Theater fir Kanner vun 3-8 Joer beim Panda-Fest (15/9/2013)

Bieren-Poppentheater 2Am Kader vum Panda-Fest presentéieren den ‘natur musée’ an de Panda-Club d’Poppentheaterstéck “D’Geschicht vum klenge Bierchen, deen net schlofe kann” nom Billerbuch “Kannst du nicht schlafen, kleiner Bär?”. D’Geschicht gëtt erzielt a gespillt vum Carine Kayser.

De klenge Bier kann net schlofen. Hie fäert, well et däischter ass! De grousse Bier gëtt sech all Méi fir him ze hëllefen, mee dat ass net sou einfach!

 

Zilpublikum: Kanner vun 3 bis 8 Joer, Elteren

Dauer: ca. 35 min. Op Lëtzebuergesch

Wann: 13.30 Auer, 15.00 Auer a 16.30 Auer

Gratis Entrée. D’Plaze si limitéiert. Entréeskaarte ginn et beim Infostand virum Musée.

Wou: ‘natur musée’

News archives |