Praktesch Informatiounen

Umeldung

online iwwert d’Fiche um Internet: www.mnhn.lu/educatif/umeldung

 

 

Mir kontaktéieren Iech

 

am Laf vum Schouljoer a proposéieren Iech e Rendez-Vous op Grond vun äre Sujets-Wënsch an ärer Disponibilitéit.

Wéi leeft d’Visite of?

E Guide vum Service éducatifiwwerhëlt d’Klass, awer fir d’Disziplin muss den Titulaire suergen, bei dem och d’Responsabilitéit bleift.

Schwätzt de Choix vun der Visitë mat ärer neier Klass of, fir dass se net zweemol fir deeselwechte Sujet kënnt.

Eng Virbereedong ass net noutwendeg an och net erwënscht!

Zu verschiddenen Theme kréien d’Kanner am Musée en Aarbechtsheft, dat et erlaabt, de Sujet an der Schoul ze verdéiwen.

Wëllt Dir mat enger anerer Klass zesummekommen?

An deem Fall mussen déi 2 Klassen en Umeldeziedel eraschécken an den Numm vum Titulaire vun der 2. Klass uginn.

Wéini ?

Visite si méiglech tëscht 8:30 Auer a 17:00 Auer.

Méindes mëttes ass den natur musée zou.

Dir kënnt och am Musée eppes iessen oder am Gaart picknicken. Mellt Iech w.e.g.virdrun an der Cafeteria un: Tel: 46 33 33 – 303

Wéi laang?

Visiten am ‚natur musée’ an ‚Natur an der Stad’:   2 Stonnen

Dës Zäit kann bei Transportprobleemer ugepasst ginn.

Transport       -> all Informatiounen fannt dir op der Kaart

De Bus kritt am Gronn net gedréit a kann net an d’Rue Münster erafueren

Klammt bei der Kathedral um bvd. Roosevelt eraus an huelt de Lift um Helleg Geescht Plateau fir an de Gronn.

Dir kënnt och an der schaarfer Kéier vun Rue de la Tour Jakob (Clausen) erausklammen an zu Fouss bis an de Musée goen (+- 5 min)

 

Vun der Stater Gare aus braucht der ronn 15 Minutten zu Fouss, vun der Tréierer Strooss aus 7 Minutten  bis an den natur musée

Wat kascht dat?

Visite guidée : 55 €  pro Klass / Grupp,

D’Entrée an de Musée, Brochüren an Aarbechtsmaterial sinn am Präis abegraff.

Är Gemeng kritt dëse Montant verrechent; dir kënnt och selwer bezuelen, direkt an der Keess oder géint Rechnung un Iech adresséiert.

Uncategorized |