Vakanzenatelier: Tarnen a warnen, verstoppen an täuschen (vum 15.2. un)

Täuschen, bluffen a sech bretze sinn an der Natur wäit verbreet.

Mir observéiere raffinéiert, lieweg „Verkleedungskünstler“, loossen ons vun hire Schutz- a Ugrëffsstrategie beandrocken a léiere vill iwwer déi wichteg Roll vin de Faarwen an der Natur.

Vill Spaass erwaart d’Participantën an dësem Workshop, an deem Phänomener wéi Mimees a Mimikry flott a spannend erkläert kënne ginn.

 

Familljen an Eenzelbesicher

mnhn 226Wéini: 15/02, 18/02, 20/02, 22/02, zu all Zäit tëscht 14.30 bis 17.00 Auer méiglech (Dauer: +- 30 Min.) D’Partizipatioun ass fräi, den Entrée an de Musée muss awer bezuelt ginn.

Gruppen

De Workshop gëtt och fir Gruppen (Maison Relais, Scouten ….) proposéiert. D’Umeldung ass obligatoresch (Tel.: 46 22 33-312).

Wéini: 17/02 an 19/02 nomëttes
Dauer: 60 Min.
Präis: 40 €

News @lu |