donklen Déiwebene vum Mound sinn 3,2 Milliarde Joer al, Gestengsprouwen aus den Héichebene vum Mound souguer 3,2 Milliarde Joer. D’Gestengs staamt also aus den Ufangszäiten vum Sonnesystem. Soss ass d’Gestengs vum Mound deem vun der Äerd relativ ähnlech.

lénks: Moundgestengs Apollo 17 riets : Moundgestengs Apollo XI

lénks: Moundgestengs Apollo 17
riets : Moundgestengs Apollo 11

 

Natur[musée]geschichten, News @lu |