Fro no, schwätz mat! Physikalesch Owender iwwer d’Sënner (vum 8. Januar un)

SynästhesieAn dëser interaktiver Virtragsrei a gemittlecher Atmosphär geet et drëms, wéi mir iwwer d‘Sënner ons Emwelt ophuelen. Wat fir Informatioune sent ons Ëmwelt aus, wat fir Signaler huele mir op, a wéi funktionéiert dat? Hei kommen haaptsächlech physikalesch Virgäng zur Sprooch, am Zesummespill mat deene biologeschen a cheemeschen. Besonnesch physikalesch Virkënntnesser sinn net gefrot.

D’Carol Eicher an den André Mousset féieren duerch d’Owender mat Hëllef vu flotten an einfachen Experimenter.

 

Programm vun den Owender

Donneschden, 8. Januar 2015
Aperitif: Informatiounen aus onser Ëmwelt
Wellen en Deelecher kommen a Kontakt mat eisem Kierper. Eng Partie vun hinnen reegen eis Sënner un : Liicht, Schall, verschidde Substanzen … Anerer kënne mer guer net empfänken.

Donneschden, 22. Januar 2015
Eischt Tournée: Kucken a gesinn
Liicht fällt an eis An. Do gëtt et da weider verschafft. Wéi ass et méiglech schaarf ze gesinn ?

Donneschden, 5. Februar 2015
Zweet Tournée: Schwaarz, wäiss, faarweg, duerchsiichteg
Verschidden Zorte vu Liicht falen an eis An. Resultat: Mir gesi Faarwen. Awer firwat sinn an der Nuecht all Kaze gro?

Donneschden, 26. Februar 2015
Drëtt Tournée: Lauschteren an héieren
Schallwelle rappen um Trommelfell. Wat fir eng Roll spillen d’Ouermuschel, d’Mëttel- an d’Bannenouer?

Donneschden, 12. Mäerz 2015
Café, Quetsch, etc.: Sprooch, Kaméidi, Musik
Bach, Beatles, Buermaschinn a Braddelen. Et wäert jo wuel en Ënnerscheed ginn!

Vun 18.30 bis 19.30 Auer an der Cafeteria vum ‚natur musée‘

Op fir jiddereen. De Musée stellt fir all Owend eng Attestation de participation aus.

Mat Ënnerstëtzung vun de Frënn vum ‘natur musée’ a.s.b.l.

Flyer eroflueden (pdf)

 

100komma7D’Carol Eicher an den André Mousset sinn och all zweeten Dënschden um radio 100,7 um 9.10 Auer (Rediffusioun um 19.10 Auer) mat hirer Emissioun “D’Physik vun de Sënner” ze héieren. Ganz an der Traditioun vum Galilei, schwätzen och si am Dialog iwwer op den éischte Coup komplizéiert Virgäng a maache se sou vill méi verständlech.

News @lu |